Covid19 Task-Force weess eppes wat d‘Regierung net weess
Am Bericht vun der Covid19 Task-Force (Research Lëtzebuerg) – deen
Am Bericht vun der Covid19 Task-Force (Research Lëtzebuerg) – deen
E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim
Et muss een net e gleewege Mënsch sinn fir gewëssen Traditiounen héich ze halen. A wann et dann och nach eng Aluedung vun de Frënn aus dem Steeseler Fëscherveräin „La Perche“ ass déi engem virläit, jo dann ass all Widderstand zwecklos.
Wann dat net Beweis genuch ass fir eng erfollegräich Organisatioun, da wësse mir et och net. © Martine de Lagardère/moien.lu
Am Kulturzenter zu Steesel ass et da wéi gesot „Fësch“ ginn. D‘Leit haten de Choix tëscht dem klassesche „gebakenen“ oder dem „Filet“. Zerwéiert gouf dat ganz mat Botter-Gromperen an enger gelleger Zalot. Dozou gouf et e feine Pättche vun der Musel, woubäi de Lëtzebuerger och beim Fësch net op säi Béierche verzichte muss. Als Dessert konnt ee sech tëscht enger verschidden Zorte Paangech an/oder Eisekuch dann och nach de „Rescht“ ginn.
Den Event – ëmmer begleet vun enger ganz „ouschterhafter“ Tombola – zitt Joer fir Joer seng Leit un. Esou goufen op der Plaz gutt iwwer 300 Gäscht bekäschtegt, an et war ee gutt beroden sech ugemellt ze hunn. Wien net op der Plaz säi Fësch genéisse konnt, huet en einfach matgeholl. De Veräi war gutt virbereet, op all Eventualitéite war een agestallt. An esou hunn d‘Leit dann och Sëtzlieder gehat, op allen Dëscher huet si Kosettercher ofgehale ginn.
Déi „Zwee“ vum Steeseler CVM (Collectionneurs de véhicules militaires) hätten sech fir näischt an der Welt de Fësch entgoe gelooss. A wéi et de President Marc „Heidi“ Heiderscheid (Dat ass de mann mam orangen Hiem) richteg festgestallt huet: „hei geet ee bei deen aneren, an dat ass och gutt esou“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mir soe fir d‘Aluedung an dee ganz schéine Moment dee mir mat de leit verbrénge konnten, dem Fëscherveräi „La Perche“ vu Steesel e grousse Merci. Si sinn deemnächst nees an Dänemark um Mier ënnerwee, firwat et vun der Redaktioun nach ee kollegiale „Petri heil“ mat op de Wee gëtt.
Foto: Mir hätten iech deen eloten gären um Stéck gewisen, mee de Chefredakter ass eng verfroosse Louder. Stellt iech einfach vir e wier nach ganz. © Shari Pleimelding/moien.lu