Search

You may also like

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen
Neiegkeeten

Kim Jong-Nam Attentat: éischte Geriichtsoptrëtt vun de Verdächtegen

Begleet vun enger schwéier bewaffenter Eskort a selwer mat kugelsécherer

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss
Neiegkeeten

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Zu Denver (Colorado) ass den 18 järege Schüler Devon Erickson

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz
Neiegkeeten

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst

D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden

Mëtllterweil hëlt de Wirtschaftsministère Positioun

D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden

D’Steewoll-Fabrick steet, zesummen mat der Joghurt-Fabrick, weider an der Diskussioun. Nodeems gëschter D’Vertrieder vun de Gemenge Suessem an Déifferdeng op der Antenn vum Radio 100,7 d’Regierung opgefuerdert hunn, de Bau vun esou enger Fabrick zu Suessem ze ënnerloossen, mellt sech elo de Wirtschaftsministère an engem Communiqué zu Wuert. Do ass e konkreten Iwwerbléck ze fannen, wéi et zu der aktueller Situatioun komm ass. A wien eigentlech wou zoustänneg ass.

Esou hält de Wirtschaftministère fest, datt d’Entreprise Knauf Insulation si spontan am August 2016 kontaktéiert hätt. Doropshin hätt de Ministère hier déi wichteg Informatiounen zum Filtrage an zu de Emissiounslimitte zoukomme gelooss. Esou wier betount ginn, datt all néideg Mesuren zur Minimiséierung vum Impakt op d’Ëmwelt sollen ergraff ginn. Zënter November 2016 vermëttelt de Wirtschaftsministère d’Entreprise un déi zoustänneg Administratioune weider. Dëst soll net nëmmen der Opklärung iwwert déi noutwenneg Prozeduren déngen. Och déi néideg Autorisatioune sollen doriwwer ugekierpt ginn.

Wien ass woufir zoustänneg?

Zum Beispill wier eng Autorisation d’Exploitation fir e klasséierten Etablissement néideg. Dora géifen, esou de Ministère, d’Konditioune vir de Bau an de Betrib vum Etablissement festgeluecht ginn. Dobäi geet et dann och ëm der Entreprise hiren Impakt op d’Ëmwelt, mee och ëm d’Sécherheet vun den Aarbechter souwéi der Ëffentlechkeet. D’Verginn vun dësen Autorisatiounen ënnerläit allerdéngs net dem Wirtschaftsministère.

Tatsächlech wier et der Administration de l’environnement hiren Aufgabeberäich. Deen ënnersteet dem Nohaltegskeets- an Infrastrukturministère. D’Baugeneemegung dogéint géif vun de Gemengen erdeelt ginn.

Et ass eng länger Diskussioun, déi do gefouert gëtt

Domat wieren elo op mannst d’Zoustännegkeeten op en Neits gekläert. Un der Diskussioun, op esou eng Fabrick onbedéngt op Lëtzebuerg komme muss, wäert dat wuel wéineg änneren. Dës Diskussioun leeft zënter Wochen tëscht der Ëmweltministerin Carole Dieschbourg (déi gréng), dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) an dem Wirtschafsminister Etienne Schneider (LSAP). Virun allem am Ëmweltministère an am Wirtschaftsministère sinn se sech net eens.

De Wirtschaftsministère ënnersträicht awer, datt Steewoll duerchaus e Pluspunkt fir d’Ëmwelt ka sinn. Esou gëtt den Asaz vun dësem Isolatiounsmaterial aktuell staatlech subventionéiert. Dëst well en och d’Energieeffizienz steigert. E Punkt, wou Europa a Lëtzebuerg bekanntlech nach e bësschen eppes opzehuelen hunn.

Mam Service Information et Presse

Related topics Carole Dieschbourg, Ëmwelt, Etienne Schneider, François Bausch, Lëtzebuerg, Steewoll, Suessem
Next post Previous post