Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an
Am Kader vun der Orange Week, déi vum Ministère fir
Aus enger Etüd vum Statec geet ervir, datt eng Famill mat zwee Kanner, déi iwwert grad esouvill Akommes verfüügt, datt et duer geet fir en anstännegt Liewen ze féieren, en Drëttel manner Geld zur Verfügung huet, wéi en duerchschnëttlechen Haushalt.
A der Publikatioun „Regards #12“ stellt de Statec fest, datt eng hypothetesch Koppel ouni Kanner, déi bei beschter Gesondheet ass an de ëffentlechen Transport benotzt, iwwer 2.707 Euro verfüge muss, fir en dezent Liewen ze féieren. En elengerzéienden Erwuessene mat engem Kand vu 14 Joer bräicht der 2,724.
Bei enger Koppel mat zwee Kanner sinn 4.079 Euro néideg, wann een erwaart, datt déi Famill hir Grondbedierfnesser gedeckt kritt, an aktiv um gesellschaftleche Liewen deel hëlt. Mee och bei Leit déi eleng Wunnen, also de klassesche „Single“, läit de Referenzbudget: fir e Mann bei 2.004 Euro, fir eng Fra bei 1.988 Euro.
Interessant an der Etüd, wéi d‘Kalkulatioun opgestallt gëtt. Fir beim Beispill vun der Referenz Famill (2 Erwuessener mam qualifizéierte Mindestloun vun 2.398 Euro, engem Bouf vun 10 Joer an enger Duechter vu 14 Joer) ze bleiwen, a wou se all „gesond“ sinn, gëtt op d‘Ausgabe gekuckt.
Déi gréissten Depense stellt de Loyer duer. Laut Statec misst dës Referenz-Famill fir eng Wunneng am urbane Beräich 1.542 Euro opbréngen. De Statec hëlt hei och un, datt de gréissten Undeel u Moolzechten an der Kantin zou sech geholl ginn, a meeschtens just owes doheem giess gëtt. Fir d‘Ernährung missten esou nach 922 Euro opewannt ginn.
Fir Hygiènesartikel berechent de Statec eng Ausgab vun 123 Euro. Dat ass séier wéineg fir en Haushalt mat véier Persounen, mee begrënnt sech doduerch, datt een sech op de Wäert vu Produite baséiert, déi am Wuerekuerf fir de Präisindex (IPC) enthale sinn.
De finanzielle „Besoin“ am Kontext vun enger gesellschaftlecher Bedeelegung (Fräizäitaktivitéiten, Kultur, Sport, auswäerts Iesse goen oder Frënn zum Iessen alueden) gëtt mat 559 Euro beziffert. An dëser Berechnung, berécksiichtegt de Statec, datt d‘Famill sechs mol d‘Joer an de Restaurant geet.
De Statec huet a senger Etüd de sougenannte „Referenzbudget“ der „Aarmutsgrenz“ géinteniwwer gestallt. Hei ass et an éischte Linn drëms gaange festzestellen, op Mënsche mat engem Akommes um Niveau vun der Aarmutsgrenz hir Grondbedierfnesser stëllen an aktiv un der Gesellschaft deel huele kënnen.
An d‘Aarmutsgrenz zu Lëtzebuerg läit laut Statec bei 1.690 Euro fir eng Erwuesse Persoun. Aus der Etüd kann een enthuelen, datt fir all „Fall“ de Referenzbudget iwwer der Aarmutsgrenz läit. Dat bréngt mat sech, datt déi Persounen déi en Akommes hunn deen op der Aarmutsgrenz läit, hei zu Lëtzebuerg keen dezent Liewe féiere kënnen.
Et ass also, wann ee sech dëser Etüd uschléisst, ersiichtlech, datt déi 16,5% vun den Awunner, déi als „Aarm“ bezeechent musse ginn, vun der aktiver Bedeelegung un der Gesellschaft ausgeschloss sinn. Dat ass am Sënn vun enger wënschenswäerter sozialer Kohäsioun, an ugesiichts der jo awer gudder konjunkturelle Lag, politesch net vertrietbar.