Search

You may also like

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie
Neiegkeeten

Och d‘Belsch ginn sech eng Exit-Covid19 Strategie

Et soll eng konstruktiv a fir all d‘Bedeelegt zefriddestellend Sëtzung

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist
Neiegkeeten

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist

Fir de President vun der „Islam-Partei“, Abdelhay Bakkali Tahiri, deen

STATEC: 4 Cyclisten sinn déidlech blesséiert ginn (2016-2018)

STATEC: 4 Cyclisten sinn déidlech blesséiert ginn (2016-2018)

D’Cycliste liewe geféierlech op eise Stroossen. Dat beweisen déi aktuell Zuele vum STATEC, déi eis elo matgedeelt goufen. Deemno hu 4 Vëlosfuerer an den 3 leschte Joren hiert Liewe gelooss, 58 Persoune goufe schwéier blesséiert. Sollten dës Zuelen eis net alarméieren?

Generell maachen d’Cyclisten 3% vun allen Affer bei den Accidenter aus. Erschreckend ass dobäi, datt 5% vun allen déidlech Blesséierten op eise Stroossen um net-motoriséierten Zweerieder souzen. Vun 2016 bis 2018 konnten 189 Accidenter gezielt ginn, woubäi 159 Mol Männer betraff waren. An der Moyenne haten déi accidentéiert Cyclisten een Alter vun 43 Joer an 80% ware Residenten aus dem Grand-Duché.$

Cyclisten

© STATEC

Wien op de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel zeréckgräift deet sengem Kierper an der Ëmwelt eppes Guddes. Allerdéngs ass dës Aktivitéit oft un déi meteorologesch Konditioune gebonnen, woubäi d’Majoritéit vun alle Cyclisten déi summerlech Saison virzitt. Domat klëmmt och d’Zuel vun den Accidenter. D’Pick vun der Statistik mëscht hei de Juli aus: 36 Cyclisten si blesséiert ginn.

Déi elle Virfäll sinn dobäi déi ganz Woch iwwer geschitt. Et muss een allerdéngs soen, datt 69% vun den accidentéierte Cycliste matten an der Woch ee Schuet erlidden hunn. Mam Vëlo op d’Schaff ze fueren ass duerch schlecht ausgebaut, zougestallt oder eréischt guer net virhanden Vëlosweeër immens geféierlech. D’Statistik beweist, datt virun allem Moies, tëscht 6:01 an 9:00 Auer, sou wéi tëscht 16:01 an 19:00 Auer geschéien déi meescht Accidenter (24 an 45 Stéck).

Cyclisten

© STATEC

Wann et scho bei der Virstellung wéi deet

D’Kantoner Esch-Uelzecht an d’Stad Lëtzebuerg hunn, mat 47%, déi meescht accidentéiert Cycliste gezielt. Allerdéngs muss een heizou och soen, datt an de Kantoner Klierf a Réiden zwar „Just“ 3, respektiv 6 Affer gemellt gi sinn, dofir sinn dës awer och méi uerg blesséiert ginn.

Cyclisten

© STATEC

Tëscht 2016 an 2018 si 4 vun 10 Vëlosfuerer op enger Kräizung verletzt ginn. Gezielt ginn nach 23 Affer duerch frontal Kollisiounen, 21 Chutten op Eegeverantwortung a 17 Affer bei Iwwerhuelmanöver oder Spurwiessel. 7 Cyclisten si mat engem Foussgänger zesumme getraff a 5 Persoune sinn an eng oppen Autosdier gerannt.

Geet et ëm d’Delikter am Trafic, da stinn d’Vëlosfuerer net vill besser do, wéi aner Persounen am Stroosseverkéier. Ganzer 40% vun de Cyclisten hu sech nämlech net nom Code de la Route verhalen, vis-à-vis vun 59% bei de véierriedrege Kollegen. Am ëftsten ass d’Sécherheetslinn iwwerschratt ginn, et ass een am Contresens gefuer oder et ass net richteg iwwerholl ginn. Ganzer 3% vun de Cycliste stounge souguer ënnert Afloss vun Alkohol.

Promillegrenz och fir Vëlosfuerer

Wien an Europa ënnert Alkoholafloss mam Drotiesel fiert, dee sollt och d’Promillegrenz a sengem Land kennen. De Wäert dierf soumat, wéi och bei den Autofuerer, net de wäert vun 0,5 Promill iwwerschreiden. An Éisträich läit d’Grenz bei 0,8 Promill, eng Strof kascht dofir awer och direkt 800 €. A Polen kann ee fir besuddelt Vëlofuere souguer an de Bing kommen.

Genau Zuelen an Detailer vum STATEC fannt Dir HEI.

Related topics Accidenter, Cyclisten, Mam Vëlo op d'Schaff, Statec, Vëlosweeër
Next post Previous post