Search

You may also like

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza
International Neiegkeeten

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS
International Neiegkeeten

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS

D‘Weltraumkapsel „Crew Dragon“ vun der US-Entreprise SpaceX, huet no 27

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt
International Neiegkeeten

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt

D‘Stuff Brauerei vu Steesel huet villes ze bidden an dozou

SteriLux: Een zweet Liewen fir d’Schutzmasken

Lausanne – Eng Start-up deen an der Steriliséierung aktiv ass hofft dem Mangel u medezineschem Equipement entgéint wierken ze kennen.

An den Zäiten vum Covid-19 sinn Gesiichtsmasken an der grousser Nofro. Eng vun dëse Schutzmaske gëtt just fir e puer Stonnen gedroen an dann ewechgehäit. Wat d’Disponibilitéit natierlech limitéiert.

SteriLux

SteriLux huet seng Steriliséierungsmethoden adaptéiert – vu Veterinärsinstrumenter op Masken © SteriLux

D’Start-up SteriLux vu Lausanne huet dofir seng Maschinnen e bëssi modifizéiert, fir de benotzten Schutzmasken een zweet Liewen ze erméiglechen. Net nëmmen huet d‘Start-up ee Lëtzebuerger Investor, mee och eng jonk Lëtzebuergerin bei sech schaffen. No hirem Studium an der Bio-Ingenierie zu Lausanne, ass si elo d’Responsabel fir d’Validatioun vum Sterilisatiounsverfahren.

Aktuell ugebueden fir Veterinären fir d’Steriliséierung vun Instrumenter, woubäi d’Zertifizéierung fir de medezinesche Secteur nach am gaangen ass, erlaabt déi Method et déi Mikroorganismen a Viren an 3 Stonnen ze “desaktivéieren” mat Hëllef vun Ozon.

SteriLux

© SteriLux

Momentan mécht nach keen et, well dës Masken sinn fir den eemolegen Gebrauch geduecht. Vue que datt d’Situatioun awer am Moment esou aussergewéinlech ass, wëll een d’Steriliséierung mat Ozon, eng Technologie déi schonn fir eng laang Zäit bekannt ass, asetzen. D’Effektivitéit vun dëser Method gëtt an der wëssenschaftlecher Literatur confirméiert, genau esou wéi den Fakt, datt d’Masken bei der Prozedur net beschiedegt ginn.

Deen eenzege Risiko, deen et heibäi ze berécksiichtegen gëllt, ass awer d’Ofnotzung beim éischten Gebrauch. Sterilux bitt also un, seng sechs Maschinnen zur Verfügung ze stellen oder gebrauchten Masken anzesammelen. Soubal se behandelt goufen, ginn se dann erëm verdeelt.

SteriLux

© SteriLux

Erreecht gëtt eng Stéckzuel vun bis zu 300 Maske pro Dag an pro Apparat. Fir ee Spidol geet dat natierlech net duer, mee fir aner Beruffer, wéi z.B. Verkeefer*innen, ass et schonn vill. D’Haaptzil ass et ze erméiglechen, datt d’Mask méi laang gedroen kann ginn.

Net nëmmen déijéineg, déi een Enkpass un Masken hunn soe Merci, ma d’Ëmwelt ass do och bestëmmt ganz frou driwwer, zemools wëll fir des Method wéineg Energie an manner Waasser gebraucht ginn.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Gesiichtsmasken, Liewensdauer, Ozon, Schutzmasken, Start-up, Steriliséierung, SteriLux
Next post Previous post