Search

You may also like

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“
Neiegkeeten

Mamer TheaterContainer mat „In der Einsamkeit der Baumwollfelder“

Um Freideg, den 21. August fënnt d’Premiere vum Bernard-Marie Koltès

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt
Neiegkeeten

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Wann ee sech sollt dierfen drop verloossen, datt de Premierminister

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!
Neiegkeeten

Eng App fir faarweblann Persounen: Elo gëtt et faarweg!

Säi ganzt Liewe ass de Vincent Florentini scho faarweblann. Mat enger

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst erwaart ginn ass: Mam Stater Mobilitéitsdag gëtt den Iwwergang zur Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg mat engem décke Programm un Aktivitéite gefeiert. Gläichzäiteg gëtt den Dag genotzt, fir op der Plëss den Infobus, een Informatiounsguichet zum ëffentlechen Transport an der Stad, anzeweien.

Un Animatioun, Concerten, guidéierte Visitten an aneren Aktioune sollt et um Stater Mobilitéitsdag net haperen. Ënnert anerem kann een un enger Rallye deelhuelen, fir esou d’Offer vum AVL, wéi och déi elektresch Bussen, de City Shopping Bus, de City Shuttle, den AVL-Kommandoposten, d’Ateliere vum Busservice oder och den Tramsmusée kennenzeléieren. Belount ginn d’Participante mat super Präisser.

Wien ee Bléck hannert d’Kulisse vum Stater Bus-Service kréie wëll, dee sollt un der guidéierter Visitt um Site zu Hollerech deelhuelen. Presentéiert gi beispillsweis d’Kommandoposten an d’Atelieren, wärend de Visiteur am Tramsmusée eppes zur Geschicht vun ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gewuer gëtt.

D’Mëschung mécht et

Wëll een am Groussherzogtum vun der Plaz kommen, kënnt ee laanscht d’Kombinéiere vu verschiddenen Transportmëttel wuel net dolaanscht. Et gëllt also seng Mëttel ze kennen, se richteg anzesetzen an esou schnellstméiglech vun A no B ze kommen. Aus dësem Grond proposéiert de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) d’Decouverte vun eiser wonnerbarer Mobilitéit, andeems vum Bus, dem City Shuttle, dem Zuch, dem Funiculaire an dem Tram all Mëttel integréiert gëtt. Depart ass um 11:15 Auer, 13:15 Auer a 15:15 Auer op der Plëss.

Net nëmmen all Transportmëttel, mee och all Alter soll um Stater Mobilitéitsdag abezu ginn. Iwwert den Dag verdeelt gi fir déi ganz Famill Concerten, Animatioun an Atelieren ugebueden. Fir de klengen oder groussen Honger ze bändegen, wäerte Food Trucks prett stoen.

D’Stad Lëtzebuerg réit alle Visiteuren um Hin- a Réckwee vum – da gratis – ëffentlechen Transport ze profitéieren. D’Linn 17, sou wéi de City Shopping Bus fueren tëscht dem P+R Bouillon, dem Glacis an dem Stadzentrum all 7 bis 10 Minutten (vun 10:00 bis 18:30 Auer).

Stater Mobilitéitsdag

De komplette Programm mat de geneeën Auerzäiten a weidere wichtegen Informatiounen, fannt Dir ënnert vdl.lu.

Related topics AVL, Bus, Funiculaire, Gratis, Gratis Ëffentlechen Transport, Infobus, Mobilitéit, Stater Mobilitéitsdag, Tram, VDL, Zuch
Next post Previous post