Search

You may also like

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina
Neiegkeeten WTF

Dem Trump säi Friddensplang fir Palestina

Virun der geplangter Staatsvisite vum (nach) israelesche Regierungschef Benjamin Netanyahu

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser
Neiegkeeten WTF

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)
Neiegkeeten WTF

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)

Haut de Moien huet den zweete Protestpiquet op der Europaplaz

surprise

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

D’Steewollfabrik wëll “Null Offall” produzéieren

An der däreger Affär vun der Steewollfabrik mellt sech elo den interesséierte Steewollfabrickant selwer zu Wuert. An de Gemenge Suessem an Déifferdeng hat dës Affär fir vill Gespréich suergt. Och d‘Politiker vun déi gréng hunn an der Chamber eng Stellungnam gefuerdert.

Déi franséisch Entreprise „Knauf Insulation“ wëll trotz dem Awänn vun de Lokalpolitiker a Ministeren u sengem Projet festhalen. D’Entreprise wëll eng Steewollfabrik op der Gadderscheier opriichten. Lëtzebuerg ass nu eben emol attraktiv, a wéi et de Wirtschaftsminister Etienne Schneider géif soen: „Mir musse wirtschaftlech wuessen“.

Hei geet et dann och ëm net manner wéi enger Investitioun an héicht vun 100 Milliounen Euro. Als klengen „Nieweneffekt“ sollen och nach 120 Aarbechtsplaze kreéiert ginn. Aarbechtsplazen déi virun allem Leit mat „handwierklechem“ Niveau géifen Entgéint kommen, wéi et vun der Entreprise heescht.

Steewoll hierstellen ass net Ëmweltschiedlech

Knauf insulation weist dann och drop hin, datt d‘Virwërf, datt d‘Produktioun vu Steewoll ëmweltschiedlech wier, schaarf zréck. Bei der Produktioun géif Schlak oder vulkanescht Gestengs (98%) zum Asaz kommen. Doriwwer eraus gëtt bei der Produktioun ëmmer méi recycléiert Material benotzt, an d‘Zil wier et, „Null Offall“ ze erreechen.

Bis dohinner, esou de Fabrikant, entstinn am schlëmmste Fall 4.000 Tonnen „Iwwerreschter“ d‘Joer, wat dann och méi oder wéineger 1 Camion den Dag duerstellt. Wat den Ausstouss vu Schwiefeldioxid an Ammoniak betrëfft, esou géif ee wäit ënnert de recommandéierte Standarde leien, léisst d‘Direktioun vu Knauf Insulation matdeelen.

Et wier an dësem Zesummenhang och eng Etüd zum Ëmweltimpakt gemaach ginn, déi den zoustännegen Autoritéite virläit. Eigentlech géif en dann och nach just op deenen hir Conclusioune waarden, fir d‘Commodo-Incommodo Prozedur anzeleeden. An dësem Dossier ass dat lescht Wuert also nach net geschwat.

Related topics Commodo-Incommodo, Déifferdeng, Gadderscheier, Knauf Insulation, Steewollfabrikant, Suessem
Next post Previous post