US-Virschrëfte fir Handelsbezéiunge mam Iran
Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen
Um Sonndegowend huet den Donald Trump bestätegt, datt hie keen
Washington – Bei den Republikaner ass d‘Stëmmung sécherlech beschtens, während
A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit
Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a fir „all déi aner“ den Optakt vun der Stock-Car Saison. An d‘Engelcher hunn et dann och nees gutt, ganz gutt mat de Fans gemengt an hinnen ee fantastescht, scho bal summerlecht Wieder gebueden.
A wou Engelcher ronderëm lafen, do sinn och d‘Däiwelcher net wäit vum Schoss. Si hunn sech dann och um vum Stock-Car Club „Tornado“ Hamm, den éiwege Géigner fir zimlech all Veräin, net geduckt mee vun Ufank un richteg Gas ginn. De Rekordmeeschter vun der Stock-Car Zeen huet dat éischt Rennen dann och organiséiert, a konnt sech iwwer ronn 3.500 Zuschauer freeën.
Wéi schonn 2017, gëtt et och dës Saison véier Kategorien an deenen sech d‘Piloten a Pilotinne géinteniwwer stinn. An déi haten de Wanter iwwer och gutt ze dinn. Dës Ausso ass unhand de ville Gefierer, déi mat vill „Gefill“ an nach méi Geschéck opgeriicht goufen, net ze widderleeën.
D‘Streck zu Alzeng, déi fir den éischte Rennweekend eppes méi „kuerz“ ausgefall ass wéi een dat gewinnt ass, sollt dem Public entgéint kommen. Kuerzt heescht „sprint“ an et war dann och guer net emol einfach „deen hannert sech“ lass ze ginn. Dat huet vill spannend an interessant Zweekämpf gebueden, an et huet net ëmmer dee gewonnen, wou een op der Rechnung stoen hat.
Alles an allem huet et 14 Manche ginn, wat dann och bedeit, datt et nees „spéit“ ginn ass. Mee d‘Fans kennen dat, an bei deem Wieder huet et sech och aushale gelooss. Zudeem war ronderëm d‘Piste fir Iessen a Gedrénks gesuergt, esou datt och keen erdiischtert oder verhongert ass.
Wann awer esou e schéint Wieder huet, bedeit dat och, datt d‘Piste séier ausdréchent, an do ass ee Personnage vill Gefrot: de Mann mam Waasserfaass. De Chauffeur vum Trakter muss awer méi Opdräg bei der Course gehat hunn, wëll um Jurysbus ass de Spriecher regelméisseg verzweiwelt, wann et drëms gaangen ass de gudde Mann zum Netzen op d‘Streck ze kréien.
An der Kinneksklass (bis 2.800 ccm) konnt kee Veräin sech géint d‘Iwwermuecht vun Hamm wieren, an de Club dierf sech verdéngt als dat beschten Team um Päischtméindeg presentéieren. Eng immens flott Iwwerraschung ass déi zweet Team-Plaz vun den „Diables Rouges“ Diddeleng.
„Hire“ Sascha Wiesen (Startnummer 10) war an der éischter Manche deen éischten an huet sech emol direkt 38 Punkten opschreiwe gelooss. An der zweeter Manche, huet de Sascha et eppes méi schwéier gehat, kee wollt hien dervun zéie loossen. Egal et ass nach déi zweet a ganzer 29 Punkte ginn. An der Final huet de Sascha dann de Sack zougezunn, ass Verdéngt den Däiwel vum Dag.
Tornado Hamm huet awer och dergéint gehalen, vill Kooperatioun op der Streck bewisen, an sech domatter och verdéngt als beschten Team vum Dag presentéiert. Gutt ënnerwee – mee net genuch Gefierer – d‘Crazy Dogs vu Klierf. Hei gëtt den Tom Garians (50) an der Final nach Drëtten.
An der Klenger Klass (bis 2.000 ccm) waren et déi Käler déi sech um Enn vum Dag behaapte konnten. De Motor-Sport-Club Käl hat sech géintiwwer de Power Bulls aus dem Préizerdaul einfach besser opgestallt. Et ass dann awer den André Wolter (98) vum MSC deen sech als beschten aus der Klass sollt ervirdoen. Mee och de José Alves vum MSC (95) hat e gudden Dag erwëscht.
An der „Einsteiger-Klass“ (bis 2.000 ccm) ass net nëmmen op den éischte Bléck eppes méi „gemälleg“ hiergaangen. Si waren net zu ville Piloten, mee hu ganz spektakulär Manche gebueden. Um Enn hunn sech de Joé Rauchs (248) an d‘Kim Morette (207) punktgläich Äddi gesot.
An der „oppener“ Klass haten sech fënnef couragéiert Piloten opgestallt. Hei gëtt mat bal „normalen“ Autoe gefuer, an et heescht op d‘Material oppassen, wann een och an der Final nach wollt ee puer Ronnen dréinen. Am beschten op säi Gefier opgepasst, woubäi kee Géigner Verschount gouf, hat deen „ale Fuuss“ Romain ‚Rocker“ Goergen (763).
Iert et den 17. Juni zu Alzeng zum zweete Meeschterschaftslaf kënnt, gëtt et wéi och schonn am leschte Joer zu Helleng Autocross. Dee gëtt den 2. an 3. Juni vun der Asbl „Hand an Hand fir Afrika“ organiséiert. Et ass e Spaass fir déi ganz Famill, an et ënnerstëtzt een e gudden Zweck.
14 Deeg méi spéit dierf dann awer nees „Blech gebéit ginn“. Den zweete Laf gëtt iwwregens vum de Käler organiséiert, an och déi géifen sech iwwert esouvill Zuschauer bestëmmt freeën. Eis hunn se emol versprach, datt d‘Wieder summerlech dréche géif ginn, an och bei hinne keen Duuscht oder Honger leide muss. Dat ass eng Annonce, an dat gi mir iwwerpréiwen.
Wien tëscht de Coursë wëll informéiert bleiwen, fir dee gëtt et am weltwäiten Netz d‘Facebooksäit oder d‘Internetsäit vun der Federatioun. Esouguer eng Grupp ass fir „Aficionados“ gegrënnt ginn. Wie selwer wëll fueren, awer net eens geet, deem kann ënnert info@stock-cars.lu gehollef ginn.
Manche 1a
Manche 1b
Manche 2a
Manche 2b
Finale
1. Manche
2. Manche
Finale
1.Manche
2. Manche
Finale
1. Manche
2. Manche
Finale
Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu