Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?
Kultur Neiegkeeten

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?

Lëtzebuerg huet zënter datt d’Land existéiert net grad wéineg Komponisten

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch
Kultur Neiegkeeten

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Während den „Dossier Traversini“ nach an der Maach ass, huet

Buchpresentatioun vun “Er nannte mich Mile”
Kultur Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun “Er nannte mich Mile”

Er nannte mich Mile vum Renée Stoll war fir mech

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020

D’Stater Braderie – Upassunge fir d’Editioun 2020

Duerch déi aktuell Pandemie huet d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat der UCVL verschidde Moossnamen op d’Been gestallt, sou datt d’Visiteuren um Méindeg, den 31. August 2020 mat rouegem Kapp op der traditioneller Stater Braderie vun de Promotiounen an Offeren profitéiere kënnen.

Fir d’Editioun 2020 wäerte just Stänn vun den etabléierte Geschäfter an der Haaptstad ze fanne sinn. D’Droe vun der Schutzmask ass obligatoresch – souwuel fir Verkeefer, wéi och fir d’Visiteuren. An den Etablissementer mussen d’Verkeefer selwer fir de Respekt vun de sanitäre Moossname suergen.

Esou wäert um Dag vun der Stater Braderie de Verkaf vun alkoholeschem Gedrénks am ëffentleche Raum verbuede sinn. Och Iessbuden wäert een an de Verkafsstroossen keng fannen. Op e gudde Maufel an eng Erfrëschung muss een awer net komplett verzichten: Am Food Village um Knuedler (fir d’Uewerstad), respektiv an der Rue Origer (fir de Garer Quartier) gëtt fir d’Wuelergoe vum kafwëllege Visiteur gesuergt.

A Saache Mobilitéit sief gewosst, datt d’Rue Origer an d’Avenue de la Liberté fir de Verkéier gespaart wäerte sinn.

Opmaacherbild © Artificial Photography / Unsplash

Ähnlech Sujeten Avenue de la Liberté, Food Village, Geschäfter, Knuedler, Promotioun, Rue Origer, sanitär Moossnamen, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stater Braderie, UCVL, Verkaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel