Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

STATEC: Wa wunnen d‘Leit zur Precaritéit féiert
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/steph-celebs-go-dating/

Laut dem STATEC, hätten d‘Menagen ëmmer méi oft Schwieregkeeten „d‘Enner

speed dating entrevistas
does elder scrolls online have matchmaking
Money Neiegkeeten

Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich

Dat huet et laang net méi ginn, datt eng US-Regierung

E chargéierte Regierungsrot
Money Neiegkeeten

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

speed dating entrevistas

Ginn d‘Start-up Entreprise vun der Politik vergiess?

Ginn d‘Start-up Entreprise vun der Politik vergiess?

Déi Lëtzebuerger Federatioun vun de Start-up Entreprisen (FLSU) ass besuergt, datt dës generell „mini“ Entreprisen, am Covid19-Stabilitéitspak vum Finanzminister Pierre Gramegna (DP) kéinte vergiess ginn. Elo huet d‘Generalsekretärin vun der FLSU, Elodie Trojanowski, en Appell lancéiert.

Si fënnt datt et schued wier, wann et keng ugemoosse Léisunge fir dës Entreprisen/Entrepreneure géif ginn. Zudeem géif et d‘Land an ee schlecht liicht réckelen, wou sech Lëtzebuerg jo awer op der internationaler Bühn gären als „Start-Up Nation“ presentéiert. Sollt d‘Regierung hei keng Mesuren ergräifen, misst een no der sanitärer Kris alles nees op „Ufank“ setzen. Dat soll verhënnert ginn.

An tatsächlech, wann ee sech d‘Formulairen ukuckt, stellt ee séier Fest datt et fir d‘Start-up Entreprisen näischt gëtt. Am noosten ass nach de Formulaire fir d‘Independanten, an hei ass et erfuerderlech eng Rei Konditiounen ze erfëllen, ënnert anerem e Betrib ze sinn, deen duerch d‘Veruerdnung „zou ze maachen“ betraff ass, an et muss een en Ëmsaz vu 15.000 Euro noweisen.

Dës zwou Konditiounen erfëllen déi mannste Start-up Entreprisen an et ass dësen och net domadder gehollef, datt ee seng Cotisatiounen an d‘TVA zäitlech verschibe kann. Och eng Bankgarantie fir e Kredit ass kleng adequat Léisung. Zudeem dierf een drop hiweisen, an do huet d‘Elodie Trojanowski absolut Recht, datt een déi vun der SNCI zu 80% garantéiert Kreditter och kréie muss.

E Fonds kann hëllefen

Hei verhält et sech traditiounsgeméiss esou, datt d‘Ufroe vu Start-up Entreprise vun engem Comité musse validéiert ginn, wat déi wierklech guer net gäre maachen. A vill weider Méiglechkeeten erëffnen sech de Start-up Entreprisen net. Eng realistesch Léisung, esou d‘Elodie Trojanowski, wier ee Fonds deen de Start-up Entreprisen dediéiert ass, an d‘Aarbecht vun dësen ënnerstëtzt.

Et muss ee wëssen, dat mam Ausbroch vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, den Start-up Entreprisen d‘Geldquellen abhande komm sinn. Si finanzéieren sech oft iwwert de sougenannte „Crowdfunding“ an deen ass a Krisenzäiten immens lues, fir net ze soen „agebrach“. Fir déi ronn 400 betraffe Betriber wier eng Enveloppe vu 6 Milliounen opzebréngen.

Sechs Milliounen Euro fir 80% vun der Mass salariale sinn awer net genuch. Esou wënscht sech d‘FLSU vun der Regierung ee Fonds „early stage“ opzemaachen, en Instrument datt si an de leschten dräi Joer selwer entwéckelt hunn. Dësen Investitiounsfong vun 150 Milliounen Euro géif derzou bäidroen déi erfollegverspriechend Start-up Entreprisen ze preservéieren, esou d‘FSLU.

Illustratioun: © Franck V. / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Elodie Trojanowski, FLSU, Sanitär Kris, Start-up Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel