Search

You may also like

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen
Neiegkeeten Sport

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
Neiegkeeten Sport

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck
Neiegkeeten Sport

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

An engem Schreiwes dat haut vum Wäissen Haus publizéiert ginn

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!

Naasse Spaass: D’Stater Schwämmen maachen erëm op!

D’Stad Lëtzebuerg wëll d’Ëffentlechkeet doriwwer informéieren, datt d’Badanstalt (Rue des Bains 12), souwéi d’Schwämm zu Bouneweg (30, rue des Sigismond) an d’Schwämm um Belair (14, rue d’Ostende) ab dem Dënschden, de 15. September 2020 nees fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn.

Fir d’Sécherheet vun de Besicher ze garantéieren, goufen an allen Ariichtungen eng Rei vun Hygiene- an Verwaltungsmoossnamen an Ugrëff geholl:

Hygiene:

  • Op zouene Plazen gëllt et den Ofstand anzehalen. Vun dohier ass och Mondschutzpflicht; an zwar vun der Entrée bis an de Vestiaire.
  • Infrastrukturen vum Typ “Wellness” ewéi Sauna, Whirlpools, Fitnessraim, Bidden, kollektiv Vestiairen, asw bleiwen bis op Weideres zou.
  • D’Waassercoursen fir Gruppen dobannen falen aktuell ewech.
  • Vestiairen an Duschen ginn no all Gebrauch desinfizéiert.

Reservatioun:

Fir Waardeschlaangen a Versammlunge vu Persounen ze vermeiden, sinn d’Bassengen nëmmen op Reservéierung a mat Zäitfënster vun zwou Stonnen zougänglech (zum Beispill vill 8.00 bis 10.00 Auer). Wann net reservéiert ginn ass, gëtt de Visiteur net akzeptéiert.

D’Kapassitéite sinn op 20 Persoune pro Zäitfënster an der Badanstalt ageschränkt. Bouneweger Schwämm ass op 32 Persoune begrenzt, dovunner si 24 Plaze fir de grousse Baseng an 8 Plaze fir de klenge Baseng geduecht. Fir d’Schwämm Belair gëllen 30 Plazen, 20 si fir den Haaptpool an 10 Plaze fir dee Klengen.

Reservatioune fir d’Schwämm gi via Telefon vun de verschiddene Receptiounen ugeholl:

  • Badanstalt  : 4796-2550
  • Piscine de Luxembourg-Bonnevoie : 4796-3471
  • Piscine de Luxembourg-Belair : 4796-4982

D’Reservéierung ass op déi aktuell Woch begrenzt. Méindes kann e just an engem Zäitfënster bis nächste Méindeg reservéieren. Och kann e Benotzer just en Zäitfënster reservéieren.

Reservéierunge kënnen nëmme fir maximal 4 Persoune gemaach ginn, d’Reservéierung vum Uruffer ass do mat abegraff.

Related topics Badanstalt, Basseng, Bouneweger Schwämm, Hygiène, Reservéierung, Schwämm Belair, Spa, Stater Schwämmen, Waassercours, Wellness
Next post Previous post