Search

You may also like

Opgepasst Bedruch: Falsch Emailen am Numm vun der Douane!
Neiegkeeten

Opgepasst Bedruch: Falsch Emailen am Numm vun der Douane!

Momentan dreiwe Bedréier nees iwwert Email hiert Onwiesen a probéieren

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Neiegkeeten

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021
Neiegkeeten

SIREN’S CALL Festival verluecht op 2021

OPGEPASST: Duerch d’Decisioune vun der Regierung, datt am Kampf géint

Stater DP huet sech Zäit fir ee Bilan geholl

Eng Stad, déi wiist a wiisst

Stater DP huet sech Zäit fir ee Bilan geholl

Um Donneschdeg huet d‘Sektioun Lëtzebuerg vun der DP hire Bilan zu der geleeschten Aarbecht virgeluecht. En duerchaus positive Bilan, ugesiichts de groussen Erausfuerderungen deenen sech huet misse gestallt ginn. Déi amtéierend Buergermeeschtesch Lydie Polfer an hir Equipe aus dem Schäfferot dierfen dann och optimistesch viraus kucken.

Mat Häerz a Séil…

…awer besonnesch mat Freed wier geschafft ginn, esou d‘Lydie Polfer, déi zefridden op sechs Joer Stadentwécklung a Wuesstem zréckbléckt. Eng Chance an eng grouss Erausfuerderung, wann ee sech bewosst gëtt, datt d‘Stad Lëtzebuerg e Populatiounszouwuess vun 30% verzeechent. Eng Erausfuerderung, och duerch de wirtschaftleche Wuesstem. Hei muss een de Fait, datt 60% vun den Aarbechtsplaze mat de sougenannte Pendler besat sinn.

Do kommen d‘Infrastrukture schnell un hir Limitten an hei hat den amtéierende Schäfferot dann och eng éischt Prioritéit. Der Equipe ronderëm d‘Buergermeeschtesch war et also en Uleies, trotz de noutwendege Chantieren, d‘Liewensqualitéit net nëmmen ze erhalen, mee ze verbesseren. An do wier dann och fir jiddereen ersiichtlech villes realiséiert ginn.

Jugend a Famill

Grousse Wäert huet de Schäfferot op den Ausbau vun de Strukture gesat, déi an éischter Linn de Familljen an de Kanner entgéint kommen. Et goufen dräi nei Schoule gebaut, dat um Belair, zu Hollerech an a Clausen. Weider Schoulinfrastrukture sinn geplangt, woumat der previsibeler Entwécklung bis 2030 Rechnung gedroe gëtt.

De Kanner Chancen a Spillraum ze ginn, erfuerdert Mutt an Investitiounen. Mat enger ganzer Rëtsch u „Foyer Scolaire“, Crèchen a Jugendhaiser, net ze vergiesse Sportinfrastrukturen, ass dann och Geld an de Grapp geholl ginn. Geld dat erwisenermoosse gutt ugeluecht ginn ass, wéi een et beim Ausbau vum Conservatoire an der Museksschoul zu Bouneweg ka feststellen.

Eng Stad déi wiisst, brauch och Wunnraum

D‘Stad Lëtzebuerg ass net nëmmen attraktiv fir Entreprisen, mee zitt och ëmmer méi Leit un. Et gëtt sécher vill gutt Grënn, wouzou och déi kulturell Offer zielt. Et ass also vu Bedeitung, Wunnraum ze hunn an dat méiglechst fir jiddereen accessibel. Déi logesch Konsequenz: och de Logement ass prioritär behandelt ginn.

Mat iwwer 8.000 Baugeneemegungen (an et sinn der nach emol esouvill an der Maach) fir de Privatsecteur, gëtt dem Populatiounszouwuess Rechnung gedroen. Dat ergëtt sech dann och duerch déi sëlleche PAP‘en (Plan d‘Amenagement Particulier), déi am Gemengerot gestëmmt goufe. Mee d‘Stad Lëtzebuerg huet och eege Verantwortung geholl. Net nëmme mam Projet „Baulücken“ mee ganz gezillt duerch selwer Bauen.

[blocktext align=”left”]Bezuelbare Wunnraum an d‘Erhale vun der Mixitéit sinn de Garant vum soziale Fridden[/blocktext]

Bezuelbare Wunnraum an d‘Erhale vun der Mixitéit sinn de Garant vum soziale Fridden. D‘Projete sinn iwwer de ganzen Territoire vun der Stad verdeelt a berécksiichtege vill Aspekter gläichzäiteg. Wou et geet gëtt dann och kaf a renovéiert. Esou konnten ëm déi 170 Wunnengen nei Locataire fannen, a ronn 130 Logementer sinn am gaange frësch gemaach ze ginn.

E weidert Beispill ass dann och de Projet wou de Schäfferot ënnert der Bezeechnung „Groupement d‘habitat participatif“ lancéiert huet. Heifir sti bis elo zwee Terrainen zur Verfügung a wann et sollt en Erfolleg ginn, kënne weider Projeten opgeholl ginn.

Mobilitéit a Wuesstem zesummeféieren

Méi Mënschen déi an der Stad schaffen a liewen, sinn och fir d‘Mobilitéit eng zolidd Erausfuerderung. Bei der doucer Mobilitéit, Vëlos- an Trëppelweeër, wéi och den ëffentlechen Transport, ass et sécherlech eppes méi einfach ze plangen. Den Individualverkéier ass a bleift de gréisste Problem.

Mam Tram, dee sech schonn emol gewisen huet, erhofft sech d‘DP dann och eng richteg Verbesserung vun ëffentlechen Transport. Och déi nei Panneauen op de Busarrêten, steigeren de Confort a d‘Qualitéit. Eng besser Liewensqualitéit, duerch den Asaz vun Elektro-Busser ass och ze erreechen. Hei huet d‘Stad dann och nees Pionéieraarbecht geleescht an et gëtt drop higewisen, datt der nach 13 bestallt sinn. Et wäerten dann och net déi Läscht sinn.

Wichteg wier et awer, besonnesch an de Wunnquartieren, den Individualverkéier ze reduzéieren. Datt léisst sech och duerch d‘Geschwindegkeet steieren. D‘Lydie Polfer huet drop higewisen, datt bei 60% vun de Stroossen Tempo 30 agefouert ginn ass. Dat muss natierlech kontrolléiert ginn, läit awer net an der Hand vum Schäfferot. Ausser Fro steet, datt d‘Stad awer och weiderhi fir all Form vu Mobilitéit muss accessibel bleiwen.

Eng lieweg Stad

De Reproche, datt de Stadzentrum géif ausstierwen ass widderluecht. Hunn am Zentrum 2007 eppes iwwer 2.600 gewunnt, esou sinn dat der haut schonn 3.480. Well och déi Leit e Recht op en Auto hunn, ginn d‘Parkinge Knuedler an Aldringen (elo geschwënn Hamilius) erweidert.

Eng Stad lieft awer net vun den Awunner eleng. Esou ass och wichteg en A op d‘Geschäftswelt ze hunn. D‘Akafsgewunnechten ënnerleie wéi allem aneren och der Evolutioun. Där muss Rechnung gedroe ginn, wat mat enger Etüd an uschléissender Analys gelongen ass.

[blocktext align=”left”]De Koalitiounsaccord ass agehale ginn a dat wat net konnt gemaach, ass zumindest op de Wee bruecht ginn.[/blocktext]

Zu gudder Läscht ass dann och grousse Wäert drop geluecht sinn, déi besonnesch gutt Zesummenaarbecht mam Koalitiounspartner ze betounen. De Koalitiounsaccord ass agehale ginn a dat wat net konnt gemaach, ass zumindest op de Wee bruecht ginn. Heirauser kann een ofleeden, dat d‘Weiderféierung vun der Koalitioun eng reell Optioun ze sinn schéngt.

D‘Participatioun vun de Bierger bleift essentiell. D‘Bedeelegung un den Entscheedungen an d‘Abrénge vun Iddien huet sech bei villen Entrevuen a Reunioune positiv op d‘Entwécklung ausgewierkt. Doriwwer eraus ass ee verantwortlech mat de Finanzen ëmgaangen. Et si keng riskant Investitioune getätegt ginn, d‘Projeten déi ëmgesat goufe ware gedeckt, dat wat nach usteet ass am Budget zolidd verankert.

D‘Broschür zum Bilan gëtt ab dem 16. August verdeelt. Do gëtt am Detail nach eng Kéier op dat wichtegst higewisen. De Programm fir d‘Gemengewahl sollt uschléissend virgestallt ginn.

Foto: Méi wéi nëmmen eng Equippe, ass déi Stater DP en Team dat sech virgeholl huet fir méi Liewensqualitéit ze suergen © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics DP, Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post