Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
Neiegkeeten Sport

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

CON-VINCE: Et geet ëm eis Gesondheet an ëm den Dateschutz
Neiegkeeten Sport

CON-VINCE: Et geet ëm eis Gesondheet an ëm den Dateschutz

Bei allem Versteesdemech fir all Mesuren géint d’Corona-Epidemie hei am

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik
Neiegkeeten Sport

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik

D’Escher Kulturfabrik invitéiert en Dënschdeg, de 14. Januar op säi Word

Stockcar: Tornado Hamm Meeschter, Sascha Wiesen Champion

Um Sonndeg ass um flotten Hellenger Circuit de finale Meeschterschaftslaf am Stockcar gefuer ginn. Et sollt e spannende Renndag ginn, den Usproch op den Titel (an alle Klassen) konnten nach vill Piloten erhiewen. Entspriechend ëmkämpft waren dann och déi eenzel Manchen.

D‘Wieder war summerlech an d‘Zuschauer beschtens gelaunt. Vill hunn hir Favoritte laanscht der Pist ënnerstëtzt, an konnten sech zudeem iwwert e flotte Kaderprogramm freeën. Esou waren op dësem leschte Renndag d‘Jongen a Meedercher vum Motocross ageluede ginn, fir emol de Leit ze weisen, wéi interessant an technesch usprochsvoll hire Sport ass.

Wéi een dann aus dësen éischten Zeilen enthuele kann, langweileg war et net. De Stockcar-Club „Diables Rouges“ vun Diddeleng an d‘Federatioun (F.L.S.C.), déi de finale Meeschterschaftslaf organiséiert hunn, konnten sech entspriechend op den Zousproch vun de ville Spectateure freeën.

Zum eigentlechen…

An der grousser Klass (bis 2800ccm) hunn sech d‘Piloten et net einfach gemaach, et stoung vill um Spill, an all Punkt ass verdeedegt ginn. Am éischten Ausscheedungslaf (1A) hat den David Wiesen, Diables Roueges Diddeleng (15) nach d‘Nues vir, an konnt sengem Bridderche Sascha (10) – dee beim Depart nach 32 Punkte Réckstand op de Michel Asselborn, Tornado Hamm (47) hat – de Réck fräi halen.

De Romain Asselborn, Tornado Hamm (40) an den Alex Antony, Crazy Dogs Klierf (59), hunn de Podium vervollstännegt. De Michel Asselborn hat wéineg ze radetten, an huet hei zimlech wäertvoll Punkte leie gelooss. Am zweeten Ausscheedungslaf (1B), war et dann um Klierfer Alex Antony. Hien huet seng Manche iwwerzeegend virum Michel Asselborn ofgeschloss. Dem Alex säin Team-Kolleg Tom Garians (50) vervollstännegt de Podium.

Am zweete Grupp war de Sascha Wiesen a béiden Ausscheedungsleef de Pilot mat de gréissten Ambitiounen, an deenen ass hien absolut an iwwerzeegend gerecht ginn. Béid Manchen huet den Diddelenger Pilot mat Bravour gemeeschtert, an dem Michel Asselborn säi Virsprong am Generalklassement ass wéi Botter an der Sonn dohigeschmolt. Op de weidere Plaze waren: am éischte Laf (2A) de Willy Lederle, SSC Kayl (1) an de Roland Scherer, Tornado Hamm (44); am zweete Laf (2B) den Damon Scherer (41) an de Roland Scherer, Tornado Hamm.

An der Finall hat de Michel Asselborn nach „Rechneresch“ d‘Chance op de Meeschtertitel. Hie konnt sech dann och op d‘Kollegen aus dem Tornado-Team verloossen. Déi sollten, esouwäit wéi et méiglech war, dem Michel de Réck fräi halen. De Pilot vun Hamm hat dann och direkt e gudden Depart, a konnt sech liicht ofsetzen. Allerdéngs war och de Sascha Wiesen gutt ënnerwee, an hei war et richteg Spannend.

Wéi den Diddelenger op de „Koup“ gesat gouf, an duerch e „Massaker“ an den eegene Reien net méi esou immens vill Ënnerstëtzung op der Pist hat, huet et bei deene rouden Däiwele Suergefale ginn. Gutt datt wéinstens op den eegene Brudder verlooss ass. Deen hat wuel och esou seng Schwieregkeeten, ass awer bis un de Sascha erukomm, a konnt deen aus senger mësslecher Lag befreien. De Michel war du schonn net méi an der Course, an um Enn stoung de Sascha als Meeschter fest. Eng verdéngte Victoire, déi esou och vun den Hammer Kollege betruecht gouf.

Am Individuelle Klassement schléisst de Sascha Wiesen d‘Meeschterschaft op der éischter Plaz, mat 395 Punkten of. De Michel Asselborn, deen sech an dëser Saison näischt virzewerfen huet, kënnt mat 383 Punkten op eng fir hien enttäuschend 2. Plaz. Als drëtten an der Meeschterschaft, kann de „Crazy Dog“ Tom Garians, mat 349 Punkten, op eng erfollegräich Saison zréckblécken. An der Teamwäertung behalen déi „Blo“ mat 1.574 Punkte verdéngt den Titel. Hir Aarbecht iwwert d‘Saison ewech ass dann och belount ginn.

An déi „kleng“ Klass?

An der sougenannter „klenger“ Klass (bis 2000ccm) wier et vermooss vun engem „Kampf“ ze schwätzen, well hei hunn d‘Pilote vum MSC Kayl déi ganz Saison iwwer den Toun uginn. Dat sollt net verhënneren, datt et Club-intern ënnerschiddlech Uspréch op de Meeschtertitel ginn huet. Virum éischten Depart hat de José Alves (95) nach gutt Chancen dem Teamkolleg Patric Detaille (99) den Titel ofzeknäppen.

Et huet sech dann awer schonn an der éischter Manche erwisen, datt et fir de José, dee wierklech haart dru geschafft hat, net méi géif opgoen. Hie war zimlech rabiat direkt nom Start „ofgeschoss“ ginn, wouduerch den Titel am „Individuell“ net méi erreecht konnt ginn. Déi éischt Manche huet hei de Pilot vun de Power Bulls Préizerdaul, Steve Reimen (87) virum Patric Detaille an dem André Wolter fir sech entscheet.

Am zweeten Ausscheedungslaf hunn sech d‘Aussenseiter ervirgedoen. Déi hate wuel näischt mam Generalklassement um Hutt, mee esou eng Coupe mécht sech gutt an der Vitrinn. De Christian Denzer, SSC Kayl (109), setzt sech knapp, awer wierklech knapp virum Klierfer Crazy Dog Pilot, Pascal Bausch (57) duerch. De Claude Schumacher, Power Bulls (85) gëtt den Drëtten.

Wéi et an d‘Finall gaangen ass, war dem Patric Detaille säin Titel net méi a Gefor. Et ass dann och net méi esou geraibert ginn, wéi een sech datt fir eng Finall virgestallt hätt. Dat soll net bedeiten, datt ee sech „a Rou gelooss“ hätt. Nee, och hei wollt een déi Coupe onbedéngt mat Heem huelen, an dat ass dem Gilbert Denell, MSC Kayl (94) dann och gelongen. Zwee Klierfer, de Mike Kraus (54) an de Pascal Bausch, schléissen de Podium of.

Am Generalklassement ass et de Patric Detaille, deen sech den Titel hëlt. Ugesiichts senger gudder Leeschtung, déi ganz Saison iwwer, ass dee mat 338 Punkten dann och verdéngt. De Steve Detaille, mat schonn eppes Ofstand (281 Punkten) kënnt op déi zweete Plaz. De Pechvull vum Dag, de José Alves, kënnt da mat 278 Punkten op déi drëtt Plaz. Deen dierft ongedëlleg op Revanche aus sinn. Et kann e sech et denken, mee mir ënnersträichen et awer nach emol: et ass och den MSC Kayl, deen d‘Teamwäertung mat 1.447 Punkten, virun de Power Bulls (968 Punkten) gewënnt.

De Joé Pelletier hëlt den Titel bei den „Einsteiger“

An der „Eisnteiger-Klass“ hat sech de Joe Pelletier (209) zesumme mam Kim Morette (209) déi ganz Saison iwwer e Kapp u Kapp „Rennen“ geleescht. Béid Piloten hate seriéis Uspréch op den Titel gestallt, woubäi et jo awer nëmmen engem konnt vergënnt ginn. An et ass dann och an den zwee Ausscheedungsleef komm wéi et huet misse kommen. De Joé gewënnt déi éischt Manche, an de Kim déi zweet. De Joé Mockel (247) hat sech en Abo op déi drëtt Plaz geholl.

An der Finall, d‘Gefierer ware schonn eppes „getéitscht“, konnte weder de Joe Pelletier nach de Kim Morette der Konkurrenz de Bass halen. Déi huet en anere Joé fir sech entscheet. De Joe Rauchs (248) setzt zimlech däitlech virum Stéphane Freylinger (284) of. Drëtte gëtt… jo dir hutt richteg geroden: de Joé Mockel.

D‘Klassement ass dann och denkbar séier opgelëscht: 1. Joe Pelletier mat 375 Punkten; 2. Kim Morette mat 366 Punkten. Jo nee… och hei op der drëtter Plaz: de Joé Mockel (317 Punkten). Fir de Joé Pelletier, war et dann awer emol fir den Ament déi lescht Course am Stockcar. De Krappert huet eis erzielt dann hien 2019 e puer aner Prioritéiten huet, an dat wëlle mir dann och esou respektéieren. Et war jiddefalls eng gelleg Freed dem Borscht op an nieft der Piste ze begéinen.

De „Rocker“ regéiert déi oppe Klass

An der oppener Klass war scho bei der leschter Course alles esou kloer, datt de Romain „Rocker“ Goergen (763), zu Helleng den Auto och hätt ronderëm d‘Streck kënnen drécken. Mat iwwer 200 Punkte Virsprong op de Carlo Steil (745) huet een net méi misse rechnen. Déi zwee stinn dann och um Enn vun dëser Saison am Generalklassement, op der éischter, respektiv zweeter Plaz.

Et dierf een awer den Asaz vun alle den anere Piloten an dëser Klass net ënnerbewäerten. Woubäi dat wichtegst, nämlech datt d‘Jonge Spaass un der Saach haten, net ze kuerz komm ass. Et ass jo och déi Klass, déi et engem soll erméiglechen ze préiwen, op een et net awer an eng héijer Klass probéiere sollt. Wéi och ëmmer, déi oppe Klass huet den Zuschauer vill flott Momenter bruecht, an mir freeën eis dofir och schonn op déi nächst Saison.

An hei wier een da mat der Berichterstattung och schonn eigentlech um Enn. Mee dat wier eppes ze séier geschwat. No all de „reguläre“ Klassen, gouf et zum Ofschloss vun der Saison och nach de „Lady Cup“. Hei hunn sech et d‘Dammen an d‘Meedercher net huele gelooss, och emol „Stëbs ze schlécken“. Gutt et war schonn eppes méi däischter, an och mir kënnen net mat guddem Gewësse soe wien dëst Renne gewonnen huet, mee dat ass och éischter Niewesaach.

Mir géifen och gären all eenzel Damm a Joffer virstellen an erziele wéi et war, mee wéi esou oft, wann et bis eriwwer ass, kriss de kaum nach een ze paken. Dofir huet ee bëssi Versteesdemech, datt mir op dëser Plaz enger léiwer Knetzel de Virtrëtt loossen. D‘Stacey Goergen, dem „Rocker“ seng Duechter, huet op dësem memorabele Sonndeg, net nëmmen de Papp mat senge sämtleche Coupe ronderëm d‘Pist kutschéiert, nee déi Zatz huet dem Papp seng Maschinn gekapert a lass geluecht.

Nee… et huet de „Lady Cup“ net gewonnen, mee dorëms ass et dem Stacey och net gaangen. Hei war eenzeg an eleng de Spaass sech auszeprobéieren, ze kucken op een déi Rieder och op der Pist behält, an dem Papp säin houfrege Bléck no der Course ze erblécken, dat wourëms et gaangen ass. Deen Optrag huet d‘Stacey Goergen mat Bravour erfëllt, a wie weess, wat 2019 bréngt…

Sou, dat war et vun eiser Säit, zumindest wat de sportlechen Deel vun der Lëtzebuerger Stockcar Meeschterschaft betrëfft. Et wäert bis zur nächster Saison nach villes ze beriichte ginn, bleift eis also trei. Vläicht op dëser Plaz nach esouvill: de 15. Dezember ass d‘Meeschterschaftsfeier zu Hengescht. Déi gëtt vun de „verréckten Hënn“ vu Klierf organiséiert, an wann dir d‘Jongen op der Pist ënnerstëtzt, da sollt dir iech och hei wuel fillen. All Info dozou gëtt et nach am Facebook.

Foto & Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FLSC, Helleng, Motocross, Sascha Wiesen, Stockcar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel