Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI
Neiegkeeten

Bedeelegt iech un de Gespréichsdëscher vun der ASTI

D‘ASTI invitéiert all interesséiert Persounen, sech un de Gespréichsdëscher a

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt
Neiegkeeten

Findel: S.A.R. de Groussherzog huet sech d’Teststatioun ugekuckt

Grad fir d’Vakanzenzäit huet ee sech drop preparéiert, datt d’Infektiounszuelen

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 3
Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 3

Nëmmen duerch üben gëtt een zum Meeschter. Dat stëmmt och

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %

STATEC: Den Index bleift bei 1,8 %

Wéi STATEC elo matdeelt, ass den Index op de Präisser fir den nationale Konsum vu Juni op Juli 2019 ëm 0,7 % zeréck gaangen. Wéi all Joer ass dëse Fait duerch d’Summersolden, an déi domat verbonne Reduktioun op de Präisser ze erklären. Léisst een elo d’Variatiounen duerch d’Solden an d’Petrolspräisser bei Säit, esou sinn d’Präisser vun anere Wueren a Servicer ëm 0,2 % geklommen.

Solden op Kleedung, Miwwelen a Co

D’Solden am Juli maachen sech bemierkbar. Am Beräich vun der Kleedung a Schong sinn d’Präisser ëm 13,8 % erofgaangen. Natierlech ginn esou och aner Beräicher beaflosst, wéi beispillsweis Miwwelen (-2,5 %) an Effets Personnels (-4,7 %). Generell ginn dës Wäerter am nächste Mount nees neutraliséiert, den Index geet nees zeréck op den Niveau, dee virun de Solde geherrscht huet.

Index

Kraaftstoffer

No enger kurzer Baisse am Juni bei am Beräich Petrol stoung am vergaangene Mount nees eng Hausse un. D’Präisser hunn nämlech un 0,5 % zougeholl. Virun allem de Mazout ass ëm 2,8 % eropgaangen. Un der Tankstell mussen Automobilisten 1,3 % pro Liter Diesel an 0,2 % pro Liter Bensin méi blechen. Vergläicht een dës Zuele mam Juli 2018, esou leien d’Präisser vum schwaarze Gold ëm 2 % ënnert deene vum leschte Joer.

Vakanz

Bei de Reesen ass den Impakt am Juli wuel am Gréissten. Mat de summerleche Schoulvakanze sinn d’Präisser ëm 7,8 % an engem Mount geklommen. Wie mam Fliger verreest, dee muss souguer 25,5 % méi op den Dësch leeën, wéi am Juni.

Liewensmëttel

Bei de Liewensmëttel erliewe mir am Juli eng Hausse vun 0,3 % am Verglach zum Mount virdrun. Zemools de frësche Fësch huet mat engem Plus vun 3,5 % drageschloen. Mee och d’Gromper huet um Präis 1,9 % zougeholl. Pünktlech zum Summer ass allerdéngs de Präis op de Glacen ëm 3,1 % gesonk, bei frësche Friichten ëm 0,4 %. Am Verglach zum leschte Joer ass een 1,6 % geklommen.

Index

Déi jäerlech Inflatioun bleift soumat am Juli 2019 bei 1,8 %. De generellen Index vum Juli läit bei 104,83 Punkten. Déi semestrielle Moyenne vum Index, déi op Basis vum 1. Januar 1948 opgeholol gëtt, ass vun 868,48 op 870,38 Punkten eropgaangen. Déi nächst Indextranche gëtt ausgeléist, wann 873,94 Punkten erreecht gi sinn.

Ähnlech Sujeten Bensin, Diesel, Fliger, Index, Kleedung, Kraaftstoff, Präisser, Solden, Statec, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel