Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit
International Neiegkeeten

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit

De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument

money
D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo
International Neiegkeeten

D‘Cargolux flitt elo emol d‘Woch op Tokyo

Haut huet d‘Cargolux seng nei Fluchverbindung Lëtzebuerg-Tokyo ageweit. Vun elo

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad
International Neiegkeeten

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad

Zu Bamako huet um Méindeg d’Cheffin vun der europäescher Diplomatie,

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst amtlech Entscheedung aus dem Wäissen Haus, ass op mannst problematesch. Israel huet et gefreet, mee soss awer keen. Wéi d‘Welt op den Donald Trump a säi politescht Feigefill reagéiert huet, weise mer hei:

Israel begréisst en historeschen Dag

Aus Israel huet de Premierminister Benjamin Netanyahu dem Donald Trump seng Entscheedung als „historeschen Dag“ begréisst. De Benjamin Netanyahu huet awer och direkt verséchert, datt d‘Entscheedung vum US-President, a kenger Weis eppes un der Uerdnung vun den hellege Plazen ännert. Israel engagéiert sech, de „status quo“ tëscht den dräi grousse monotheistesche Reliounen oprecht ze erhalen.

A Palestina huet ee manner Versteesdemech

„Mat deene bedauernswäerten Entscheedungen hunn d‘USA bewosst all d‘Ustrengunge fir e Fridde sabotéiert a proklaméieren, datt si hire Rôle als Sponsor – deen si iwwert Joerzéngte gespillt hunn – vum Friddensprozess opginn“, esou de palestinensesche President op der Staatstëlee.

Fir de Generalsekretär vun der PLO (Organisatioun fir d‘Befreiung vu Palestina) Saëb Erakat, schéngt et evident, datt den Donald Trump „déi zwee Staate-Léisung“ net méi ënnerstëtzt an d‘USA mat dësem Schratt net méi als Verhandlungspartner béi engem Friddensprozess kënnen ugeholl ginn.

D‘Islamiste vun der Hamas gesinn et esou: „D‘Entscheedung vum US-President mécht den amerikaneschen Interessen an der Regioun d‘Diere vun der Hell op“. Den Ismaïl Radouane, en héije Verantwortleche vun der Hamas, huet an engem Gespréich mat der Presse, déi arabesch a moslemesch Länner opgeruff „all wirtschaftlech an diplomatesch Relatioune mat den US-Ambassaden ofzebriechen an d‘Amerikaner erauszegeheien.

Saudiarabien „bedauert“ d‘Entscheedung

E Land dat d‘USA eigentlech als „Partner“ gesäit an d‘amerikanesch Diplomatie och am Virfeld gewarnt hat, dat ass Saudiarabien. Aus de kinnekleche Palais konnt dann och nëmmen ee „grousst Bedaueren“ kommen. „Mir haten dach awer drop higewisen, datt esou eng Entscheedung onberechtegt a virun allem onverantwortlech ass“, esou den Haff an de staatleche Medien.

De saudesche Communiqué behält sech d‘Hoffnung op datt, „d‘US-Administratioun sech dee Schratt nach emol iwwerleet“. Eng Mesure déi sech géint „déi historesch etabléiert Rechter vun de Palestinenser wennt an de Konflikt tëscht Israel a Palestina nach méi komplizéiert mécht wéi et schonn ass“. Fir Riad ass et „e Réckschrëtt am Friddensprozess an e Broch mat der US-Positioun, déi sech ëmmer fir d‘Neutralitéit vu Jerusalem agesat huet“.

Den Iran net iwwerrascht

Zu Teheran ass ee vun dëser amerikanescher Haltung net iwwerrascht, veruerteelt awer eng „onverständlech Provokatioun an idiotesch Entscheedung vun den USA (…) dee eng nei Intifada erausfuerdert an d‘Leit nach méi radikalem Verhalen zwéngt. Heiduerch entsteet nach méi Haass a Gewalt“.

Vum Ausseministère dann och eenzeg d‘Feststellung datt d‘Entscheedung vum Donald Trump „eng Violatioun vun den internationale Resolutiounen“ ass. Et gëtt och drun erënnert, fir déi wou et sollte vergiess hunn, datt Jerusalem „en integrale Bestanddeel vu Palestina“ ass.

Dem Deel mat der „Violatioun“ schléisst sech Jordanien un. „D‘Entscheedung vum US-President Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen an den Transfert vun der US-Ambassade an dës Stad, ass eng Violatioun vun den Entscheedunge wéi se am internationale Recht festgehale gi sinn an och vun der UN-Charta unerkannt waren“, esou de Regierungsspriecher Mohammed Moumenié.

Vun Onverantwortlech bis déck besuergt

Aus der Tierkei kritt de Milliardär och kee Luef. „Mir veruerteelen déi onverantwortlech Deklaratioun vun der US-Administratioun (…) Dës Entscheedung ass Contraire zum internationale Recht an den UN-Resolutiounen“, esou den tierkeschen Ausseminister Mevlut Cavusoglu op Twitter.

Syrien notzt d‘Geleeënheet fir sech solidaresch mat Palestina ze weisen. Op der offizieller Facebooksäit léisst déi syresch Presidence schreiwen: „D‘Zukunft vu Jerusalem gëtt net festgeluecht duerch e Land oder e President, mee vu senger Geschicht, sengem Wëllen an der Entschlossenheet vun deenen déi der palestinensescher Cause zougedoe sinn“.

Och de libanesesche Premierminister Saad Hariri kann net anescht a muss „d‘Entscheedung zréckweisen“, fir bäizefügen: „ech erklären haut meng Solidaritéit mam palestinensesche Vollek“. An Tunesien ass een och enttäuscht a besuergt. „Dëse Schratt ass en Ugrëff op de juristesche Statut vun der Stad an eng Violatioun vun den UN-Resolutiounen“.

Institutionell verwonnert

Fir den Antonio Guterres, UN-Generalsekretär, kann de Statut vu Jerusalem nëmmen an enger direkter Verhandlung tëscht Israel a Palestina gekläert ginn. Hie leet grousse Wäert drop ze ënnersträichen, datt hien ëmmer géint eng unilateral Mesure war an och nach ass. „Et gëtt keng Alternativ zu der Zweestaateléisung mat Jerusalem als Haaptstad vun esouwuel Israel wéi Palestina“.

Zu Bréissel ass dem Milliardär seng Entscheedung och net gutt ukomm: „D‘EU dréckt säi Besuergnes géintiwwer der amerikanescher Ukënnegung aus, d‘US-Ambassade no Jerusalem ze verleeën an déi Auswierkungen déi dës Mesure op d‘Perspektive vum Fridde wäert hunn“, esou d‘EU-Ausseministesch Frederica Mogherini an engem Communiqué.

Europa generell net „begeeschtert“

De franséische President Emmanuel Macron jugéiert dem Trump seng Entscheedung als „bedauerlech“ an huet all déi engagéiert Parteien opgeruff d‘Gewalt ze verhënneren. Bei der Pressekonferenz zu Alger huet hien erënnert, datt „Frankräich an Europa un der Zweestaateléisung festhalen, Israel a Palestina am Fridden niefteneen an a Sécherheet, innerhalb unerkannte Grenzen a Jerusalem als Haaptstad vu béide Länner“.

Zu Berlin ass déi franséisch Meenung gutt Ukomm, well och déi däitsch Regierung „net déi amerikanesch Positioun ënnerstëtzt, well de Statut vu Jerusalem kann nëmmen am Kader vun enger Zweestaateléisung gekläert ginn“, esou gëtt d‘Angela Merkel an engem Tweet vun hirem Spriecher Steffen Seibert zitéiert.

An nach net emol d‘Brite sinn „amused“. D‘Premierministesch Theresa May: „Mir sinn net mat der amerikanescher Entscheedung averstanen seng Ambassade no Jerusalem ze verleeën a Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, iert et en Accord iwwert säi Statut gëtt“. Si füügt nach bäi, datt dës Entscheedung „keng Hëllef“ ass vir de Fridden an der Regioun.

Fir den italienesche Regierungschef Paolo Gentiloni ass „Jerusalem eng helleg Stad, eenzegaarteg op der Welt. Seng Zukunft muss sech an engem Friddensprozess definéieren deen nëmmen mat enger Zweestaateléisung méiglech ass“.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jerusalem, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel