Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
De Reen ass déi gréisste Gefor fir eis all an dëser neier Serie
Kultur ghost recon wildlands public matchmaking

https://moien.lu/ashton-under-lyne-dating/

The Rain ass déi éischt dänesch Produktioun vun Netflix. An

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz
Kultur ghost recon wildlands public matchmaking

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
Kultur ghost recon wildlands public matchmaking

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras

Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
© Shari Pleimelding / moien.lu
Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
© Shari Pleimelding / moien.lu
Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
© Shari Pleimelding / moien.lu
Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
© Shari Pleimelding / moien.lu
Science-Fiction op viktorianesch: Steampunk am Fond-de-Gras
© Shari Pleimelding / moien.lu

De Steampunk Festival am Fond-de-Gras, kann sech op säi Succès behaapten. Säit der éischter Editioun 2011, kommen all Joer ëmmer méi Leit op de Site vum „Train 1900“ (Minett Park). Dëst Joer sollen et der, esou d‘Organisateure, wäit iwwer 12.000 gewiescht sinn.

Elo muss een awer och soen, datt et kaum esou e flotte Site an der Groussregioun gëtt, dee sech besser fir dëse Festival géif eegenen. Déi industriell Vergaangenheet vum Fond-de-Gras, wou net nëmmen d‘Gebaier mee och vill Material (an dat ass net nëmmen den Zuch) erhalen an ausgestallt ass, passt bei de Steampunk wéi d‘Fauscht op d‘A.

D‘Organisateuren hunn dann och dëst Joer e weidert Gebai missen an de Gebrauch huelen, woumatter et awer elo eendeiteg mat der Plaz zum Rescht geet. Jo och esou ee flotten, matten an der Natur geleeëne Site huet seng Grenzen. De Steampunk Festival vum Fond-de-Gras ass dann och deen zweet gréisste senger Aart an Europa. De gréisste gëtt et (bis nom Brexit) a Groussbritannien.

Esou ass et flott, esou kann et bleiwen

Et waren natierlech nees eng helle Wull un Aussteller op der Plaz, fir den Honger tëschenduerch an eppes géint den Duuscht, et gouf näischt dat een nach hätt missen op d‘Plaz bréngen. Fir gutt Laun war gesuergt: eng ganz Band un Artisten, Stroossekënschtler a Museker, hunn zolidd Rämmidämmi gemaach, an de Public huet sech dorunner erfreet. Fir d‘Krapperten hat et esouguer e Karussell…

Wat et mat Steampunk op sech huet, krute mir verständlech gemaach: Steampunk setzt sech aus den Elementer aus der Zäit vun der industrieller Revolutioun an der viktorianescher Ära zesummen. Eng Period an der Geschicht, wou d‘Zukunft erfonnt ginn ass, et se awer nach net ginn huet. Hei gëtt der Fantasie an dem kreative Rollespill vill Fräiraum an Entfaltungsméiglechkeete gebueden.

Verständlech deemno, datt wéi et um Sonndegowend „eriwwer“ war, vill, wann net esouguer déi meescht, sech schonn emol Rendez-vous fir 2019 ginn hunn. Et dierft allerdéngs, wann een eis elo géif froen, eppes bessert Wieder sinn, mee bon, wien freet eis schonn…?

Foto & Galerie: Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cosplay, Fonds-de-Gras, Steampunk, Viktorianeschen Zäitalter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel