Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA-Iran: De Konflikt fënnt längst statt (Erklärung & Analys)
Neiegkeeten

USA-Iran: De Konflikt fënnt längst statt (Erklärung & Analys)

Bei der Eskalatioun tëscht den USA an dem Iran, zeechent

Vill Theme goufen haart ugeschwat
Neiegkeeten

Vill Theme goufen haart ugeschwat

D‘KPL ass net kleng ze kréien an si hëlt hire

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht
Neiegkeeten

Begeeschtert net nëmmen op der Pist: Olympionik Gus Kenworthy kusst säi Frënd a schreift Geschicht

Den amerikanesche Freestyle Schi-Fuerer Gus Kenswourth gouf – zu senger

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen

Si ass eng vun de wéinegen Organisatiounen, déi hiren operationelle Part zwar erofgefuer, net awer agestallt huet. Bei der Stëmm vun der Strooss, ass een och an dëse schwieregen Zäite beméit, deene Leit, déi sech net einfach emol esou an hire véier Wänn anigele kënnen, well se där nu emol keng hunn. D‘Cheffin Alexandra Oxacelay begréisst dann awer datt d‘Wanteraktioun verlängert gouf.

An hire Foyere ginn och ënnert normalen Ëmstänn all Dag honnerten hongereg Mailer gestoppt an déi Situatioun huet sech am Kontext vun der sanitärer Kris net verbessert, am Géigendeel. Mee d‘Diere mussen elo zoubleiwen, déi Mënsche gi plëtzlech zur Gefor, wat nach bleift ass ee Maufel fir „ënnerwee“. Woubäi dëse Maufel elo och bedreet schéngt. Et kënnt kee Fudder méi erbäi…

Strooss

© Kylie de Guia / unsplash

Also net guer keng Liewensmëttel, mee entschidde Manner wéi soss, an nach klappt dat mat der Solidaritéit ganz gutt, behaapt zumindest déi engagéiert Damm, déi sech wéi ee Namurskichelchen iwwert den Don an Héicht vun 12.000 Euro vun der Fondatioun Groussherzogin Charlotte gefreet huet. Déi goufen an ee professionelle Mixer investéiert, wat d‘Aarbecht géif erliichteren.

Méi ass net dran

Elo kéint ee mengen, datt dat drénglechst – eng waarm Moolzecht den Dag – jo assuréiert ass, an et eise Strummerten also och éischter un näischt feelt. Dat ass gedanklech eppes kuerz gegraff, well d‘Stëmm net nëmmen dofir Suerg dréit datt dës Mënschen eppes ze baffen hunn, mee hinnen ënnert ganz normalen Ëmstänn och nach eng ganz Rei aner immens wichteg Servicer zoukomme léisst.

Strooss

© Daniel Pascoa / unsplash

Hei op der Stëmm vun der Strooss, op an der Stad oder zu Esch-Uelzecht, konnten sech d‘Sans Abri duschen, hir Kleeder wäsche loossen (Schweessdrëps) an hunn och soss Hygiènesartikel ausgedeelt kritt. Wie Chance hat, konnt esouguer un enger vun de ville Reinsertiounsmoossnamen deelhuelen. Dat geet ënnert de presenten Ëmstänn natierlech net méi, de Schutz vun de Mataarbechter geet vir.

Zudeem stéisst d‘Alexandra Oxacelay ee gudde Punkt un: déi Leit déi sech aus der Verantwortung dëser Populatioun géinteniwwer geschlach hunn, sinn déi wou dësen elo wëlle Reegelen operleeën, déi si – wat scho soss éischter net de Fall ass – esou guer net anhale kënnen. (Mir hu widderholl versicht Äntwerten ze kréien, mee eis Froe kommen net un) Zudeem hu si grad aner Prioritéiten…

Ähnlech Sujeten Alexandra Oxacelay, Coronavirus, Covid19, Stëmm vun der Strooss, Strummerten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel