Search

You may also like

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs
Neiegkeeten

Aarbechten am Val Sainte Croix, der Allée Léopold Goebel an der Avenue des Archiducs

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt d’Strooss am Val Sainte Croix, vun

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik
Neiegkeeten

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen
Neiegkeeten

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen

Laut dem Communiqué vu „Forges du Sud“, dee gëschter erausgaangen

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer

Steesel: 10. Internationale Meeting fir al Militärgefierer

De Weekend steet vrun der Dier an dier wësst net wouhinner? Wann al Militärgefierer, Autoen an Trakteren iech interesséieren, dann hätte mir do eppes. Zu Steesel fënnt dëse Weekend den grousse Meeting vum Steeseler Veräin „Collectionneurs de véhicules militaires“ (CVM) statt, an dat ass mat Sécherheet en Ëmwee derwäert.

Et ass dann och 2018 schonn déi 10. Kéier wou dësen engagéierte Veräin, beim Centre de Loisirs seng „Zelter“ opschléit. Den internationale Meeting ass mëttlerweil europawäit bekannt, a vill Leit zécken och net, fir vill Kilometeren op sech ze huelen, fir un dësem eenzegaartegen Treffen deel ze huelen. Dat erkläert, firwat dësen Event Freides a Samschdes stattfënnt, déi musse jo nees heem.

Mat der Zäit ass ee gewuess

Bei der Virstellung vun dësem Evenement, huet den CVM-President Marc Heiderscheid säi Bléck kuerz iwwert d‘Veräinsgeschicht fléisse gelooss. 2008 haten sech der 7 fonnt, déi hir Passioun an der Grupp wollten ausliewen. Zanterhier si bedauerlecherweis 2 Grënnungsmembere verstuerwen, mee de Comité ass op 11 Mann ugewuess, an alles an allem, huet den CVM 80 Memberen.

M20 Schützepanzer vun der US-Arméi

Dat kléngt „iwwersiichtlech“, mee mat ronn 50 Gefierer, ass et bestëmmt net d‘Aarbecht déi dem Veräin ausgeet. Esou Geschir, och wann et zolidd gebaut gouf, wëll ënnerhale ginn. Hei kann een dann och drop hiweisen, datt vill Jonker dem Veräi bäigetruede sinn. Well een esou e Militärgefier net geschenkt kritt, huet de Veräi senger Jugend 1 Jeep kaf, a begleet déi jonk Leit mat Rot an Dot.

D‘Erënnerung wakereg halen

An eppes läit dem CVM-President nach um Häerz. Hie betount an ënnersträicht, datt entgéint deem wat een esou kéint unhuelen, de Veräi kee Club fir Krichsfanatiker ass. Villméi geet dem CVM dorëms, al Gefierer ze erhalen, ze fleegen an d‘Erënnerung un en däischtert Kapitel vun der europäescher Geschicht net verläschen ze loossen.

Et sollt een net vergiessen, wien eis an enger schwiereger Situatioun aus der Bredouille gehollef huet, seet mat eeschter Minn de Marc Heiderscheid. An de Meeting ass dann och déi Plaz, op där sech déi „al“ Géigner begéinen. Esou sinn net exklusiv amerikanesch Gefierer ze gesinn, mee och villes aus aneren Arméie gëtt hei presentéiert. Froe stellen ass dann och absolut erwënscht.

Vill gutt Grënn derbäi ze sinn

Fir de President vum Organisatiounscomité, Ernest Wagner, war et wichteg ze betounen, datt wéinst dem Jubiläum, dëst Joer och eeler Autoen, Motoen an Trakteren ageluede gi sinn. Si sinn souzesoen d‘Éieregäscht vum ronne Gebuertsdag, an datt kann der Stëmmung nëmmen entgéint kommen. Wat de Programm betrëfft, esou ass dëse wuel kuerz, huet et awer fauschtdéck hannert den Oueren.

Lass geet et muer Freideg, wou am Laf vum Dag, déi sëlleche Participanten an Aussteller op der Plaz (Centre de Loisirs Norbert Melcher) ukommen a sech installéieren. Sech installéieren, heescht an dësem Fall, e komplett Militärlager opbauen. Ass d‘Aarbecht bis erleedegt, gëtt et fir jiddereen Owesiessen an am Uschloss dorunner, kann ee sech bei Live-Musek vu Kantri Klapp entspanen.

