Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Kulturgeschicht, presentéiert an dräi Konferenzen
International Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Kulturgeschicht, presentéiert an dräi Konferenzen

An de leschte Joren sinn déi kulturell Beräicher duerch de

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Frankophonie!

Scho säit 1995 feiert Frankräich seng Sprooch mam internationalen Dag

Scoutskiermes um Cents
International Neiegkeeten

Scoutskiermes um Cents

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern

Dem Sultan säi Päerd gewënnt d‘Rennen ëm d‘Presidence vun engem Land dat et esou net gëtt

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern

Nordzypern gëtt zanter 1974 vun tierkeschen Truppe besat, gesäit sech selwer als Onofhängeg an bis zum haitegen Dag ee vun den zolitte Problemer, deen esouwuel d‘EU-Kommissioun, wéi och d‘Vereenten Natioune beschäftegt. Trotz all deem, hunn d‘Mënschen an dësem besate Gebitt sech un demokratesch Reegele gehalen. All Beméiunge fir eng Wiedervereinegung waren ëmsoss.

Bei der Presidentewahl vun der Republik Nordzypern, war et leschte Sonndeg zum „Remis“ komm. Den amtéierende President Mustafa Akinci – dee sech géint den Afloss vun Ankara wiert a fir eng Reunioun vum Norde mam Süde steet – a säin Erausfuerderer Ersin Tatar – dee sengersäits voll a ganz d‘Interesse vum tierkesche President vertrëtt – sinn um Sonndeg an déi lescht Ronn gaangen.

Nordzypern

Et ass een denkbar knappt Resultat, dat zudeem och nach onerfreelech ass. Den Ersin Tatar ass en Nationalist, deen net emol versicht ze dementéieren, déi tierkesch Interessen ze vertrieden. Hie war bis ewell de Regierungschef, an sollt elo laut dem virleefege finale Resultat, mat 51,7% de Mustafa Akinci als President ofléisen. D‘Wahlbedeelegung soll laut Anadolu bei 67,3% geleeën hunn.

Domadder huet déi konservativ national Eenheetspartei (UBP) déi politesch Kontroll iwwerholl an de victoriéise Kandidat, Ersin Tatar, huet sech ganz manéierlech beim tierkesche President Recep Tayyip Erdogan fir seng Ënnerstëtzung bedankt. De „Mann vun Ankara“ steet fir den Erhalt vun zwou Republiken op der Insel Zypern. Woubäi „onofhängeg“ hei wäert mussen nei definéiert ginn.

Nordzypern

Den Ersin Tatar wëll d‘Politik vun Nordzypern un déi vun der Tierkei upassen an et gëtt hannert der Hand gemunkelt, datt en Uschloss un dem Sultan säin neit osmanescht Räich, nach an dëser neier Legislaturperiod géint vollzu ginn. Nordzypern wier da ganz offiziell eng tierkesch Provënz. Esou eppes huet et schonn emol an der europäescher Geschicht ginn. Wéi et ausgaangen ass, weess ee jo.

Mam „politesche Wiessel“ ass dann och net nëmmen d‘Wiedervereinegung definitiv ausgeschloss, mee et dierft och bei den territorialen Uspréch an den Diskussiounen ëm d‘Souveränitéit am Kontext vum Gestreits ëm d‘Äerdgasquellen, um direkte Wee an ee Konflikt tëscht Bréissel an Ankara féieren. Woubäi een net sollt vergiessen, datt d‘Tierkei nach ëmmer Bäitrëttskandidat ass.

mat indymedia/ath

Related topics Ersin Tatar, Mustafa Akinci, Presidentewahl, Republik Nordzypern, Tierkei
Next post Previous post