Search

You may also like

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL
Neiegkeeten WTF

Keng Sortie aus der Kris ouni den OGBL

Et war déi éischt Sëtzung vum Nationalvirstand vun der gréisster

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)
Neiegkeeten WTF

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)

Lëtzebuerg huet sech an déi kommerziell Notzung vun de Weltraumressourcen

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!
Neiegkeeten WTF

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!

Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës

surprise

Alles eng Fro vun der Interpretatioun

Interessant: STATEC stellt fest datt 2020 méi Leit gestuerwe sinn wéi déi aner Joren

Alles eng Fro vun der Interpretatioun

Bei eisem staatleche statisteschen Déngscht (STATEC) ass ee stramm beméit eppes zur Covid19-Pandemie bäizedroen. Esou gëtt gesammelt, evaluéiert, interpretéiert a verëffentlecht. Dat trëfft och op d‘Stierwen zou, besonnesch wann een déidleche Virus seng Ronnen dréint a Politik a Wirtschaft gläichermoossen iwwerfuerdert. An esou hunn se beim STATEC ee Rapport „Virgezunn“…

Wann et elo richteg ass, datt et gemengerhand kee Bericht vum STATEC zum Joresenn gëtt, esou datt dem Fait geschëlt, dat dës Zuelekënschtler de Kalenner net nëmme beherrsche mee wuel och bestëmmen an eigentlech all an der Vakanz wieren. Gutt Vakanz an deem Sënn fält aus an esou blöd sech am Homeoffice Congé ze huelen, ass och beim statisteschen Déngscht keen esou wierklech.

Dat awer kann een esou natierlech och net soen, firwat et dann do heescht, datt een sech den Zuelen zur Mortalitéit am Land zäiteg ugeholl hätt, well et eng mega grouss Demande aus dem Vollek soll ginn hunn. Dat allerdéngs gefillt zanter néng Méint kee méi den Telefon beim STATEC ophieft ass rengen Zoufall. Wéi och ëmmer, iergendengem ass et gelongen eppes zu dësem Thema ze fannen.

Fir sécher ze goen, datt een heibäi näischt mécht wou kéint bestridde ginn, ass sech op d‘Zuele vu jeeweils den éischten 10 Méint baséiert ginn. Dat heescht also och déi dräi éischt Méint 2020 ouni Covid19-Mortalitéit. Op déi lescht fënnef Joer bezunn, kéint een dann och net wierklech vun enger grousser Iwwerstierflechkeet schwätzen, heescht et vum STATEC, mee den Hoke läit am Detail…

Net schlecht

Ze behaapten, datt et dëst Joer net besonnesch méi Stierffäll hat wéi soss déi Joren, ass dat eent, drop hinzeweisen, datt wann ee gewësse Periode matenaner vergläicht, sech eng „Entwécklung“ géif bemierkbar maachen dat anert, an dës rhetoresch Form ass esou gewielt, datt den „einfache“ Bierger mental an d‘Schleidere kënnt. Well datt de STATEC eng „Hausse tëscht Enn Mäerz an Ufank Abrëll“ festgestallt huet, dat muss een dann elo awer emol eppes méi genee analyséieren.

De Grond – a jo och dat kann s de net erfannen – ass denkbar einfach: D‘Doudesursaachen si bis ewell nach net analyséiert ginn, well een dofir déi vollstänneg Date vun 2020 brauch. Hei erkläert engem de Chef Demagog (dat ass kee Schreiffeeler) vun der „Unitéit Populatioun & Logement“ datt iergendee Beamten sech vill Aarbecht gemaach huet fir eppes erauszefanne mat deem näischt unzefänken ass. An elo déi allerbeschten: et ass dat eenzegt wat an dësem Kontext Sënn mécht.

Laut dem François Peltier nämlech, stierwen déi meeschte Mënschen net an den éischten 10 Méint vum Joer, mee am November an am Dezember. Domadder wier zumindest gekläert, datt een déi elo virgeluechten Zuelen och net publizéiere muss, se goufe perséinlech vum Chef de Service schonn dementéiert. Mee natierlech geet een och beim Statec dovunner aus, bezunn op d‘Covid19-Pandemie, datt den Taux bei der Mortalitéit schonn iwwert deene vun de Virjoer leien dierft. Mee gutt, méi dozou 2021…

Illustratioun: © Sebastien Goldberg / unsplash

Related topics Covid19-Statistik, Iwwerstierflechkeet, Mortalitéit, Provisorium, Statec
Next post Previous post