Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no
Neiegkeeten

Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no

Russland ass a bleift en interessante Wirtschaftspartner. Déi Lëtzebuerger Regierung

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?
Neiegkeeten

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Wat richteg ass fir den Tubak, ka fir den Alkohol

love
Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm
Neiegkeeten

Déi Stater Sozialisten an d‘Fondatioun Robert Krieps éieren de Menn Dahm

Zesumme mat Vertrieder vun de Gaasperecher Veräiner, hunn de Franz

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout

Säit der Ëmsetzung vum groussherzogleche Reglement vum 20. Juni 1963, muss all Stierffall op Lëtzebuerger Territoire deklaréiert ginn. Zanterhier gëtt en eng Statistik, déi dann och – zwar mat zwee Joer Verspéidung – verëffentlecht gëtt.

Ausgeschafft gëtt d‘Statistik op Basis vun der internationaler Klassifikatioun vun de Krankheeten an den heimatter verbonne Krankheetsproblemer, wéi se vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) festgeluecht goufen. Firwat et ëmmer zwee Joer brauch fir dës Zuelen an Informatioune bereet ze stellen, bleift awer och 2018 e gutt behidde Geheimnis.

2016 sinn laut den Ënnerlagen déi eis virleien, 3.978 Leit zu Lëtzebuerg verstuerwen. Et besteet dann och „Gläichheet“ tëscht Mann (50,9%) a Fra (49,1%). Woubäi d‘Statistik op neits bestätegt datt d‘Damme véier Joer méi laang liewe wéi d‘Hären, déi duerchschnëttlech mat 76 Joer op hir lescht Rees ginn. U wat dat läit, gëtt net erkläert.

Et sinn also 2016, all Dag 11 Mënschen zu Lëtzebuerg gestuerwen, wat eng Hausse géintiwwer 2015 vun 1,1% ausmécht. 93% vun de Stierffäll sinn op eng Krankheet zeréckzeféieren. 6,7% vun de Stierffäll hunn eng „extern“ Ursaach (Accident, Suizid, …). Iwwert d‘Hallschent vun de Leit sinn am Spidol, e véierel am Altersheem an 17% doheem verstuerwen. 3% waren net Residenten.

E puer Detailer…

Déi éischt Doudesursaach 2016, waren d‘Häerz-Kreeslaferkrankungen (31,8%) an hei stinn sech d‘Männer (596) besser wéi d‘Dammen (668). Dat ass eng Hausse géintiwwer 2015 vun 6,5%, woubäi ze bemierken ass, datt an de leschten 10 Joer (bezunn op 2016) dës Doudesursaach réckleefeg, a vu 36,9% op 31,8% zréckgaangen ass.

Als zweet Ursaach gëtt de Kriibs (28,2%) genannt. Dee betrëfft méi Männer (56,4%) wéi Fraen (43,6%). Bei de Männer stinn um Podium: de Longekriibs (174 Stierffäll), de Kolonkarzinom (60) an de Prostatakriibs (52). Bei den Damme sinn et: de Broschtkriibs (94), de Longekriibs (73) an de Kolonkarzinom.

Interessant bei der Statistik: „sech ëmbréngen“ kënnt aus de Moud. Suizid gëtt statistesch gesinn als „extern Ursaach“ gefouert. Extern Grënn sinn déi véiert Doudesursaach mat 267 Fäll (6,7%) an dovunner sinn dann nees d‘Männer (61,1%) betraff. Laut den Ënnerlagen, sinn 61 Stierffäll engem Suizid oder zumindest engem ondefinéierten Ëmstand geschëlt (48 Männer / 13 Fraen).

D‘Moyenne huet tëscht 2011 an 2016 bei 80 geleeën. Am stäerkste vum Doud duerch Suizid betraff ass d‘Altersklass vu 25 bis 39 Joer. Bei der Mortalitéit a Verbindung mat Verhalensstéierungen oder mentale Krankheete muss säit 2011 eng zolidd Hausse notéiert ginn (99 Fäll 2011 géintiwwer 233 Fäll 2016). De ganzen Detail ass op 82 Säiten opgefouert, déi dir hei consultéiere kënnt.

Ähnlech Sujeten Dout, Kreeslaf, Kriibs, Statistik, Suizid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel