Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Mossul: Apokalyptesch Visiounen
Meenung

Mossul: Apokalyptesch Visiounen

Zerstéiert Gebaier, Ruinen a verloosse Gässele wou d’Läiche vun den

cool
Mute ass Cyberpunk mat Gefill
Meenung

Mute ass Cyberpunk mat Gefill

Fir Netflix schéngt Februar de perfekte Mount ze sinn, fir

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?
Meenung

„Gesond iessen, Méi bewegen“ – well d’Lëtzebuerger iwwergewiichteg an ze liddereg sinn?

Läscht Woch hunn d’Ministere Lydia Mutsch, Romain Schneider, Claude Meisch

Steierreform 2.0

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun de Participante kloer Aussoen a Richtung vu méi sozialer Gerechtegkeet, esou beispillsweis duerch eng Erhéijung vum Mindestloun, engem onmëssverständlechem Antriede fir den Erhalt vum aktuellen Indexsystem, oder enger däitlech Ofleenung vun héije Patronatsvertrieder no Sozialofbau, besonnesch bei Renten a Pensiounen.

Laut jéngsten Aussoe verschiddener Politiker, kéint a kuerzer Zäit op e neits zu enger Steierreform kommen. Wéi déi soll ausgesinn, ass nach net gewosst.

Obwuel Steiere bezuele fir vill Leit net d‘Liiblingsbeschäftegung ass, esou bleift dach eppes kloer: Funktiounsfäegkeet vun engem Staat kann ouni dës Einnamen net geséchert ginn, dréngend noutwenneg Sozialleeschtungen, och fir déi sozial schwächst, kënnen net méi erbruecht ginn, ganz ofgesi vun der Schafung an dem Ausbau, am Kontext vum bestännege Bevëlkerungswuesstem, ugemoossen Infrastrukturen, an esou weider an esou fort. D‘Lëscht ka belibeg fortgesat ginn.

An zu den Einname vun engem Staat gehéieren nu emol och d‘Steieren, ob direkt oder indirekt Steieren, déi, wéi zu Lëtzebuerg, vu motivéierten a gutt ausgebilte Beamten an Employéeë vun der Steierverwaltung berechent an agedriwwe ginn, och wann de Steierzueler op den éischte Bléck net ëmmer gefält.

Fir datt dës Taxe/Steiere vun der Bevëlkerung positiv ugeholl ginn, gëllt et, se op där enger Säit sënnvoll auszeginn an anzesetzen, an op där aner Säit, fir e gréisstméiglecht Mooss u Steiergerechtegkeet ze suergen, getrei dem bekannte Prinzip, datt breet Schëlleren och eng gréisser Steierlaascht droe kënnen. Mee leider ass dat nëmme bedéngt esou.

Zu esou engem Bestriewen no méi Steiergerechtegkeet gehéiert och den Usaz, datt Erträg aus geleeschter Aarbecht net ewéi bis ewell, allze oft onverhältnesméisseg héich géintiwwer de Kapitalerträg belaascht dierfe ginn. Ugesiichts dem ongesonde Steierdumping bei der Betribsbesteierung an Europa a wäit doriwwer eraus, entsprécht dat a ganz ville Fäll haut jiddefalls net der Wierklechkeet. Déi Privat Menagen droen elo scho méi wéi zweedrëttel vun der Steierlaascht.

Falls déi zukünfteg Regierung op e neits eng Steierreform sollt an d‘A faassen, dierf dës op kee Fall Verschlechterunge fir déi natierlech Persounen enthalen. Ganz am Géigendeel sollte Verbesserunge fir d‘Menage, nieft der Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun ganz kloer e „Méi“ u Steiergerechtegkeet (falls et se iwwerhaapt gëtt) an ieweschter Stell vun den zukünftege Regierungsverantwortleche stoen.

Stock-options

E ganzt gutt Beispill, wéi een et dach besser net sollt maachen, ass déi enger méi gerechter Besteierung vu Kapitalerträg zuwidderlafend, net emol per Gesetz (wéi dat eigentlech de Fall sollt sinn), mee duerch einfach „administrativ Circulairen“ agefouert niddreg Besteierung vu Stock-options, Bestëmmung, déi doriwwer eraus bal exklusiv de Bezéier vun héijen Akommes steierlech Virdeeler verschaaft, wat 2017 laut dem deemolege Finanzminister zu engem Steierausfall vun iwwer 150 Millioune pro Joer gefouert huet.

Och wann op Grond vun der leschter Steierreform, duerch déi och déi Privat Menage méi oder wéineger entlaascht gi sinn, den effektive Steiersaz op Stock-options op 21% erhéicht ginn ass, esou bleift dëse Steiersaz lächerlech kleng a gehéiert verduebelt.

Steierklass 1A

Fakt ass och, datt d‘Mënschen, déi der Steierklass 1A ugehéieren, am meeschten dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. Dofir besteet och hei, awer net nëmmen do, weiderhi e groussen Handlungsbedarf. Déi hei agestuufte Steierzueler, besonnesch Elengerzéiender, misste bei enger nächster Steierreform wäitaus méi entlaascht ginn, wuel wëssend, datt haut bei steigendem Akommes kee wiesentlechen Ënnerscheet tëscht der Steierklass 1A an der Steierklass 1 (Jonggesellen) besteet.

D‘CGFP bleift an dësem Beräich bei senger berechtegter Fuerderung enger Astufung an d‘Steierklass 2, enger däitlech Erhéijung vum Steierkredit fir Elengerzéiender (subsidiär) an enger geréngerter Berécksiichtegung vun den Alimenter.

F.I.S.

De beschten an däitlechste Beweis, datt et keng Steiergerechtegkeet gëtt an dat politesch och net schéngt gewollt ze sinn, sinn allerdéngs déi sougenannten „Fonds d‘Investissement Spécialisés“, kuerz FIS genannt.

Zum bessere Versteesdemech: dës FIS si Fongen, déi sech duerch e Feelen vu all Beschränkungen hisichtlech den Aktiva, an déi investéiert dierf ginn, an eng manner streng Opsiicht, kennzeechent.

Am Moment sinn an dëse Fonge scho vu „gutt informéierten Investisseuren“ (investisseurs avertis) honnerte Milliarden Euro ugeluecht ginn. Et si leider net dës breet Schëlleren, déi de gréissten Deel vun der Steierlaascht droe mussen, mee all déijéineg, déi zur Mëttelschicht gehéieren: déi Beschäftegt an Ugestallte beim Staat oder de Gemengen, an/oder déi a Privatentreprise Beschäftegte Salariéeën, déi hir Steiere bis op de leschte Cent bezuelen.

Dës Fonge sinn also vun allen erdenklechen, traditionelle Steieraarte befreit. Eleng d‘Abonnement-Tax vun 0,01%, gëtt op der Gesamtheet hirer Nettoguthaben (avoirs nets) erhuewen, geschätzt op de leschten Dag vun all Quartal. Och déi vum FIS verdeelten Dividenden si vun der Quellesteier ausgeholl.

Eng fei Saach also fir all déi mat breede Schëlleren, de Groussverdénger, déi sech als gutt informéiert, professionell oder privat Investisseure bezeechne kënnen. Steiere ka jo d‘Mëttelschicht bezuelen an esou dofir Suerg droen, datt de Staat iwwerhaapt nach funktiounsfäeg bleift. Dat ass net méi tolerabel! Hei fuerdert d‘CGFP en Ëmdenke bei deene vum Bierger gewielte politesch Verantwortlechen, sollt et zu enger neier Steierreform kommen.

Dës Geleeënheet dierf grad elo net verpasst ginn.

Romain Wolff, CGFP-Nationalpresident

iwwersat aus dem däitsche vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten CGFP, Kapitalerträg, Mindestloun, Romain Wolff, sozial Gerechtegkeet, Steierklass 1A, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel