Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!
Kultur Neiegkeeten

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Et kléngt verréckt an dat ass och. Datt ee sech

money
Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet eng positiv Kompetitivitéitsbilanz

Um Méindeg huet de Kompetitivitéit-Observatoire (ODC) d‘Resultater vum Bilan verëffentlecht.

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
Kultur Neiegkeeten

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

Well sech d‘Museksschoul mat engem Danz-Cours fir Jongen ervirgedoen huet, gouf ze ausgezeechent

Stater Conservatoire kritt Anne-Beffort Präis

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot huet dem Stater Conservatoire leschten Dënschdeg de Anne-Beffort Präis 2019 iwwerreecht. Den Direkter, Marc Meyers, huet bei enger Zeremonie op der gemeng a Bäisinn vun der Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun, Claudie Reyland, de Präis iwwerreecht kritt.

An datt et dëst Joer de Stater Conservatoire ass, deem de Präis zougewise ginn ass, huet vill, fir net ze soen alles, domatter ze dinn, datt et an der Sektioun „Bühnekonscht“ en Danz-Cours fir Bouwe gëtt. Esou huet d‘Chancëgläichheetskommissioun dann och dem Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot virgeschloen de Conservatoire bei senger Auswiel ze berécksiichtegen.

Fir de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot stellt dësen Danz-Cours dann och wierklech eng Chance duer, fir all déi Jongen déi sech fir Danz interesséieren, dëse Wee anzeschloen, ouni datt et grouss Gespréicher muss ginn. A wéi wäertvoll den Danz-Cours vum Conservatoire ass, hunn eng Rei Schüler déi sech am Ausland ervirgedoen hunn längst bewisen.

Agefouert gouf den Danz-Cours fir Jongen 2014, op Drock vum Laurence Scasselatti, der Cheffin vun der Sektioun Bühnekonscht, dat sengerzäit als „Pilotprojet“. Haut huet dëse Cours sech seng Plaz am Stater Conservatoire geschafen an esoulaang et Bouwe gëtt déi danze wëllen, wäert deen eis erhale bleiwen. An et ass egal wat sech den eenzelen dobäi denkt…

Foto: Charles Soubry / Fotothéik Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Conservatoire, Prix Anne Beffort, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel