Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?
Money Neiegkeeten

when your ex start dating

Zu Lëtzebuerg huet d‘Uwennung vu Gewalt ënner Schüler eng nei

dating app android india
Money Neiegkeeten

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Terror iwwert Europa: E Réckbléck
Money Neiegkeeten

Terror iwwert Europa: E Réckbléck

Zanter 2015 muss sech Europa mat enger gréisser Zuel un

money

Steieramt: Wou d‘Effizienz nei definéiert muss ginn…

D‘Beamte kommen der Aarbecht net méi no an de Finanzminister weess wourunner et geleeën ass

Steieramt: Wou d‘Effizienz nei definéiert muss ginn…

Eng Steierreform léisst déi aner of, an zanter 2013 gi stänneg nei Mataarbechter agestallt. Et stinn nach 43 Plazen op. De Réckstau bei de Steiererklärungen huet astronomesch Gréissten ugeholl an dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) ass de Problem net entgaangen.

Dat et grad en Deputéierten aus der Koalitioun ass, deen de Minister mat der Nues op de Problem stéisst, verwonnert net, well et ass keen anere wéi de Mars Di Bartolomeo (LSAP) deen de Pierre Gramegna mat senger parlamentarescher Fro drangsaléiert. An den Diddelenger stellt aleedend fest, datt déi wou eng Steierschold hunn, sech wuel kaum dierfte beschwéieren, während déi leit, wou sech op hir Réckerstattung freeë géifen, den „décken hals“ kréien. A firwat ass deem esou ?

Ma de Finanzminister weess et, respektiv seng Servicer wëssen et an hunn dozou genee Zuelen. Et sinn Zuelejongleuren déi all Mount dozou eng Statistik maachen, firwat zimlech genau novollzu ka ginn, wat leie bleift a wou ee viru kënnt. A senger Äntwert bezitt sech de Pierre Gramegna op dës Donnéeën. Esou gëtt ee gewuer, datt net nëmmen d‘Zuel vun den Dossiere geklommen ass, mee déi och vill méi „komplex“ gi sinn. Tëscht 2002 an 2019 huet sech dës Zuel méi wéi verduebelt.

Säit 2013 géif sech dann och massiv personell verstäerkt, mee d‘Dossiere komme méi séier un wéi d‘Leit déi se beaarbechte sollten. Schold huet déi lescht Steierreform, esou de Minister deen sech ganz aktiv dorunner bedeelegt huet. Tatsächlech hätt d‘Reform eleng 62.000 nei Dossiere generéiert an et gesäit aus, wéi wann dat keen hätt kënnen antizipéieren… Esou schaaft sech d‘Regierung seng Problemer selwer: zackeg reforméieren ouni d‘Konsequenze vun der Reform ze behäerzegen.

Den einfache Wee ass politesch brisant

Wann d‘Ageständnis hei e Beweis vu Gréisst hätt kënne sinn, dann huet de Finanzminister eng gutt Geleeënheet verpasst déi ze weisen. Eigentlech ass de Géigendeel de Fall, well de liberale Politiker verweist op déi lescht CSV/LSAP-Regierung, déi sech – während de Pierre Gramegna Direkter vun der Handelskummer war – ni ëm d‘Zounam an der Komplexitéit vun den Dossiere gekëmmert hätt. De Mars Di Bartolomeo war deemools en aktiven „Acteur“ vun dëser inkriminéierter Regierung.

Richteg ass allerdéngs, datt 2012 d‘Steieramt 595 „Agenten“ hat an et eréischt nom „Putsch“ besser ginn ass. 2018 war d‘Personaldecken op 832 Agenten ugewuess, an et géif een nach no 43 Agente sichen. Mee och dat dierft dem Problem u sech kaum gerecht ginn. Et gëtt jo net manner, well mir de „Wuesstem“ zur Staatsaffär erkläert hunn an ëmmer méi Entreprisen an deenen hir Salariéeën an d‘Land lackelen. Dozou kënnt, datt d‘Administratioun stänneg nei Missiounen operluecht kritt.

Eng Léisung gesäit de Finanzminister an der Digitaliséierung. Déi meescht Betriber musse schonn haut hir Steiererklärungen „elektronesch“ areechen, wat laut dem Pierre Gramegna, dee ganze Prozess beschleunegt huet. Elo sollen och d‘Bierger allgemeng zu „elektronescher Steiererklärung“ gezwonge ginn. Dofir soll et dann awer och bei der nächster Steierreform zu Vereinfachunge kommen. A wien am virtuelle Raum net eens gëtt, ka sech jo un e Steierberoder wennen…

Foto: Esoulaang wéi den digitale „Gruef“ reell ass, ka kengem gehollef sinn, wa jidderee gezwonge gëtt seng Steiererklärung am Internet ze maachen. De liberale Minister huet allerdéngs keng Leit fir dee ganze Pabeier ze erleedegen, an esou gëtt de Problem op dat schwächste Glidd verlagert. Dat ka méi Aarbecht fir d‘Gewerkschaften an aner Vereenegunge bedeiten, woubäi dat aner Problemer mat sech bréngt. Et misst ee jo engem „friemen“ Zougangsrechter zu sengem Steierfichier ginn, oder? © LCGB

Ähnlech Sujeten Administration des Contributiouns Directes, Mars di Bartolomeo, Personalmangel, Pierre Gramegna, Steieramt, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel