Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift
International Neiegkeeten

PEITRUSS – Ee Psycho-Thriller ëm eng mysteriéis Léift

Net méi laang, dann ass dem Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes
International Neiegkeeten

Ecuadorianescht Verfassungsgeriicht erlaabt gläichgeschlechtlecht Bestietnes

Während d‘Kierchemänner am Vatikan un hiren anzestrale Gebueter festhalen, Homosexualitéit

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!
International Neiegkeeten

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!

Um vergaangene Weekend war de begierten traditionellen Treffpunkt fir all

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen

Et huet eppes gedauert bis se a Polen d‘Stëmmen ausgezielt hunn, a wann den neie Staatspresident och deen ale war, esou war et dës Kéier eng ganz knapp Victoire fir den nationalkonservative PiS-Kandidat. Den Andrzej Duda erhält 51,2% vun de Stëmmen, säi Géigner vun der Biergerplattform, Rafal Trzaskowski kënnt op 48,8%.

Mee dëst Resultat weist net nëmmen ee Gewënner an ee Verléierer. Dat ënnersträicht villméi wéi déif de Gruef ass, deen sech duerch déi polnesch Gesellschaft zitt. Et dierf een och net aus dem Bléck verléieren, datt sech an dëser „Campagne“ d‘PiS-Regierung, déi kathoulesch Kierch an och d‘Staatsmedie voll a ganz hannert den Andrzej Duda gestallt haten.

Wéi sech an de leschte Wochen ofgezeechent huet, datt de Rafal Trzaskowski ëmmer besser an de Sondagen ervirgetrueden ass, huet den Andrzej Duda sech bei der Sich no Stëmmen ëmmer méi un de rietse Rand vun der Gesellschaft gewannt, a do brauch et schonn eppes populistesch, jo schonn extrem Theesen, fir ze punkten. An domatter kennt sech de Staatspresident aus.

Am streng reliéise Polen ass Homosexualitéit de Sujet par Excellence, fir ze provozéieren an Haass ze verspreeën. Esou huet den Andrzej Duda d‘LGBTIQ-Beweegung ass eng Ideologie bezeechent, déi schlëmmer wier wéi de Kommunismus. De Rafal Trzaskowski huet als Buergermeeschter vu Warschau dergéint gehalen an eng „Toleranzerklärung“ fir d‘Pride-Communautéit ënnerzeechent.

Domatter ass et Wahlkampf net méi ëm Soziales, d‘Wirtschaft oder d‘Zukunft vum Land a seng Roll an der europäescher Unioun gaangen – mat där d‘PiS-Regierung souwisou op Krichsfouss steet. A mat Diskriminatioun, Homophobie an Intoleranz gewënnt een, esou de Fazit, a Polen och Wahlen. D‘PiS-Partei huet LGBTIQ-Rechter als auslänneschen „Import“ bezeechent.

Toleranz ass net erwënscht

De fräie Choix vun der sexueller Orientéierung géif déi polnesch Identitéit bedreeën, esou d‘Positioun vun der Regierungspartei an dem Staatspresident. Net ze vergiessen, datt sech an dësem EU-Memberland vill Gemengen als „LGBTIQ-Fräi“ erkläert hunn. Dat alles natierlech mam Seege vun der helleger kathoulescher Kierch an der massiver Ënnerstëtzung vun de Staatsmedien.

Hat et am éischten Tour eng Wahlbedeelegung vun ënner 50% ginn, esou waren um Sonndeg 67,9% vun de Wahlberechtegten an d‘Wahlbüroe gaangen. Eng relativ héich Bedeelegung ugesiichts der Covid19-Pandemie. Um spéide Sonndegowend huet den Ecart tëscht de Kandidaten ënnert 1% geleeën, wat den Andrzej Duda net dovunner ofgehalen hat sech als Gewënner ze proklaméieren.

Hei dierf een dann nach drop hiweisen, datt vill Polen dës Wahlen als Onfair bezeechnen. Si sinn net erfreet, datt d‘Staatsmedien, déi eigentlech ausgeglach mat béide Kandidate sollten ëmgoen, ganz offensiv a geziilt d‘Kandidatur vum Andrzej Duda ënnerstëtzt hunn. Zudeem konnte wéinst der Coronavirus-Kris vill Polen am Ausland hir Stëmm net ofginn.

De Staatspresident a Polen gëtt fir ee Mandat vu 5 Joer gewielt, a säi Rôle ass kee representativen. Esou representéiert den Andrzej Duda d‘Land net nëmmen no baussen, mee hien huet och Afloss op d‘Aussepolitik. Hien ernennt de Ministerpresident a dësem säi Kabinett, wier am Krichsfall och de Kommandeur vun der Arméi. Zudeem kann hie mat sengem Veto Gesetzesentwërf stoppen.

mat indymedia/waw

Illustratioun: Statistuta / Pixabay

Ähnlech Sujeten Andrzej Duda, Polen, Rafal Trzaskowski, Staatspresident, Stéchwahl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel