Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren
Neiegkeeten

Akkreditatioun vun zwee neien Ambassadeuren

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog als éischt Seng Exzellenz den

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?
Neiegkeeten

E neien Traité fir d‘Scheedung mat Groussbritannien ze verhënneren?

An engem längeren Entretien mam „Le Point“ huet de fréiere

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl
Neiegkeeten

What the Fakt – De Super-GAU vun Tschernobyl

Dëse Virfall gëllt als schlëmmsten Accident an der friddlecher Notzung

Stauséi: Protokoller um lafende Band

Um Freideg haten d‘Polizisten all Hänn voll ze dinn, well d‘Leit sech net richteg geparkt haten

Stauséi: Protokoller um lafende Band

Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an zwar an engem Mooss, datt ee seng Plaz online reservéiere muss. Et sollt een also dovunner ausgoen dierfen, datt wann d‘Leit hir Reservatioun am Internet maachen, si sech och iwwert all déi aner Reegelen informéiert hunn…

Dat trëfft dann och wuel op déi grouss Majoritéit zou, mee d‘Ausnamen si keng Seelenheet. Sech egal wouhinner Parken, ass ee vun de grousse Problemer, deen d‘Gemenge ronderëm de Stauséi zanter Jore bekloen. Dëst Joer awer ass et eppes anescht. Vill Ministeren hunn sech op der Plaz ëmgekuckt an hate Remedur versprach, nodeems d‘Gemengen de Mënschen net méi Här goufen.

Stauséi

Vun der Offallentsuergung bis hin zum wëlle Campen, mee och bezunn op d‘Hygiènesregelen, wéi fir d‘Sécherheet op de Plagen… am Kontext vun der Vakanz doheem muss méi kontrolléiert ginn. Zu dësem Zweck huet eng privat Sécherheetsentreprise den Zouschlag kritt, fir uecht ze doen, datt d‘Leit sech behuelen, an esou jiddereen a vollem Ëmfang vum Stauséi profitéiere kann.

Géint Leit déi sech falsch Parken huet de Sécherheetsdéngscht awer keng Handhab an hei mussen d‘Polizisten – déi niewebäi och all dat anert kontrolléieren – aschreiden. A beim Parke leeft et richteg schlecht, esou schlecht, datt elo „Schluss mat Lusteg“ ass. Nodeems d‘Police de Verkéier ronderëm de Stauséi endlech am Grëff hat, mussen Si sech ëm honnerte Falschparker këmmeren.

Stauséi

Et gëtt vill Parkplazen op der Uewersauer an eng Navette déi d‘Leit bequem zu gewënschter Destinatioun kutschéiert. © Visit Éislek

Um Freideg am Nomëtteg sinn wäit iwwer honnert Protokoller ausgestallt ginn, well d‘Leit einfach d‘Schëlter vum Parkverbuet ignoréieren. Dobäi si ronderëm de Stau extra Parkingen ugeluecht ginn an dat ass och mat ee Grond, firwat ee seng „Plaz“ muss reservéieren. Natierlech sinn d‘Parkinge vu Lëlz an Eesebur déi éischt déi besat sinn, a jo vum Parking „Am Kéilert“ zitt et sech eppes.

Mee e puer Meter ze Fouss, nodeems een esou geparkt huet wéi et sech gehéiert, si wesentlech méi präiswäert wéi de Protokoll. An dësem Kontext erënnert d‘Police dann och nach emol dorunner, datt een den Parking vu senger Wiel muss bis 23 Auer verlooss hunn. Wien dat net behäerzegt ka riskéieren eng zoue Barrière virzefannen. An ëm dës Zäit fueren net der Däiwel vill Busser…

Foto: Wat un dësem Schëld mëssverständlech ass, oder engem géif Interpretatiounsspillraum bidden ass net gewosst. © Florin Birjoveanu / Pixabay

Ähnlech Sujeten Naturpark, Parking, Police, Stauséi, Uewersauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel