Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Sarkozy: No der Garde à Vue kënnt d‘Uklo
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/

classified hookup

An der Enquête zum Verdacht vun der libescher Wahlkampffinanzéierung vum

https://moien.lu/how-to-start-a-dating-business-online/
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/

De mäerdereschen Taifun Mangkhut huet China erreecht

Nodeems et op de Philippinnen mindestens 64 Doudesaffer ze bekloe

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden
https://moien.lu/cancer-dating-site-uk/

Flott a wäertvoll: eng Ausstellung éiert d‘Wierk vum Abbé Gloden

Et ginn net vill Vernissagen, déi een emotional esou matrappe

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Stater Gemmengerot: Vill Sonn, wéineg Wolleken

Et war ze erwaarden: D‘Librairie Alinea war beim Stater Gemengerot en Thema. Hei freeën se sech iwwer déi positiv Entwécklung. Entgéint verschiddene Medieberichter gëtt awer och kloer gestallt, datt d’Stad Lëtzebuerg kee Loyer fir Commerçante subventionéiert. De Bedreiwer sengersäits huet sech offiziell vir déi moralesch Ënnerstëtzung bedankt a Bicherfrënn dierften sech dann och nach ee puer Joer iwwert dëse wierklech eemolege Buttek freeën.

Dat ass net déi eenzeg gutt Nouvelle: D’Stad Lëtzebuerg huet e Lokal fir kommerziell Zwecker ze verlounen – Dat a beschter Lag, sou de Patrick Goldschmidt (DP). Am Haff vum Kapuzinertheater sti 36 Qm Raimlechkeete mat 23 Qm Keller fräi fir jiddereen, deen eng gutt Offer verbonne mat engem flotte Projet ze bidden huet. Interessente sollten sech um Telefon (+352) 4796 2328 mellen.

D‘Rumeur vum Liwwerstopp widderluecht

Géint „Gebraddels“ ass kee Kraut gewuess, dat weess och déi Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP). Esou muss Si dann op Rumeure reagéieren, laut deenen op der Plëss net méi kéint geliwwert ginn. Dat ass totale Blödsinn, schonn eleng, well d’Restaurante scho wéinst dem Anhale vun der Killkette musse mam Camion beliwwert ginn. Et bleift also alles beim ale.

D’Schäffin Sam Tanson (déi gréng) bestätegt allerdéngs, datt ee puer Problemer Remedur verlaangen. Esou ass sech – net zu Onrecht – bei der Gemeng beschwéiert ginn, datt vill Liwwerungen no zéng Auer an der Foussgängerzone stattfannen. Fir deem entgéint ze wierken haten déi Verantwortlech vun der Gemeng eng Entrevue mat enger grousser Firma, fir op d’Anhale vun de Regelen hinzeweisen.

An der Entrevue ass dann awer och zur Sprooch komm, datt op deene Plaze, déi u sech geduecht sinn fir de ganzen Dag kënnen ze liwweren, oft Autoe stinn déi do näischt verluer hunn. Bei enger „Visite des Lieux“ huet sech dat bestätegt, wat d’Gemeng zwéngt mat Sanktioune géint déi onverstänneg Automobiliste virzegoen.dt

Weider Punkten am Iwwerbléck

  • Erfreelech Nouvelle bezüglech der éischter ëffentlecher Informatiounssëtzung zum Projet participatiivt Wunnen déi um Dënschdegowend am Cercle stattfonnt huet: Vill Interessenten haten de Rendez-vous ugeholl an et huet siechzeg Demandë gi vir ee Laaschtenheft ze kréien.

  • De PAG houng fir eventuell Reklamatioune vum 8. bis den 23. Mee am Reider aus. Des hu missen un den Inneministère adresséiert ginn. Bis haut sinn der ronn 150 un d’Gemeng weidergereecht ginn. D’Lydie Polfer wëll se sech mat hirer Equipe nach virun der grousser Vakanz ukucken. Och wann de Schäfferot grondsätzlech bei senger Linn wäert bleiwen, esou muss awer d’Positioun beim Ministère agereecht ginn. Gläiches muss och säitens der Kommissioun fir den Amenagement gemaach ginn. Duerno huet den Inneminister dann dräi Méint Zäit fir ze äntweren.

  • De Märeler Pavillon muss nei ausgeschriwwe ginn, wat awer wéinst engem klénge Retard bei den Aarbechten elo och net wierklech schlëmm ass. Mat der Erëffnung gëtt am November gerechent.

  • Den 18. Juni gëtt d’Zesummeliewe mat engem flotten Event gefeiert. Bei „Begéinung ouni Grenzen“ am Sportkomplex Boy Konen zu Zéisseng ass Sport, Spill a Spaass ugesot. Fussball, Beach Volley an een interkulturellt Fest an Zesummenaarbecht mam CLAE sollte fir ee schéinen Dag suergen. Méi Informatiounen ënnert rsf.lu

  • Wëll sech de Verkéier net nëmmen op der Strooss ofspillt, mee dat och um Trottoir an um Vëloswee a just de géigesäitege Respekt Sécherheet bedeit, lancéiert d’Stad Lëtzebuerg eng Sensibiliséierungscampagne: Vum 12. Juni bis den 9. Juli kënnen d’Leit ënnert respect.vdl.lu un engem Concours deel huelen wou et och Präisser ze gewannen gëtt. Des Aktioun gëtt an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, der Sécurité Routière an der Police organiséiert.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lydie Polfer, PAG, Patrick Goldschmidt, Sam Tanson, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel