Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet
Fail International Neiegkeeten

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet

Et ass net ëmmer kloer, wat bei Meldungen, déi duerch

surprise
En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier
Fail International Neiegkeeten

En Auswee aus der Nordkorea-Kris gëtt ëmmer méi schwéier

Mir mussen den Drock erhéijen. Dat schéngt d’Taktik ze sinn,

geek
Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“
Fail International Neiegkeeten

Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“

De 6. Dezember huet Microsoft ugekënnegt, datt ee Pläng huet,

dislike

FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland

FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland

„Passt op är Handyen an är Computer oder Tabletten op, wann der ieren a Russland während der Fussballweltmeeschterschaft ënnerwee sidd“, esou d‘Warnung vun engem héije Beamte vum US-Geheimdéngscht um Mëttwoch. Dee wëll iwwerzeegt sinn, datt all déi elektronesch Gadgeten, vun de Cyber-Spiounen am Déngscht vum Kreml, gekapert kënne ginn.

De William Evanina, Direkter vum nationalen Zenter fir Sécherheet a Géigespionage huet gewarnt, datt och déi, wou vu sech mengen ze „onwichteg“ ze sinn, fir d‘Zil vun enger Band vu Spiounen ze ginn, a Russland net sécher sinn. „Jiddereen deen a Russland un der Fussballweltmeeschterschaft als Zuschauer oder Supporter deel hëlt, dierf sech kengen Illusiounen higinn, iwwert déi Cyber-Risiken déi esou eng Rees mat sech bréngt“, esou den Evanina an engem Communiqué.

„Wann dir et virgesinn hutt en Handy, e Laptop, e perséinlechen elektroneschen Assistent, oder all aner elektronesche Gadget matzehuelen – täuscht iech net – all d‘Daten op dësen Apparater (an hei gëtt besonnesch op déi perséinlech Identifikatiounsdaten higewisen) kënne vun der russescher Regierung oder Cyber-Kriminelle consultéiert ginn“, betount de William Evanina.

Laut dësem Mann, deen aus engem Land kënnt, wou een als Tourist oder Geschäftsmann spéitstens um Fluchhafe vun der US-Paranoia erfaasst gëtt, réit tatsächlech den Amerikaner, dat et am beschten ass, wann ee guer näischt mathëlt, wat een net wierklech an onbedéngt braucht. Wat ee muss mathuele soll ee schützen, am beschten andeems een d‘Batterie aus dem Apparat hëlt, wann een dësen net benotzt. Hie weist drop hin, datt a Russland all Mënsch e potenziellt Zil ass.

Datt et méiglech ass, technesch betruecht, wëssen déi wou et erfonnt hunn. 2 Deeg virum Optakt vun der Fussballweltmeeschterschaft dann esou e Communiqué an d‘Welt ze setzen, ka beschtefalls derzou déngen, engem „Feindbild“ e gréissert Gewiicht ze ginn, wéi dat tatsächlech de Fall ass. Et ass zudeem net bekannt datt d‘US-Fussballer op hir elektronesch Spillsaache géife verzichten.

Mat AFP

Ähnlech Sujeten Cybercrime, FIFA, Fussballweltmeeschterschaft, Russland, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel