Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL-SEW: Et freet sech fir wien d‘Schoulrentrée am schwéierste gëtt
Cool Neiegkeeten Sport

OGBL-SEW: Et freet sech fir wien d‘Schoulrentrée am schwéierste gëtt

Datt den Educatiounsminister seng radikal Reformen ouni Récksiicht op d‘Awänn

crying
Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
Cool Neiegkeeten Sport

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

angry
Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
Cool Neiegkeeten Sport

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

cool

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert

Um Sonndeg huet zu Helleng déi zweet Manche vun der Stockcar stattfonnt. Organiséiert vun de rouden Däiwelen (Diables Rouges) vun Diddeleng, sollt et wéinst dem Wieder en ustrengenden Dag ginn.

Bei schéinstem Summerwieder ass et um zwou Auer Mëttes lassgaangen. An der Einsteiger-Klass huet an der éischter Manche den Joé Pelletier keen Zweiwel u sengen Uspréch zougelooss. Mat 27 Punkten huet hien sech dann och eng verdéngte Victoire u Land gezunn. Déi zweet Manche ass hei un de Sven Lempereur gaangen. D‘Finale konnt sech de Joé dann awer och nees huelen, an hien bleift am Championnat op der éischter Plaz

An der klenger Klass (bis 2.000 ccm) sollt den Gilbert Denell, vum MSC Kayl an allen Ausscheedungsleef d‘Nues vir hunn. Et war dann awer am Finallaf säi Brudder Steve, dee mat 40 Punkten op enger Rutschbahn d‘Victoire fir sech konnt verbuchen. Eng ganz schwiereg Finale, op enger Piste déi vum Reen genetzt ginn nach kaum ze beherrsche war.

„Jo net wat‘s de net ëmbrénge kanns“ de Motto vun de Pelletier‘s. Eng gutt Equippe déi sichtlech Spaass un deem huet wat se dréift © Martine de Lagardère

Fir d‘Bridder Luc an Yves Pastoret esou wéi fir den Armand Muller (alleguerten Tornado Hamm) war et an der Kinnéksklass een ertraagräichen Sonndeg. Si hunn deene „bloen“ vill Championnatspunkte abruecht. Ervirzehiewen ass awer dem Marc Bollig (Crazy Dogs Klierf) seng zweet Plaz an der Finale. Iwwerhaapt hunn d‘Männer aus dem Norden, déi mat nëmmen dräi Autoen un de Start ginn, sech och dëse Sonndeg beschtens presentéiert.

Mam Reen war de Spaass um Enn

Bis gutt no véier Auer sinn d‘Manchen dann och wéi gewinnt ofgelaf. Wann et ze dréche war, ass genetzt ginn. Du koum de Reen. Den Iwwerraschungsgaascht huet fir uerdentlech Kuddelmuddel gesuergt an dat net nëmmen op der Piste.

Am „Parc Fermé“ hat jidder Team seng Méi den Auto iwwerhaapt bis bei de Start ze kréien. Woubäi „Start“ ee grousst Wuert ass, ugesicht der Tatsaach, datt een do esou gutt wéi guer net vun der Plaz komm ass. De Grip war gänzlech bei der Däiwel, mee zum Gléck ass et op der Piste selwer nach viru gaangen.

Nom Reen war et net fir e Feeler ze maachen. Eppes ze vill an de Bulli an et ass sech esou fest gefuer ginn, datt och ee „Stups“ vum Team-Kolleg net gehollef huet © Martine de Lagardère

Zwou grouss Geforen huet gegollt ze evitéieren. Do war engersäits de „Pull“ well deen huet kee Pardon kannt. Anersäits déi iewescht Kéier, wou et an den Hiwwel gaangen ass, fir dee wou Biergop ze schëtzeg ënnerwee war. Dem Public konnt et awer egal sinn, et ware vill Aktiounen an zu all Moment eng lass.

Méiglecherweis den Däiwelen hir läscht

Esou ee Renndag ze organiséieren ass keng mince Affär. Fir de President vun den Diables Rouges, de Jean-Paul Garchont, ëmmer nees eng Erausfuerderung. Fir de Veräin deen zanter 1984 am Stockcar derbäi ass, war et d‘lescht Joer schonn eng Batter. Net genuch Zuschauer an ee fette Minus vu ronn 3.000 Euro an der Kees.

Dat, esou de President „kann ee klenge Veräi wéi mir et sinn, sech net op Dauer leeschten“. Eng bedreelech Situatioun. Déi kéint dozou féieren, datt se 2018 net méi d‘Moyenen hätte fir eng Manche vum Championnat auszeriichten. „D‘Fraise sinn immens“, bedauert de Jean-Paul „an et ass net méiglech nieft dem Championnat Fester ze organiséieren, déi d‘Perten opfänken“.

Déi Fréisenger Pompjee mat hire Kollege vun der Protecs (Réimech a Beetebuerg) hunn uecht ginn, fir de Fall wou eppes geschitt wier © Martine de Lagardère

Et feelt den Däiwelen dann och net un Hänn oder Engagement. Hinne geet einfach d‘Mënz aus. Trotz allem léisst am Club keen d‘Läpper hänken. Si géifen sech allerdéngs och freeë wann nach deen een oder aneren, et dierf natierlech och en Dam (oder méi Damen) sinn, déi de Club kéinte verstäerken.

D‘Resultater an der Iwwersiicht fannt dir hei: https://www.stock-cars.lu/saison-2017/rennresultate/rennen-2-09-07-2017/

Kuckt och eis Galerie

Ähnlech Sujeten Stock-Car
Nächsten Artikel Virrechten Artikel