Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Earth Overshoot Day“ – Elo hu mir d‘Ressource vun der Äerd fir d‘ganzt Joer verbraucht!
Money Neiegkeeten

„Earth Overshoot Day“ – Elo hu mir d‘Ressource vun der Äerd fir d‘ganzt Joer verbraucht!

Um haidege Méindeg, d‘Joer ass 210 Deeg al, huet d‘Mënschheet

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch
Money Neiegkeeten

Jonkt Liewen: Een Owend fir Erënnerungen an Opbréch

Wéi loossen sech Kandheets- an Erwuessenenerënnerungen literaresch erfaassen? A wéi

De Roboter als „juristesch Persoun“
Money Neiegkeeten

De Roboter als „juristesch Persoun“

Déi vergaange Woch hat d‘Europadeputéiert Mady Delvaux Stehres (LSAP) zu

money

Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie

De Kiermesméindeg 2020 wäert sech an d‘Anale vun der Geschicht aschreiwen

Erschwéiert Konditioune fir d‘Stater Braderie

Datt dëst Joer wéinst der Covid19-Pandemie näischt esou ass wéi mir et kannt hunn, an et wuel och nach länger dauere Wäert bis mir eis un déi Normalitéit gewinnt hunn, doriwwer léisst sech net méi streiden. An esou huet eis de Coronavirus net nëmmen d‘Schueberfouer an eigentlech de ganze Summer „versaut“, nee och un eise sonstegen Traditioune vergeet sech dës Infektiounskrankheet.

An de wirtschaftleche Schued, deen elo ewell deraart immens ass, datt jidderee gutt beroden ass sech op eng Wirtschaftskris vu ni gekanntem Ausmooss anzestellen, sollt eis ze denke ginn Datt déi allsäits beléifte Stater Braderie dann awer, wann och an enger ofgespeckter Versioun stattfënnt, ass zumindest e Beweis dofir, datt mir eis net alles huele loossen. Mee et gëllt d‘Oplagen anzehalen.

Esou ass d‘Braderie op de Kiermesméindeg vun 2020 eenzeg an eleng de Stater Geschäftsleit virbehalen. Politesch Parteien, Veräiner an ONGen, wéi och d‘Händler vun Auswäerts dierfen dëst Joer hir Stänn net opriichten. D‘Zuel vun de Stänn reduzéiert sech esou ëm gutt een Drëttel. Dat sollt dem lokalen Handel zerguttst kommen an fir Manner „Gedrécks“ an de Gaasse suergen.

An de Stroosse vun der Haaptstad gëtt et weder Gegrilltes nach Alkoholesches, firwat dann och d‘Restauranten dierften op Clientèle hoffen. Wien et trotzdeem virzitt säi Wippchen an de Patt an der frëscher Loft ze genéissen, muss de Wee bis op de Knuedler fannen. Hei gëtt ee „Food-Village“ opgeriicht, wou ee sech dem traditionelle Braderie-Maufel no Loscht a Laun zouwenne kann.

De Serge Wilmes (CSV), éischte Schäffe vun der Stad hätt sech dat alles och léiwer anescht, am Sënn vun der traditioneller Convivialitéit, virgestallt mee: „Et gëtt eng Braderie am Covid19-Format a mir hunn eis net licht gemaach. De Kompromëss war ee Mëttelwee tëscht sanitärer Sécherheet a méiglechst guddem Ëmsaz fir d‘Geschäftsleit ze fannen. Elo heescht et ofwaarden“.

Fir de jonken an engagéierte Politiker ass et verständlecherweis net méiglech sech op ee Pronostic anzeloossen, mee et dierf ee sécher sinn, datt hien zesumme mam Geschäftsverband an den Ekippe vun der Gemeng alles an d‘Wee geleet hunn, fir dat bescht aus enger beschwéierlecher Situatioun ze maachen. A jo, e Méindeg muss iwwerall ouni Ausnam och nach eng Mask ugedoe ginn.

Et wier schéin ze gesinn, wann dat d‘Leit net géif dovunner ofhalen, un der Traditioun festzehalen an si – dann ebe mat enger Mask virum Gesiicht – dem Virus d‘Stir géife bidden. Wou komme mir dann och hin, wa mir eis op eemol alles géifen huele loossen? Gutt, et muss een uecht dinn an dat ass och, wann ee sech sozial verhale kann, duerchaus eppes wat ee sech ofverlaange kann…

Illustratioun: Stater Braderie? Ma awer sécher! Mee net ouni meng Mask. © Zach Vessels / unsplash

Ähnlech Sujeten Food Village, Kiermesméindeg, Knuedler, Serge Wilmes, Stater Braderie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel