Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Meenung Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren
Meenung Neiegkeeten

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där

surprise
Douane mat engem erfreeleche Bilan
Meenung Neiegkeeten

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal

Editorial: Stell der vir et sinn Europawahlen an et ass jidderengem egal

D‘Wierfel si gefall, rien ne va plus, wéi de Fransous géif soen… Europa huet gewielt a 751 Mandater fir d‘Europaparlament erausginn. Ganz Europa? Nee… mee awer ëmmerhin nach all zweete Bierger huet d‘EU-Wahlen 2019 fir wichteg genuch gehalen a gebrauch vu sengem Demokratesche Recht gemaacht. „50% + x“ gëllt no politeschem Moossstaf als Representativ.

Géif ee bei dëser Berechnung elo déi fënnef Länner aushuelen, déi Wahlflicht hunn, also wou de Bierger noutgedrongen zumindest de Wahlbüro opsicht, kéint ee jee no Quell bis ënner 40% Wahlbedeelegung kommen. Et wier deemno gewot ze behaapten, datt Europa tatsächlech bei de Bierger ukomm wier. Woubäi dat d‘Politik esou wéineg interesséiert wéi de Bierger Europa.

Net ze vergiessen, datt – egal a wéi engem Land een den test géif duerchféieren – kaum een déi am Europaparlament vertruede Politiker kennt a ee sech séier wéineg fir d‘Parteien am Ausland interesséiert. Wat normal ass, vu datt sech déi meescht nach net emol fir d‘Parteien am eegene Land interesséieren. Mat Demokratie am eigentleche Sënn huet dat ganzt um Enn näischt méi ze dinn.

Wéi et do leit ka ginn déi behaapten, datt de Gewënner vun de Wahlen d‘Europaparlament wier entzitt sech eisem Versteesdemech. E Parlament an deem esou schwéier wéi nach ni wäert ginn eng kredibel a virun allem Stabil Koalitioun op d‘Been ze stellen, wuel wëssend, datt et e puer honnert Volleksvertrieder am Parlament gëtt, déi sech fest virgeholl hunn d‘Institutioun ze sabotéieren.

Verluer huet d‘EU-Parlament schonn duerch d‘Bedeelegung vu Groussbritannien un dëse Wahlen. Si wollten eigentlech der europäescher Famill de Réck zougewennt hunn, sinn awer onentschloss bliwwen a suergen elo mat hire Brexiteers fir schlecht Stëmmung. Woubäi et en Trappewitz vun der Geschicht ass, datt grad d‘Brexit Party déi gréissten eenzel Partei am Europaparlament wäert sinn.

Do kënnt beim Wieler Stëmmung op an d‘Tatsaach datt Kommissiounspresident, Rotspresident, Kommissär fir Aussenugeleeënheeten an EZB-President „ausgehandelt“ ginn, dierft zu weiderer Begeeschterung féieren. Europa, ob als Projet oder Institutioun, ass déi grouss Onbekannten, nettransparent, onverständlech a gëtt zum Zweck vun nationale Politike stänneg mëssbraucht.

Et ass dann och egal ob den däitsche Manfred Weber oder den hollännesche Frans Timmermans d‘EU-Kommissioun an den EU-Rot presidéieren. Um Enn deelen se sech et souwisou op an d‘EU-Parlament dierf et bestätegen. Hei gëtt et wuel esou eppes Widderstand, well de Prinzip vum Spëtzekandidat jo nach ëmmer Bestand huet. Fir d‘Kritiker un der Unioun ass dat e Glécksfall…

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Europawahlen 2019, Populisten, Spëtzekandidat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel