Search

You may also like

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of
Money Neiegkeeten

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Sech wiere kann duerchaus nëtzlech sinn. Den éisträicheschen Aktivist Max

money
De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of
Money Neiegkeeten

De Bitcoin hieft op enger internationaler Bourse of

De Bitcoin, déi wuel am Moment kontroverséiertst Kryptowärung op der

money
Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss
Money Neiegkeeten

Italien a Gespréicher mat China fir eng Bedeelegung un der Seidestrooss

Mat grousser Opmierksamkeet gëtt de Virstouss vun Italien, sech un

money

Steierreform oder net Steierreform?

Dem Finanzminister seng Ausso, datt et esoubal net zur geplangter Steierreform wäert kommen, suergt bannent der Dräierkoalitioun elo fir eppes Geknouters

Steierreform oder net Steierreform?

Et ass net eleng déi gréissten Oppositiounspartei (CSV) an déi ausserparlamentaresch Oppositioun (KPL), déi sech mam liberale Pierre Gramegna schwéier dinn, well dësen déi eigentlech dréngend benéidegt an am Koalitiounsaccord festgehale Steierreform, ob onbestëmmten Zäit ausgesat huet.

Nee et huet elo och en Dissens an der Koalitioun. DP, LSAP an déi gréng, wëllen eigentlech datt et endlech zu Fortschrëtter kënnt, dat och a besonnesch bei der Grondsteier, vun deenen dës Parteien emol behaapt hunn, datt et dat richtegt Instrument wier, fir den Immobiliëspekulanten endlech, déi gefuerdert Grenzen opzezeechnen. Problem: et schéngt zwar Interessi net awer de Wëllen ze hunn.

D‘Fraktiounspresidentin vun déi gréng, Josée Lorsché, huet dann alt nees, leider ouni wierklech ze iwwerzeegen drun erënnert, datt dat bestoend Gesetz aus der Zäitfënster gefall a folgerichteg och net méi den haidege gesellschaftlechen Ufuerderunge gerecht gëtt. De Georges Engel, Häuptling vun der neoliberaler LSAP weist drop hinn, datt d‘Inneministesch do Remedur schafe wëll.

Et heescht datt d‘Taina Bofferding (LSAP) an hir Beamte vum Ministère zesumme mat de Stied a Gemengen – ënner Berécksiichtegung vum Amenagementsplang (PAG) – schwéier domadder ze dinn hätten, eng Gesetzespropositioun zesummenzeschrauwen. Den Ultraliberale Virsëtzende vun der Finanzkommissioun, André Bauler (DP) confirméiert datt sech eppes deet, méi awer och net.

Verständlech, et ass net bekannt, datt ee Kueb deen anere géif en A erauspicken… Dobäi sollt awer, besonnesch oder grad wéinst der bestoender Logementskris, elo wierklech duerchgegraff ginn. Dat ass leider net esou einfach, well vill ënnert den Deputéierte misste géint sech selwer a „Frënn“ eng Reform op de Wee bréngen, déi si esou streng geholl ni gewollt hunn. Soss géif et se längst ginn…

Et geet net nëmmen ëm d‘Grondsteier

Nieft enger Revisioun vum Steierwiesen am Logement, gi jo mëttlerweil nach eng ganz Rei aner „Revisioune“ gefuerdert. Woubäi déi ronn 3 Milliarde Steierkaddo, déi dës Regierung iwwert den Ëmwee vun de speziellen Investitiounsfongen (FIS) verschenkt huet, schonn de gréissten Deel vun de krisebedéngten Ausgaben ofdecke géifen. Déi sollen zum 1. Januar ofgeschaaft ginn

Mee wann dann den André Bauler op der Tribün an der Chamber mengt ënnersträichen ze mussen, datt mir mat de Scholden, déi gemaach goufen, méi erauskréie wéi mir dra stiechen, dann dierf nees gelaacht ginn… Egal, et geet nach ëmmer ëm d‘Steieren. Datt de Banken- a Finanzwieselobbyist kee Frënd vu Kapital-, Ierfschaft a Verméigenssteier ass, gëtt awer konsequent Argumentéiert.

Esou wëll den André Bauler vu kengem verlaangen „fir d‘Friichte vun der Aarbecht vu sengen Eltere bezuelen ze mussen“. Domadder ass hien op der Linn vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee jo sengersäits drop higewisen huet, datt op dat „Verméige“ scho Steiere bezuelt goufen. Et war iwwregens de CSV-President Frank Engel, deen d‘Ierfschaft- a Verméigenssteier, am Summer an d‘Gespréich bruecht hat, wat och Parteiintern op eppes Widderstand gestouss war.

D‘Sozialiste stinn enger Ierfschaftssteier kritesch géinteniwwer, wëllen se awer net gänzlech ausschléissen. De LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel erkennt awer un, datt aus Solidaritéit, esou eng Steier scho sënnvoll ass, mee eréischt bei engem Verméigen ab 2,5 Milliounen Euro gräife soll. Wann do d‘Eegenheem mat dra gerechent gëtt, wier een tendéiert sech him unzeschléissen.

Wéi do d‘Regierung de Staatsdefizit 2020 an Héicht vu 4,4 Milliarden Euro absorbéiere wëll, ouni dat net integral dem Mëttelstand an d‘Menage mat geréngem Akommes opzëerleeën, ass nach net ersiichtlech. Geséchert schéngt, datt déi folgend Generatiounen nach laang un de Folge vun enger de Kapitalinteressen ënnerworfe Steierpolitik wäert ze knaen hunn. Just dat déi et net matkréien…

Foto: Beim Depot vum Budget 2021, hat de Finanzminister Pierre Gramegna däitlech gemaach, datt et keng nei Steiere géif ginn. Leider wier et den Ament och net méiglech déi am Koalitiounsaccord verankert Steierreform op de Leescht ze huelen. © Chambre des Députés/Flickr

Related topics Finanzplaz, Grondsteier, Ierfschaftssteier, Kapitalsteier, Pierre Gramegna, Steierreform, Verméigenssteier
Next post Previous post