Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum
Uncategorized

Venezuela: President Nicolas Maduro verwërft EU-Ultimatum

Wéi den Nicolas Maduro, demokratesch gewielte President vum Venezuela sech

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?
Uncategorized

Ass d‘Fuerderung vun der DP fir e gratis ëffentlechen Transport en opportunistescht Manöver?

Am Wahlprogramm vun der demokratescher Partei (DP) steet geschriwwen: „Fir

Den IDAHOT, erkläert
Uncategorized

Den IDAHOT, erkläert

Haut ass den internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie an Biphobie,

Stenia Zapalowska – ee Liewe fir den Danz

Stenia Zapalowska – ee Liewe fir den Danz

Um 8. Mee invitéiert den Centre National de Littérature (CNL) zu Miersch Iech häerzlech ob een Owend zu Éieren vun der Dänzerin Stenia Zapalowska (1921-2017). Mat enger grousser Diversitéit un originalen Dokumenter bitt d’Kënschtlerin engem déi seele Geleeënheet dat flüchtegt Medium vum Danz kennen ze léieren an hirer ereegnisräicher Biografie méi no ze kommen. Mat Schlësselmomenter rekonstruéiere mir d’Entwécklung vum professionellen Danz aus Lëtzebuerg!

Schonn am Alter vu 4 Joer huet sech d’Zapalowska fir de Beruff Dänzerin entscheet. 1937 ass si an den Ensembel vun der renomméierter polnescher Nationaloper opgeholl ginn, sou si bis zur Besetzung vun der Heemescht duerch dat Drëtt Räich verbleift. Uschléissend besicht si den Teatr Polski, déi eenzegt nach funktionéierend Bühn a Warschau. Et ass och hei, wou d’Dänzerin 1043 hiren zukünftege Mann kenneléiert – de Lëtzebuerger Schauspiller Florent Antony. Mat him kënnt si ëm 1943 an de Grand-Duché.

Déi nei Heemecht erweist sech als wéineg gëeegent fir den Danz. Och déi national Zougehéieregkeet an den als onseriéis ofgestempelte Beruff maachen et hir schwéier. Trotzdeem hält d’Zapalowska un der Konscht fest a leet 1945 déi erfollegräich Grondlag fir de professionellen Danz an eng norméiert Danzerzéiung zu Lëtzebuerg. Entscheedung ass virun allem d’Iwwerhuele vum mëttlerweil weltwäit féierende Formatiounssystem vun der Londoner Royal Academy of Dancing am Ufank vun den 1960er Joer.

Bei dësem Virtrag geet et ëm d’Karriär vun der aflossräicher Dänzerin, Choreographin an Danzpädagogin vum Ufank ëm 1925 bis an d’80er Joer. D’Danzsstéck „Trou noir“, wat un der Biografie vun der Kënschtlerin inspiréiert ass, leet den Owend an. D’Evenement gëtt an Zesummenaarbecht mat CID Fraen an Gender, sou wéi Troic C.-L. Organiséiert.

Um 19:30 Auer fänkt de Virtrag un. Den Entrée ass gratis.

Opmaacherfoto: d’Stenia Zapalowska aus der Sammlung CNL ©Théo Mey

Ähnlech Sujeten Biografie, CNL, Danzen, Miersch, Stenia Zapalowska
Nächsten Artikel Virrechten Artikel