De „laange“ Samschdeg

Laang ausschlofe kann sech e Samschdeg nëmmen, wien net un der Ronnfaart deel hëlt. Fir all déi aner gëtt et Fréibiren, well schonn direkt nom Kaffi soll et lass goen. Dat ass virun allem dowéinst wichteg, well et eréischt an der Mëttegstonn eppes tëscht d‘Zänn gëtt, wann se och nees all zréck sinn. Gutt dat stëmmt am Detail esou net, mee et soll eppes Besonnesches ginn.

An dofir ass ee gutt beroden, esouwäit engem eppes un Ierbsebulli geleeën, sech fir d‘Mëttegiessen unzemellen (691 699 476). Hiergestallt an enger originaler Feldkichen, sollt fir de Präis vun10 Euro och de groussen Honger gestëllt kënne ginn. Hei dann och e klengen Insidertipp: mir wësse wéi et schmaacht, an esou verréckt et kléngt, och d‘Butze maachen hei keng Bëtz.

Fir jiddereen eppes derbäi

Iwwert de Nomëtteg ass de ganzen Terrain dann dat, wat een ënnert engem Fräiliichtmusée versteet. Zäitzeie vun der Geschicht, wéi den amerikanesche Schützenpanzer M20 oder den däitsche Panzer II vun der Wehrmacht, an nach villes méi, erlaben en Abléck an d‘Gefierer, mat deenen sech zwou mächteg Arméie géinteniwwer gestanen hunn. Ronnfaarten um Terrain sinn de Kanner virbehalen.

Apropos Kanner, fir déi huet den CVM och e Sprangschlass organiséiert, langweile sollten sech déi jéngst hei net. Gutt geduecht och d‘Iddi fir all Mënsch deen eng besonnesch Erënnerung well mat heem huelen: de Fotoshooting.

Steesel

Véier ganz besonnesch gutt Fläschen, als Regal oder an der Munitiounskëscht, eng Flott Erënnung fir mat heem ze huelen an a Moossen ze genéisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

An der Hall ginn de ganze Weekend iwwer Alldag- a Militärgéigestänn, aus villen Epochen, mee och nei a gebrauchten Ausrëschtung ugebueden an d‘Jugendgrupp vum CVM, riicht op der Wiss eng 105MM Geschützstellung op. Déi ass hinne vum Ettelbrécker Patton-Musée fir dësen Event zur Verfügung gestallt ginn. Op fir de Public ass de Meeting: e Freideg ab 17, e Samschden ab 10 Auer.

D‘Wuert vum Buergermeeschter an de klengen „Extra“

Fir de Steeseler Buergermeeschter Jean-Pierre Klein, war et bei der Presentatioun vun dësem Event wichteg ze betounen, datt d‘Zilsetzung vum Veräi lueflech ass. De CVM géif sech, wéi all Veräin an der Gemeng, mat vill Iwwerzeegung a groussem Asaz, ervirdoen. „Et gëtt vill gutt Leit beim CVM, an et gesäit net aus, wéi wann een ëm d‘Zukunft misst fäerten“, esou de Buergermeeschter.

Hien hat dann och dem Groussherzog vun dësem Meeting erzielt, op en onverhoffte „Besuch“ awer méiglech ass, dat ass net ze bestätegen. De Jean-Pierre Klein hofft dann, datt den CVM awer fir de 75 Anniversaire vun der Liberatioun ageluede gëtt, a sech do gutt positionéiere kann.

Als lescht Informatioun, a mir hoffen déi gefält, gëtt et zum Jubiläum e feint Wässerchen. An enger Munitiounskëscht oder als klengt Regal, kann ee fir 85 Euro, ganzer 4 amerikanesch Generäl mat heem huelen, woubäi hei rieds ass vun hirem Portrait, deen op de Fläsche mat 25 Joer jonkem Branntewäi (Distillerie Edouard Lies-Weybert) veréiwegt ginn ass. Opgepasst, limitéiert Editioun!

Foto: (Archiv) © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CVM, Lëtzebuerg, Military Vehicles, Steesel
Next post Previous post