https://moien.lu/dating-sites-popular/
Et gëtt faarweg an lëschteg! Mir kënne Konfetti just vun
Et gëtt faarweg an lëschteg! Mir kënne Konfetti just vun
Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider
Gëschter gouf no der Debatt d’Gesetz zur Promotioun vun der
Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass, wéi dem Stephen King säin. Dat läit net nëmmen un der grousser Zuel u Bestselleren, déi e geschriwwen huet, mee och un deenen erfollegräiche Verfilmungen, déi ëmmer erëm an de Kino kommen. Haut feiert en säin 70. Gebuertsdag, an e schéngt der Saach net midd ze ginn. Mir hunn e puer Saache recherchéiert, déi s de onbedéngt iwwert hie wësse sollts.
Och wann do d‘Meenungen nawell ausernee ginn, huet de Stephen King genuch Klassiker geschriwwen, fir datt ee laang ze liesen huet: Vu Carrie, eriwwer op Shining an IT si seng Horror-Romaner absolut liesenswäert. Vu senge méi rezente Bicher ass och Mr. Mercedes ze empfeelen, virun allem fir all déi, déi net onbedéngt eppes mat Horror kënnen ufänken. Laut enger Ëmfro vum Rolling Stone ass allerdéngs The Stand dat beléiftste Buch vun him.
Carrie, The Shining an IT kruten exzellent filmesch Ëmsetzungen. Déi aktuell Verfilmung vun IT ass besonnesch ze empfeelen, kënnt se souwuel bei de Kritiker als och beim Publikum ganz gutt un. Shawshank Redemption, d‘Ëmsetzung vun enger Kuerzgeschicht vun him, gëllt als ee vun de beschte Filmer, déi jeemols gemaach gi sinn. Och The Green Mile gëtt héich gehandelt.
Eppes, wat dem Stephen King säi Liewen a Wierk gepräägt huet, ass den Alcohol- an Drogemëssbrauch, deen an den 80er säin Héichpunkt kannt huet. Enn den 80er krut e sech vun all deem lassgeléist. 1999 gouf e vun engem Auto ugefuer. Zënter deem huet en d‘Gefill, wéinst de Verletzunge manner schnell schreiwen ze kënnen.
De Stephen King huet haut en enorm bekannten Numm. Dat hënnert en awer net, geleeëntlech ënnert engem Pseudonym eppes eraus ze bréngen. Als Richard Bachmann huet en an de 70er an 80er Kuerzgeschichten eraus bruecht. Dat war allerdéngs dem Steve Brown opgefall, deen dann duerch Recherchen eraus fonnt huet, datt sech dohannert de Stephen King verstoppt.
Mam Buch On Writing huet de Stephen King eent vun den hellefräichsten an zugläich ennerhalsamsten Ratgeberen zum Thema Schreiwen eraus bruecht. All Joer entdecken jonk Schrëftsteller duerch hinn deels grondleeënd Reegelen, wéi een e Bestseller schreiwe kann. Ausserdeem léiert een immens vill iwwert dem King seng Vergangenheet, wat vill Elementer vun den Handlunge vu senge Bicher méi interessant maachen.
D‘Lëscht vu Schrëftsteller, déi den aktuelle President vun de Vereenegte Staate kritiséieren, ass zimlech laang. Dem Stephen King säin Twitter Account ass awer mat ënner ee vun den ënnerhalsamere Beispiller.
D‘Tabitha King, dem Stephen King seng Fra, ass och eng aktiv Schrëftstellerin mat aacht publizéierte Romaner. De Joseph King schreift als Joe Hill Bicher a Comics an huet souguer en Eisner Award gewonnen. Den Owen King huet eréischt an den 2000er ugefaange mat Schreiwen an nach keng grouss Unerkennung gewonnen. D‘Duerschter Naomi King ass net schrëftstelleresch aktiv.
Foto: Scott Eisen/Getty Images for Warner Bros./AFP