Search

You may also like

Deckkäpp sinn nees um Tour!
Neiegkeeten

Deckkäpp sinn nees um Tour!

Et sinn eis national Komiker, déi eis live an um

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?
Neiegkeeten

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een

Déif duerchootmen: Déi bescht Entspaanungsübunge bei Stress
Neiegkeeten

Déif duerchootmen: Déi bescht Entspaanungsübunge bei Stress

Zemools an dëser Coronakris bestëmmt de Stress eisen Alldag. Mä

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

D’Stäreschnäize sinn do – wënscht Iech eppes!

An enger Summernuecht den Himmel ze bewonneren ass net nëmme schéin, ma am August ass et och besonnesch. Leider hu mir den Héichpunkt vum Stärstäizestroum Perseiden e Mëttwoch schonn s verpasst. Aktiv sinn d’Stäreschnäize vu Mëtt Juli bis Enn August. Ma, och elo, de Rescht vum Mount ass e Bléck an den Himmel wäert, wann dësen net bewëlkt ass.

Zemools tëscht Mëtternuecht a 4 Auer moies, wa keng Wolleke stéieren, stinn d’Chance gutt e schnelle Schäin z’erblécken. Anscheinend si pro Stonn ongeféier 60 Schnäizen ze gesinn. Wien sech eppes wënsche wëll, soll dobäi am Beschten a Richtung Osten oder Nordoste kucken: Do geet nämlech Stärebild Perseus op. An nodeem sinn déi Meteore benannt goufen.

Chance, eng Stäreschnäiz ze gesinn, besteet iwwerall wou net mat Donnerwieder ze rechnen ass.

Stäreschnäizen

D’Stärebiller Perseus a Kassiopeia © AndreKo (CC BY-SA 3.0)

Dobäi schénge si aus dem Perseus ze entsprangen, mä d’Ursaach läit anzwousch anescht. Op hirer Bunn duerch d’Sonn flitt ons Äerd duerch eng Wollek vu klenge Koméitestécker, déi de Koméit 109PSwift-Tuttle op sengem Wee hannerlooss huet. Hien ëmkreest d’Sonn all 130 Joer, domat huet e schonn s vill Spueren hannerlooss. E gouf 1862 onofhängeg vum Lewis Swift an an Horace Tuttle entdeckt.

D’Perseide ginn och Tréine vu Laurentius genannt an trieden all Joer am August op. Mat 60 Kilometer an der Stonn sinn se nawell séier ënnerwee – ëmgerechent sinn dat 216.000 Kilometer pro Stonn. Déi meescht Meteoren verdämpen an eiser Atmosphär, et ginn awer Ausnamen. Heiansdo schloen se an oder stierzen an d’Mier.

Stäreschnäizen

© Joshua Earle / Unsplash

Wien eng Stäreschnäiz mat engem Wonsch verbënnt, sollt awer oppassen. Och Weltraumschrott fänkt un ze liichten, wann en op d’Äerd fält.

Also, sicht Iech eng schéin däischter Plaz, paakt en Decke mat a kuckt an den Himmel – Är Gedold gëtt sécher belount. Vill Spaass beim Zielen. An datt Är Wënsch an Erfëllung ginn!

Opmaacherbild © Austin Human / Unsplash

Related topics 109P/Swift-Tuttle, Astronomie, August, Himmel, Koméitestécker, Perseiden, Persus, Stäreschnäizen, Summernuecht, Tréine vu Laurentius, Wonsch
Next post Previous post