Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag
https://moien.lu/hyuna-dating-rumors/

What the Fakt – Dem Agatha Christie säin 43. Doudesdag

Dës Madamm ass eng vun den erfollegräichste britesche weibleche Schrëftstellerinnen.

who is mitchell hope dating right now
https://moien.lu/hyuna-dating-rumors/

https://moien.lu/things-to-know-before-dating-a-mexican-girl/

Et ass net einfach eng Summerlachs-Noriicht: Wann d’Stréibotten bei de

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert
https://moien.lu/hyuna-dating-rumors/

Krautmaart: de Koalitiounsprogramm ëmfänglech Resuméiert

D‘Parteie vun der Oppositioun hunn de Koalitiounsprogramm ëmfänglech studéiert an

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018

Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun bléckt zouversiichtlech op d‘Saison 2018

De leschte Sonndeg hat déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun (F.L.S.C) zu Gonnereng hir 49. Generalversammlung. Si war wéi gewinnt gutt besicht, wat en zouversiichtlechen Ausbléck op d‘Saison 2018 versprécht.

Traditionell gëtt bei der F.L.S.C. d‘Generalversammlung mat enger Gedenkminutt fir d‘Memberen an d‘Frënn, vun dëser dach eppes méi aussergewéinlecher Sportaart, déi am vergaangene Joer verstuerwe sinn ugefaangen. Op dëser Plaz erlabe mir eis, nach eng Kéier un de Jean „Stocki“ Stockreiser ze erënneren, dee vill Joren als Streckeposten dem Stock-Car trei war.

An senger kuerzer Ried, huet sech den Federatiounspresident Marcel Kirsch, emol fir unzefänken allen Acteuren, den aktive Piloten, deene villen „Hänn“ op déi ee sech Joer fir Joer verloosse kann, dem Public, de Sponsoren, de Medien, de Ministèren a Gemengen et grousse Merci gesot. Zu gudder lescht hänkt e vun all dëse Mënschen of, datt eng Saison méiglech an erfollegräich ass.

Sponsoring, dorops dierf een hiweisen, ass am Stock-Car, wéi bei alle Sportaarten onabdénglech, fir déi finanziell „Wuppen“ unenaner ze kréien. Mat engem niddregen Entréespräis – deen 2018 op 10 Euro fixéiert gouf, woubäi Kanner bis 12 Joer och weiderhi gratis Zoutrëtt hunn – kann een all déi ufalend Käschten net decken. Zuschauer wëssen dat, a kafen dann och gäre bei de Sponsoren an.

Den Interessi um Stock-Car weider steigend

Wat dann d‘Zuschauer betrëfft, esou konnt de Marcel Kirsch zefridden op de Bilan kucken. Et waren 2017 alt nees méi Leit ronderëm d‘Piste wéi 2016. D‘Zuschauer ënnersträichen dann och mat hirer Presenz, datt de Stock-Car näischt vu senger Attraktivitéit verluer huet. Dat motivéiert och d‘Piloten an d‘Ecurien, déi vill Zäit a Geld an hiren „Hobby“ investéieren.

De Federatiounssekretär Juppy Mockel huet sech a gewinnter Manéier mat sengem Tätegkeetsbericht kuerz gefaasst, an awer näischt ausgelooss. D‘Saison 2017 war Aarbechtsopwenneg, wat net eleng un den 13 Sëtzunge vum Virstand geleeën huet. Och soss hatt d‘Federatioun villes op d‘Been gestallt, an et war keng Hand ze vill…

Esou hat d‘F.L.S.C am Mee 2017 fir déi éischte Kéier an der Federatiounsgeschicht en „Dag vun der oppener Dier“ organiséiert. Deen huet zu Déifferdeng stattfonnt an all d‘Veräiner hunn sech hei net lompe gelooss. A nieft de véier Renndeeg, am Summer, ass et och eng gelleg Ofschlossfeier ginn. Déi ass am „Hild“ zu Diddeleng ofgehale ginn, a war einfach nëmme gutt.

Méi Lizenzen… manner Lizenzen…

Vum Edouard Klees, technesche Sekretär vun der Federatioun, war gewuer ze ginn, datt et géintiwwer dem Virjoer, méi Lizenzen an domatter méi Piloten an der grousser Klass ginn huet. Dat heescht dann awer och, datt et de Manner an der klenger Klass waren, wat erkläert datt an dëser Kategorie nëmmen dräi Teams ënnerwee waren.

Fir 2018 ass den Edouard Klees dann awer zouversiichtlech, datt een déi „Reien“ nees gefëllt wäert kréien. A firwat och net? An der Einsteiger-Klass ware genuch Pilote mat deels ganz gudde Leeschtungen an Erscheinung getrueden, déi och an der klenger Klass dierfte fir spannend Renne suergen. Mee loosse mer net virgräifen, et ass nach e Stéck bis bei déi éischt Course.

Ganz gutt ageschloen huet déi sougenannten „Oppe Klass“. Datt dëser Kategorie déi néideg Opmierksamkeet geschenkt gouf, muss een der Federatioun héich urechnen. Dës Pilote bidden dem Zuschauer e ganz interessante Spektakel, an wann et si net géif ginn, misst een se einfach erfannen. Wien 2017 derbäi war weess vu wat hei rieds ass, all déi aner sollte kucke kommen.

D‘Kees huet gestëmmt

Erfreelech war dann och gewuer ze ginn, datt mat der Keess alles no de Reegele vun der Konscht gehandhaabt ginn ass. D‘Aktioun „Oppen Dier“ an ee ganz gutt besichte Verbandsrennen hunn sech am Keesebericht positiv néiergeschloen. Och de Sponsoring war gutt, wat net bedeit, datt ee sech hei elo e schéine Lenz kéint maachen. All d‘Berichter sinn eestëmmeg ugeholl ginn.

De Virstand ass partiell erneiert ginn, woubäi de President Marcel Kirsch (ouni Veräin) a sengem Amt bestätegt ginn ass. Vizepresident ass de Gilles Pelletier (SCC Diables Rouges); Sekretär bleift de Jupyy Mockel (Tornado Team Hamm); fir d‘Finanze bleift d‘Astrid Kirsch-Kreusen (ouni Veräin) zoustänneg; déi technesch Direktioun huet d‘Nathalie Klees (Racing Team Power Bulls Préizerdaul), déi vum Fränz Baum (ouni Veräin) an der Funktioun ënnerstëtzt gëtt.

Als technesche Sekretär bleift der Federatioun den Edouard Klees (ouni Veräin) erhalen, an gëtt hei vum Nathalie Klees (Power Bulls) ënnerstëtzt. De Sven Frank (Motor-SportKayl/SCT The Crazy Dogs Klierf) bleift zoustänneg fir d‘Presseaarbecht. De Virstand vervollstännegen d‘Memberen: Monique Scheffen-Kutzner (SCC Diables Rouges), Patrick Detaille (Motor-Sport-Kayl), Marc Bollig (Crazy Dogs) an de Romain Asselborn (Tornado)

De Rennkalenner steet a groussen Zich Fest, an esou wéi all d‘Autorisatioune vun de Ministèrë virleien, gëtt deen dann och nach offiziell bestätegt. Course ginn et der deemno ganzer fënnef, an déi éischt véier ginn zu Alzeng ausgedroen. Ugefaangen de 21. Mee (Tornado Team Hamm), dann de 17. Juni (SCC Kayl), 22 Juli (F.L.S.C), 19. August (F.L.S.C) an déi lescht gëtt zu Helleng de 16. September (Diables Rouges) gefuer.

Foto: De Virstand vun der F.L.S.C. freet sech op eng flott Saison 2018 a géif sech iwwert är Presence bei de fënnef Coursen, an och un den aneren Evenementer déi do nach komme wäerte freeën. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Automobilsport, Saison 2018, Stock-Car Federatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel