Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vun zwee Beruffsoffizéier bei der Arméi
Sport

Vereedegung vun zwee Beruffsoffizéier bei der Arméi

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch nees zwee Beruffsoffizéier vun

CGDIS: Feierlech Iwwerreechung vun de Graden
Sport

CGDIS: Feierlech Iwwerreechung vun de Graden

Manner wéi ee Joer no der Entstehung vum Corps Grand-Ducal

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!
Sport

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi fir d‘Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun vun de rouden Däiwel organiséiert gi war. An tatsächlech haten „Les Diables Rouges“, den zweet eelsten nach Aktive Veräi vun der Federatioun, beim „Hild“ zu Diddeleng net gelappt.

Vill Hänn waren dann och néideg an alles wat am, beim oder soss fir de Veräin aktiv ass, hat seng Aufgab kritt an iwwerholl. Vum Grill iwwert de Comptoir bis bei de Service, näischt war dem Zoufall iwwerlooss ginn. Och de Programm konnt sech weise loossen: krass coolen DJ, Travestie-Show an eng Tombola mat wierklech flotte Präisser.

De Federatiounspresident Marcel Kirsch huet d‘Soirée da mat der traditioneller Begréissungsried opgemaach. An éischter Linn ass all de Veräiner, hire Piloten a Membere, fir eng wuel kuerz awer gelonge Saison Merci gesot ginn. E Merci deen dann awer och un d‘Ministèren, de Leit déi d‘Terrainen zur Verfügung stellen an de Rettungsdéngschter geet. Ouni déi geet et net an dat ass um Samschdegowend honoréiert ginn.

E gesënnerte Merci geet dann och un d‘Sponsore, déi der FLSC a senge Veräiner trei sinn. Déi vill benevole Fotografen, déi all Course dokumentéieren an net ze vergiessen d‘Vertrieder vun der Presse, déi et verstinn d‘Aktioun vun der Coursen an d‘Resultater uechtert d‘Land ze verbreeden. E grousse Merci dann och fir d‘Streckeposten, déi fir d‘Sécherheet op a ronderëm d‘Pist suergen.

Eng Coupe, eng Medail a vill Respekt

Wann ee zum Ufank vun der Saison konnt Zweiwel hunn, esou huet sech d‘Meeschterschaft 2017 dann awer als Erfollegräich presentéiert. Zwee nei Veräiner goufe gegrënnt an hunn sech gutt an d‘Saison abruecht. Et huet wuel „nëmmen“ véier Renndeeg ginn, mee déi haten et a sech, wat net zu gudder Lescht och un engem begeeschterte Public geleeën huet.

Zur sportlecher Ausenanersetzung gehéiert, datt et um Enn ee muss ginn deen sech ervirgedoen huet. An der grousser Klass (bis 2800 Kubik) konnt d‘Team „Tornado“ vun Hamm op e neits den Titel verdeedegen. Och d‘Coupe de Luxembourg hunn se sech verdéngt gekroopt an den Yves Pastoret (Startnummer 49) war de Pilot vun der Saison, och oder vläicht grad, wëll hien dëst Joer, d‘Coupe sengem Brudder Luc huet missen iwwerloossen.

An der klenger Klass (bis 2000 Kubik) war et de Motor-Sport-Club Käl deen um Enn d‘Nues sollt vir hunn an esou och gläichzäiteg de véierten Titel a Folleg op d‘Veräinsfaarwe konnt pechen. Am Eenzelklassement war den Titel schwéier ëmstridden. Hei stoungen sech den Titelverdeedeger Gilbert Denell (94 MSC Käl) an de Claude Schumacher (85 Power Bull‘s) géinteniwwer. Um Enn konnt de Käler dann awer seng Coupe mat an de Veräin huelen.

Bei den Debutanten (bis 2000 Kubik) war et de ganz talentéierte Joe Pelletier (209) dee sech méi wéi verdéngt den Titel geholl huet. De jonke Rabbelkapp hat eis vun der éischter Course un iwwerzeegt, konnt sech bestänneg duerchsetzen an huet ganz Fair all seng Géigner op d‘Plaze verwisen. An der oppener Klass, déi dëst Joer hiren Duerchbroch gefeiert huet, war et e weidere „Pelletier“ dee sech sollt duerchsetzen. De „Veteran“ Gilles Pelletier (709) huet androcksvoll demonstréiert wéi ee sech den Titel séchert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Crazy Dogs, Diables Rouges, Motorsport, MSC Käl, Power Bulls, Steel Panthers, Stock-Car, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel