Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Ofgeschiermt
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?
Meenung Neiegkeeten

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

D’Geschäfter an eise Stied hunn et ëmmer mi schwéier, hier

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
Meenung Neiegkeeten

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren

Oppene Bréif un de Finanzminister Här Pierre Gramegna

Steierreform a sozial selektiv Steiermesuren

Här Finanzminister Pierre Gramegna,

D’Steierverwaltung huet ee vun de wichtegsten Aufgaben am Finanzsecteur an hëlleft aktiv mat zu der Entwécklung vun engem Netz vu Konventiounen, fir d’Duebelbesteierung ze vermeiden. D’Sozialliberal Partei mécht sech awer Gedanken ëm all déi Persounen déi an der Steierklass 1 verweilen a desavantagéiert ginn.

Dass de Lëtzebuerger Steiersystem ongerecht ass, ass schonn eng zäit laang bekannt. D’Sozialliberal Partei mengt dat et der Politik awer zimlech egal ze sinn schéngt. Steierreform vun 2017 war politesch gesi just nëmmen e Minimalkonsens. Belaaschtung vun de physesche persounen ass einfach ze héich, net sozial a net gerecht. Ongläichheet ass onsozial. Ophalen d’Aarbecht also d’Salariat ze besteieren, dofir grouss Gewënner vun de Multikonzerner richteg besteieren. D’Regierung soll sozial selektiv Steiermesurë fir d’ Leit aféieren.

SLPL fuerdert onbedéngt a schnellst méiglech eng ugepassten Entlaaschtung u Steiere fir den einfache Bierger. Dat well net heeschen, dass Steierklass 1 ganz verschwanne muss. Déi héich Steieren an der Steierklass 1 weisen, dass Politik hei zu Lëtzebuerg vill ze laang nogekuckt huet an net vill ënnerholl huet. Politik muss reagéieren, soss ass Steiergerechtegkeet net méi ginn.

Mir fuerderen, datt Grondsteier a Gewerbesteier bei den Entreprisë mat grousser Surface, erhéicht an ugepasst muss gi fir méi eng sozial a fair Gerechtegkeet bei der Majoritéit vun der Bevëlkerung ze hunn a fir Baulandspekulatiounen endlech an de Grëff ze kréien. Een de vill Geld well verdénge soll och deementspriechend Steiere bezuelen.

Mir brauchen eng sozial Steierreform fir Lëtzebuerg, fir eis Biergerinnen a Bierger !

An dësem Kontext wëlle mir gär déi folgend Froe stellen:

  • 1. Wéi héich ass aktuell de Korrektiv. Steieren déi benotzt gi vir Verfeelunge vun der Gesellschaft auszegläichen ?
  • 2. Ginn et schonns Mesure fir d‘Steierklass 1 gerecht unzepassen ?
  • 3. Wéi laang dauert et nach fir sozial selektiv Steiermesuren anzeleeden ?
  • 4. Wéi schnell kann d‘Regierung eng Entlaaschtung u Steiere fir den Normalverdénger aleeden ?
  • 5. Wéi wéit ass Regierung mat der Upassung vun der Grondsteier a Gewerbesteier fir Entreprise mat grousser Surface ?

An Erwaardung Iech ze liese soen Ech Iech, Här Finanzminister, villmools Merci a verbleiwe mat respektvolle Gréiss.

Am Numm vun der Partei: Ronald Mordiconi – Nationalpresident vun der SLPL

Sozialliberal Partei Lëtzebuerg

Déi hei duergestallte Meenung ass déi vun de Signatairen a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun der moien.lu-Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Pierre Gramegna, Ronald Mordiconi, Sozialliberal Partei Lëtzebuerg, SPL, Steierreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel