Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?
https://moien.lu/when-youre-dating-a-loser/

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill

kathleen bradley dating
https://moien.lu/when-youre-dating-a-loser/

i just have no interest in dating

Et ass dann elo scho fir déi zéngte Kéier wou

Kenns du d’Buergermeeschtere vun dëse Gemengen?
https://moien.lu/when-youre-dating-a-loser/

Kenns du d’Buergermeeschtere vun dëse Gemengen?

No de Gemengewahlen huet sech a ville Gemengen eppes gedoen.

Stärekrich… den Etienne schléit zréck

Vill Kritik un de Projeten „Spacemining“ a Weltraumfuerschung fuerdert eng kloer Äntwert

Stärekrich… den Etienne schléit zréck

Wéi den Etienne Schneider (LSAP) als Wirtschaftsminister op d‘Leeder geklommen ass fir d‘Hänn no de Stären auszestrecken, war hie sech bewosst, datt him net nëmmen Zousproch géif entgéint bruecht ginn. A mat der CSV-Fraktioun huet hien och e Kontrahent fonnt, deen him de Bass hält.

Et ass dann och net déi éischt Attack déi d‘CSV géint de Wirtschaftsminister lancéiert huet. Schonn an der „Iwwergangsphas“ zur neier Regierung, haten se op der Oppositiounsbänk d‘Messer gewetzt a sech iwwert déi „riskant Geschäfter“ hiergemaach. Et war an der Persoun vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar, wou sech der Kredibilitéit vum Minister a sengem Weltraumprojet ugeholl gi war.

Den engagéierte Politiker, hat sengerzäit dem Wirtschaftsminister de Virworf gemaach, ronn 12 Milliounen an de Sand gesat ze hunn. Woubäi hei manner den investéierte Montant u sech a Fro gestallt muss ginn – Risikokapital bleift Risikokapital – wéi de Choix vum „Partner“. Eng Firma déi hire Sëtz am US-Steierparadäis „Delaware“ huet, ass kee gléckleche Choix fir eng Investitioun.

An et war dann och op e neits de Laurent Mosar, dee gëschter d‘Gedecks nach emol ausgerëselt hat. Hien huet säi Plaidoyer mat der Feststellung ugefaangen, datt d‘CSV zu kengem Ament géint de Projet „Spacemining“ agetrueden ass, an dësen innovative Projet och haut nach stëtzt. Et wier eng gutt Reklamm fir d‘Land, och wann et den Ament nach u Konkretem feele géif. Esouwäit esou gutt.

Hei dréckt de Schong

Wann een esou ufänkt, gëtt et en Hoken, a fir de Laurent Mosar besteet dësen an der Form vun der Gestioun vun de Finanzen. Hien ass bleift iwwerzeegt, datt mat eppes Wäitsiicht an enger besserer Analys (vu Planetary Ressources) de finanzielle Verloscht hätt kënne verhënnert ginn. Dat ass esou sécher richteg, mee leider net vollstänneg. Den Etienne Schneider hat dozou och scho geäntwert…

Nei Weeër bestreiden, oder Iddien, och wann se bosseg sinn, mat zwee Hänn upaken, domatter mécht ee sech net nëmme Frënn. An mat engem Projet wéi dem „Spacemining“ wou d‘Risike gréisser si wei d‘Aussiichten op Erfolleg, schonn emol souwisou net. Woubäi Lëtzebuerg et u sech richteg ugeet, an hei net op kuerzfristeg Resultater setzt, mee mat Kooperatioune federéiere wëll.

Esou wäert et och kaum bei deenen 12 Milliounen Euro vu Planetary Ressources bleiwen. Hei muss och Geld a Missioune gestach ginn, déi méi Chancen hunn ze scheiteren, wéi datt se Aussiicht op Erfolleg hätten. Mee déi sinn scho wéinst den Erkenntnisser déi se liwweren, eng wichteg a richteg Investitioun, zumindest fir all déi, wou sech dem Projet bis zur Finaliséierung verschriwwen hunn.

Wann d‘Imperium konter-attackéiert

Den Etienne Schneider, deem dem Laurent Mosar seng Ënnerstellung „Amateurhaft ze agéieren“ eppes méi no gaangen ass, huet zolidd gekontert: „Dir ënnerstellt mir Amateurismus? Dat géif bedeiten, datt e Richard Branson (Virgin) oder Elon Musk (SpaceX) och Amateure sinn. Den Här Mosar hat sengerzäit d‘Initiativ ënnerstëtzt an elo wou et eppes enk gëtt, geet een op Distanz?“.

A well eng Ënnerstellung eng aner net muss verstoppen, huet de Wirtschaftsminister dem Laurent Mosar ze bedenke ginn: „Wann all Mënsch sech esou géif opféiere wei dir dat hei maacht, hätt et ni en Industriesecteur, eng Finanzplaz oder d‘Satellittegesellschaft SES zu Lëtzebuerg ginn“. Och dat ass natierlech iwwerspëtzt, mee den CSV-Deputéierten hat de Lastik och eppes iwwerspaant.

Wat déi versprachen Aarbechtsplaze betrëfft, déi de „Weltraumsecteur“ zu Lëtzebuerg schafe soll, esou ass et de LSAP-Parteipresident Franz Fayot, dee fir Kloerheet suergt. Et wieren iwwer 20 Gesellschaften/Betriber am Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. De Secteur géif ronn 800 Persoune beschäftegen, a kann op e Wuesstem vun 7% d‘Joer blécken. Dat ass jo awer och eppes.

Ähnlech Sujeten Chamber, Etienne Schneider, Krautmaart, Laurent Mosar, Oppositioun, Spacemining
Nächsten Artikel Virrechten Artikel