Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neien Arrêt ‘Simone de Beauvoir’ um Boulevard Pierre Frieden
Money Neiegkeeten

Neien Arrêt ‘Simone de Beauvoir’ um Boulevard Pierre Frieden

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Notzer vum ëffentlechen Transport, datt ab haut

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)
Money Neiegkeeten

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)

Um Méindegmueren hat den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid géint néng

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum
Money Neiegkeeten

Coronavirus: G7-Ausseministersommet am virtuelle Raum

Eigentlech hat sech den US-President drop gefreet, matten am US-Wahlkampf

money

Wann d‘Geld ufänkt knapp ze ginn

D‘Inneministesch confirméiert datt all d‘Stied an d‘Gemengen hir Rechnunge bezuele kënnen

Wann d‘Geld ufänkt knapp ze ginn

Wéi sengerzäit de Budget fir 2020 virgestallt ginn ass, do war d‘Welt nach an der Rei a vun engem Virus goung do och nach net rieds. Et hat sech een agreabele Budgetsiwwerschoss fir eis 102 Stied a Gemengen ofgezeechent. D‘Previsiounen hunn ee positive Saldo an Héicht vun 341 Milliounen Euro ausgewisen. Am Mäerz war een dann eppes iwwerrascht, datt dorausser en Defizit ginn ass.

An tatsächlech. Am Mäerz huet de Budget fir d‘Stied an d‘Gemengen ee Minus vun 11 Milliounen Euro opgewisen. Datt ass entgéint de Previsiounen, déi bei der Virstellung vum Budget an der Chamber duergestallt goufen, eng kleng Differenz vu grad emol 352 Milliounen Euro. Den nationale Rot vun den ëffentleche Finanzen (CNFP) hat dann och zäiteg dorobber higewisen.

Ze notéieren ass hei, datt dës Haushaltsdiskrepanz virun der Kris ze datéieren ass, firwat et elo och entspriechend eidel an de Keese vun de Stied a Gemengen ausgesäit. Gëschter da war d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) mam Finanzminister Pierre Gramegna (DP) an der Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten, fir sech zu dësen Zuelen ze positionéieren.

Wéi et heescht hätt dës Diskrepanz eppes mat der Differenz tëscht der Estimatioun aus dem Oktober 2019 an de reellen Zuelen ze dinn, déi eréischt am Mäerz 2020 virgeleeën hunn. De Finanzminister huet kloergestallt, datt déi budgetär Previsiounen entspriechend den normale Prozeduren an unhand deenen zur Verfügung stoenden Informatioune gemaach goufen. Hei huet keen ee Feeler gemaach.

Uschléissend sinn aus den Estimatiounen da konkret Zuele ginn, an déi hunn eng signifikativ Baisse opgewisen. Déi zoustänneg Verwaltungen an de kommunale Secteur ass entspriechend an an aller Transparenz informéiert ginn, esou de Pierre Gramegna. Hien ass dann och nach emol op den Impakt vun der sanitärer Kris ze sprieche komm, firwat den negative Saldo bei 371 Millioune läit.

Et wieren Zuelen déi engem kéinten Angscht maachen, esou d‘Inneministesch, mee si verséchert, datt si engersäits vollst Verständnis fir d‘Suerge vun de Stied a Gemengen huet, wéi si och wäert sécherstellen, datt déi hir Rechnunge bezuele kënnen. D‘Reform vun der Finanzéierung vun de Stied a Gemengen (2017) hätt jo derzou bäigedroen, datt d‘Finanzsituatioun consolidéiert ginn ass.

Eng global Enveloppe fir den Defizit opzefänken ass allerdéngs net virgesinn. Dofir riicht d‘Taina Bofferding en Appell un d‘Stied a Gemengen, un den Investissementer festzehalen. Iwwert den Ëmwee vun de projektgebonnene Subventioune ginn d‘Investitioune jo ënnerstëtzt. Eng Hausse vun de Subside fir kollektiv Equipementer (vu 40 op 45%) wier jo an der tëscht och virgesinn.

Illustratioun: © Mche Lee / unsplash

Ähnlech Sujeten Finanzminister, Gemengefinanzen, Inneministesch, Pierre Gramegna, Stied a Gemengen, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel