Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung
Money Neiegkeeten

CGFP mat éischter Kritik u Regierungserklärung

Knapp zwee Méint no de Chamberwahlen, huet de Premierminister Xavier

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck
Money Neiegkeeten

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck

Kaum e Sujet kritt esou vill Opmierksamkeet geschenkt, wéi d‘Situatioun

The Tame and the Wild an der Brasserie K116
Money Neiegkeeten

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Februar

money

Och d‘Start-up Entreprise kréie gehollef

Och d‘Start-up Entreprise kréie gehollef

Nodeems d‘FLSU (dat ass de Verband vun de Start-up Entreprisen) sech besuergt gewisen huet, datt Si am Covid19-Stabilitéitspakt vum Finanzminister Pierre Gramegna kéinte „vergiess“ gi sinn, gëtt et säitens dem Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) elo berouegend Wierder.

Deen huet gëschter an der Chamber, wou jo op en neits Mesuren ergraff goufe fir d‘Ekonomie vum Land ze erhalen, erkläert wéi hie gedenkt dëse mini Entreprisen eng gewëssen Zukunft ze sécheren. Dat wier, esou de Sozialist an eigentlech Wirtschaftsaffekot, ganz einfach, et muss ee just un ee puer Schrauwen am Gesetz zu den „innovativen Entreprisen“ dréien. Et brauch also net legiferéiert ze ginn. An dësem Gesetz ass jo festgehale ginn, dat dëse Secteur massiv vum Staat gestëtzt gëtt.

Da ka bis zu 50% vun hire Besoinen ausmaachen. Bis heihinner ware Start-up Entreprise verflicht iwwert aner Sourcen déi aner 50% vun hire finanzielle Besoinen opzedreiwen. Mee Mäzenat oder Crowdfunding ass ënnert de bekannten Ëmstänn kaum ugesot, firwat de Minister entscheet huet déi staatlech Hëllef op 70% ze héijen. Esou soll et hinnen erméiglecht ginn de Business-Plan anzehalen och wann natierlech déi substantiell Hëllef, net de Betrag vun 800.00 Euro iwwerschreiden dierf.

Weider heescht et, datt d‘Hëllef fir d‘Innovatioun mam Stabilitéitspak ka cumuléiert ginn, also och si hir Cotisatiounen a Steiere kënne verschiben an/oder op d‘Staatsgarantië fir e Kredit zréckgräifen dierfen, net awer op déi gëschter beschlossen Hëllefe vir Entrepreneuren, liberal Beruffer an Independanten. Dem Minister seng Parteifrëndin, Tess Burton, huet de Plaidoyer fir d‘Start-up Entreprise gehalen. Si ass vum Stéphanie Empain (déi gréng) a Marc Baum (déi lénk) gestäipt ginn.

Hale mir nach kuerz fest, dat „d‘Haus vun de Start-up Entreprisen“ (HOST) sech mat der Stad Lëtzebuerg drop konnt verstännegen, datt de Loyer an de 4 Inkubatoren déi si initiéiert huet, fir de Mount Abrëll ëm 50% gekierzt gëtt. Ob dat alles schonn duer geet, fir hiert Iwwerliewen ze garantéieren? Kaum, well déi ze erwaardend Wirtschaftskris, déi jo bekanntlech déi vun de Banken initiéiert Kris ëm Längten iwwertreffe soll, wäert mat deene meeschte kuerze Prozess maachen.

Illustratioun: © Ali Yahya / unhsplash

Ähnlech Sujeten Finanzhëllef, FLSU, Fränz Fayot, Start-up, Start-up Natioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel