Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Den Aarbechtsministère informéiert!

Den 12. Mäerz 2019 ginn zu Lëtzebuerg Sozialwahlen ofgehalen. Den

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden
Neiegkeeten

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden

Et war schonn déi drëtt Editioun vun der „Luxembourg Gaming

surprise
Dëse Video erkläert der, Wéi d’Kuba-Kris entstanen ass
Neiegkeeten

Dëse Video erkläert der, Wéi d’Kuba-Kris entstanen ass

Extra Credits bréngen op hirem Kanal normalerweis Videoen iwwert Videospiller.

Doud duerch Stierfhëllef: An Zukunft als natierlech Doudesursaach ugesinn

Doud duerch Stierfhëllef: An Zukunft als natierlech Doudesursaach ugesinn

No der Propositioun vum Vize-Premier a Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Regierungsrot elo ee Gesetzesprojet ugeholl, dee virgesäit, Ännerungen um Gesetz vum 16. Mäerz 2009 zur Euthanasie a Stierfhëllef, sou wéi dem modifizéierte Gesetz vum 24. Juli 2014 zu de Rechter an Obligatioune vum Patient virzehuelen.

„De Gesetzesprojet proposéiert, datt den Doud vun enger verstuerwener Persoun no der Euthanasie oder Hëllef zum Suizid als natierlechen Doud opgeholl gëtt. Esou wäerten d’Konsequenze vum Doud kloer sinn, virun allem wat d’Doudesëmstänn ugeet, speziell am Kader vun der Liewensversécherung, déi de verstuerwene Patient eventuell ënnerzeechent huet“, erkläert de Minister Schneider. Ab deem Zäitpunkt gëtt Euthanasie an Stierfhëllef also net méi equivalent zu engem Suizid ugesinn.

E puer Zuelen

Säit dem Akraafttriede vum Gesetz zur Euthanasie an der Stierfhëllef ass d’Zuel un Deklaratiounen zur Euthanasie konstant bliwwen. Tëscht 2009 an 2010 si 5 Deklaratiounen zu Lëtzebuerg agaangen. Fir d’Period tëscht 2011 an 2012 ass dës Zuel op 14 eropgaangen, fir 2013 nees op 9 gefall an 2014 weider op 7 erofgaangen. Am Joer 2015 louch ee bei 8 Deklaratiounen, 2016 bei 10, 2017 bei 11 a lescht Joer bei 8 Deklaratiounen.

D’Gesetz gesäit vir, datt de Patient sech an enger medezinescher Situatioun ouni Auswee, sou wéi am Zoustand vun enger konstanter an onerdréiglech physescher oder psychescher Krankheet, ouni Aussiichten op Verbesserung befanne muss. Dëst ka verursaacht ginn duerch een Accident oder eng Pathologie. An der Period 2017/2018 ware beispillsweis 2 Fäll vun Euthanasie dobäi, wou eng neurodegenerativ Krankheet de Grond zu dësem Schrëtt war. Ee Mol war et eng neuro-vaskular Krankheet, ee Mol eng systematesch Krankheet an, an allen anere Fäll Kriibs.

De Rapport vun der nationaler Kommissioun zur Kontroll an Evaluatioun zum Gesetz vum 16. Mäerz 2009 kann een um Gesondheetsportal eroflueden.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Euthanasie, Gesetz, Gesondheet, Krankheet, Stierfhëllef
Nächsten Artikel Virrechten Artikel