Search

You may also like

EU-Sommet: Staats- a Regierungscheffe fir de Klima
Neiegkeeten

EU-Sommet: Staats- a Regierungscheffe fir de Klima

Bis spéit an d‘Nuecht eran hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vun

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm
Neiegkeeten

Winterlights 2019 – En zolidd faarwege Programm

De Knuedler an d‘Plëss dierften nees déi zentral „Hot-Spots“ vum

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel

En Donneschdeg huet de Statec en neie Rapport zur demographescher Entwécklung erausginn, an aus dësem geet ervir, datt mir zum 1. Januar 2019 zu Lëtzebuerg 626.100 Awunner waren. Dat sinn 2% méi wéi 2018 an 22% méi wéi nach 2011, wou mir zu Lëtzebuerg nach zu 512.400 waren.

Op dësen Trend sech och a Covid19-Zäite weiderféiere léisst ass net direkt aus dem Statec-Bericht erauszeliesen. Ugesiichts dem katastrophalen Zoustand vum Wunnengsmaart allerdéngs, schéngen sech mëttlerweil ganz natierlech Barrière fir den demographesche Wuesstem opzedoen. D‘Salaire ginn erof, d‘Loyere wuessen onermiddlech an net emol mat engem gudde Job ass dëse bezuelbar.

Interessant dann awer, datt eist Land net eleng iwwert den Ëmwee vun der Zouwanderung wiisst. Esou hunn 2019 d‘Gebuerten d‘Stierffäll zolidd iwwertraff: 6230 Gebuerte géintiwwer 4.283 Stierffäll, ass eng zimmlech erfreelech Noriicht. Gutt et sinn elo net grad déi gutt situéiert a sech selwer als „Stack-Lëtzebuerger“ bezeechnend Leit, déi sech hei besonnesch ervirgedoen hunn.

Mee leider ass den Trend nach ëmmer net gutt. D‘Gebuerten si weiderhi réckleefeg an den Taux vun 1,34 Kanner pro Menage net zefriddestellend. Zudeem kréien d‘Fraen – meeschtens aus beruffleche Grënn – am Schnëtt dat éischt Kand mat 31 Joer. Mee Kanner sinn deier, brauche Plaz (déi et net gëtt) a generell hu besser gebilte Mënsche mat héijem Akommes „manner“ Kanner.

An awer hunn déi Mënsche mat Lëtzebuerger Nationalitéit nach liicht d‘Nues vir. Woubäi mat 52% sollt een elo och net méi vun enger Majoritéit schwätzen. D‘Portugise stellen déi gréisste Fraktioun ënnert den „Net-Lëtzebuerger“ (15,2%) gefollegt vun de Fransousen, Italiener an de Belsch. Alles Mënschen déi zum BIP bäidroen, awer net wierklech ee politescht Matsproocherecht hunn.

Flott ass och, datt eis Liewenserwaardung nees eppes geklommen ass. Eis Damme ginn am Schnëtt 84,5 Joer al, d‘Männer hunn es am Schnëtt mat 80 Joer genuch. Wann dat esou bleiwe soll, muss awer eise Gesondheetssystem besser opgestallt ginn. Besonnesch eis Generaliste fänken un al ze ginn an neier op Lëtzebuerg lackelen ass net méi esou einfach wéi soss. Jo et geet ëm Wunnraum…

Annex: Lëtzebuerg an Zuelen

Illustratioun: Mir bréichte méi Gebuerten… ob sech dank Lockdown a Confinement do eppes gedoen huet? Bis zum Fréijoer 2021 sollt et dorop eng Äntwert hunn © Carlo Navarro / unsplash

Related topics Demographie, Gebuerten, Liewenserwaardung, Statec, Wuesstem
Next post Previous post