Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter
Neiegkeeten Sport

Am Interview mam Thriller-Kinnek Chris Carter

Nodeems mir gëschter dem Chris Carter säi jéngsten Thriller „Bluthölle“

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht
Neiegkeeten Sport

Den LCGB huet dem Aarbechtsminister seng Doleance virgeluecht

Bei der Entrevue vu gëschter, tëscht dem LCGB an dem

What the Fakt – Dag vun der Katz
Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Dag vun der Katz

Och wann dëst een amerikanesche Feierdag ass, sollten all d’Kazefrënn

Stock-Car Saison 2020 gëtt gestrach

Déi Lëtzebuerger Stock-Car Federatioun huet eng sécherlech esou schmäerzlech wéi schwéier Decisioun getraff, an esou déi ganz Saison 2020 ofgeblosen. Dat ass der sanitärer Kris geschëlt, ausgeléist duerch d‘Pandemie mam Coronavirus Covid19.

Stock-Car Saison 2020 gëtt gestrach

Eng Entscheedung déi d‘Veräiner novollzéie kënnen a schwéieren Häerzens matdroen. Mee si sinn sech an engem Punkt awer eens: et ass eng besonnesch Situatioun déi mir net mat Egoismus, mee nëmme mat Solidaritéit wäerten iwwerwonne kréien. Während vill anerer de Bléck stur op de Kalenner geriicht hunn, riichten si de Bléck op dat elo wichteg ass: d‘Gesondheet. Hei kloer och déi eegen, déi vun de Frënn a Bekannten déi an de Veräiner matschaffen, mee natierlech d‘Gesondheet vun de Fans, déi zu honnerten ëmmer laanscht Pist stinn, wéi dësem drolege Sport nozekucken.

Finanziell ass et awer och eng ganz batter Pëll déi d‘Veräiner an d‘Federatioun hei schlécke mussen, firwat een dës kloer Entscheedung zum richtegen Zäitpunkt nach eppes méi sollt wierdegen. Wie ka sollt sengem Veräi weisen datt hien och an dësen Zäiten hannert him steet. Op der Internetsäit vun der Federatioun (www.stock-cars.lu) kann ee sech dann och Lafenden halen, wat si maachen, wéi si mat deem ganzen ëmginn. Op si och iwwert eng „virtuell Editioun“ nogeduecht hunn? Méiglech, mee si hunn net déi Ressource wéi Porsche. Et ass wéi et ass, net schéin awer leider noutwenneg…

Foto: © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Saison 2020 annuléiert, Stock-Car, Stock-Car Federatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel