Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020
Kultur Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 12. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et esou wäit: de VIP Room

Politiker: déi nei bedreeten Aart
Kultur Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King

Alles Guddes fir de Gebuertsdag, Här King (wann och nodréiglech)! De Meeschter vun den Horrorgeschichte krut e Méindeg nämlech seng 73 Joer. An all de Jore sinn him d’Iddie glécklecherweis net ausgaangen, wouduerch mir Iech säin neit Buch „Blutige Nachrichten“ (Heyne) virstelle kënnen.

Et fannen sech véier ënnerschiddlech Novellen an dësem décke Schmöker. Heiansdo méi kuerz, heiansdo och méi laang. Well ech dem Här King seng Bicher all kennen, war et mir eng Freed d’Holly Gibney aus dem Outsider-Buch erëmzebegéinen. Säi Charakter ass nawell eenzegaarteg an hatt huet sou munch Macken. Mä hatt huet och e gudde Bléck fir Detailer – Klengegkeete falen em op, déi aner Leit mol net bemierke géifen.

U sengem Selbstbewosstsinn huet hatt och geschafft. Gutt, et muss een “Der Outsider” net onbedéngt kennen, ech mengen awer, datt e bëssen Hannergrondwëssen nach méi Freed mécht. Nieft dem Holly begéine mir nach aner Charakteren aus der Bill Hodges Rei.

King

D’Buch ass en typesche King. Entweder et kann een eppes mat sengem Horrorstil ufänken oder net. Mech zitt en allkéiers a säi Bann. E puer Sätz ginn duer, fir de Recht vun der Geschicht gefaangen ze sinn. An dat mécht e gudden Auteur aus. En ass eenzegaarteg. Magie vu senge Bicher?

All Charakter hunn eng onverkennbar Stëmm, déi e wärend dem Liesen héiert – ob e wëll oder net …

Iwwer déi véier Novelle wëll ech net ze vill erzielen, et wär gutt, wann Dir D’Charakteren all selwer kenneléiert. An dat ass derwäert! Et geet ënnert anerem ëm Handyen, Frëndschaften a Bicher – natierlech mat Gruseleffekt!

Eng vun den Novellen ass e bësse méi speziell opgebaut, dem Chuck säi Liewe gëtt vun hannen erzielt. Iwwerrascht gouf ech do vun dem klengen Touch Philosophie. Ass et eng Dystopie? Geet et ëm den Zesummebroch vun der Welt? Ma dat ass un eis ze entscheeden, jiddefalls ass et e Bléck op Liewen an Dout!

An där leschter Geschicht huet den Drew eng Schreifblockade. En hëlt sech eng Auszäit vun der Aarbecht a Famill. Wat do wuel passéiert?

D’Buch huet mir ofwiesslungsräich Liesstonne geschenkt, den Här King huet alt nees bewisen, datt hien et drop huet

Souguer d’Nowuert ass derwäert ze liesen, den Auteur schreift e bëssen iwwer seng Léift zum Holly. Ewéi scho gesot, et ass e fantastesche Charakter, hoffentlech begéint een hatt an engem weidere Buch erëm!

A gutt, datt den Här King schreiwe kann, ouni es selwer mat der Angscht ze kréien!

Related topics 4 Novellen, Bicher, Blutige Nachrichten, Buchpresentatioun, Frëndschaft, Gebuertsdag, Gruseleffekt, Holly Gibney, Horror, Literatur, Stephen King
Next post Previous post