Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren
Neiegkeeten

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian

Déi nei amerikanesch Weltuerdnung (Analys)
Neiegkeeten

Déi nei amerikanesch Weltuerdnung (Analys)

Wat et u Verträg ze kënnege gëtt, hunn d‘USA gekënnegt.

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Neiegkeeten

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik

De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell Braderie stattfënnt, huet op neits – wéi eigentlech all Joer – nees dausende Leit ugezunn.

Déi meescht si komm, fir virum Enn vun der Schoulvakanz, sech no enger „gudder Affär“ ëmzekucken, bei de Stänn vu villen Organisatiounen iwwert hir Ziler ze erkënnegen, an de politesche Parteien hir Doleance virzebréngen.

An et gouf dann och vun allem: vu de Jeansbox fir 10 Euro, Reduktioune vu bis zu 70% op bal alles wat nach op Stock war, e gudde Maufel tëschenduerch oder e Patt ënner Frënn a Kollegen. Déi 89. Editioun vun der Stater Braderie, mat hiren 362 Stänn, hat villes ze bidden.

D‘Vendeuren an d‘Vendeuse waren dann och entspriechend beschäftegt. An esou muenchem Geschäft war et Zäitweis „enk“ ginn, wat de Schluss zouléisst, datt och d‘Geschäftsleit vun dëser „Braderie“ gutt profitéiere konnten.

Op der „Plëss“ an uechtert d‘Uewerstad haten sech d‘Organisatioune mat hire Stänn opgestallt, fir d‘Leit iwwert d‘Ziler vun den Associatiounen opzeklären. Och déi politesch Parteien, déi keng vun de Braderien ausloossen, hunn sech am Virfeld vun de Chamberwahlen dem Dialog gestallt.

Bewäertes erhalen, Neies ausprobéieren

An hei dierf een dann och feststellen, datt d‘Leit vill Froen a Fuerderungen un d‘Politiker hunn. Froen a Fuerderungen déi oft net hire Wee op offiziell Wahlveranstaltunge fannen. Do ass dann d‘Braderie och den Uert, wou de Wieler seng Doleance lass ka ginn.

Interessant och, datt de Geschäftsverband dëst Joer, d‘Promotioun vun de „Lëtzebuerger Createure“ gemaach huet. Fir vill vun hinnen – wéi beispillsweis Annes‘s Kitchen, OUNI, oder Wear Diversity – eng gutt Geleeënheet sech eppes méi bekannt ze maachen.

Eng weider gutt Iddi – déi hoffentlech bäibehale gëtt – war d‘Invitatioun vun e sëlleche Food-Trucks, déi sech bei der Paräisser-Plaz opgestallt hunn. Si haten enorme Succès, natierlech besonnesch an der Mëttegstonn, well et emol eppes „anescht“ ginn huet, wéi soss.

D‘Wieder war glécklecherweis och mat vun der Partie. Dat hat mueres fréi nach eppes anescht ausgesinn, huet sech awer scho viru Mëtteg nees vu senger beschter Säit gewisen. Esou konnten déi dausende Leit, nieft de gudden Affären, och de Méindeg ganz a Rou genéissen.

Titelfoto a Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Braderie, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel