Search

You may also like

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel
International Neiegkeeten

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel

Unreakable Kimmy Schmidt huet am Ufank vun Netflix senger Offensiv,

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung
International Neiegkeeten

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

Bisart 2019 – De Mënsch am artistesche Mëttelpunkt
International Neiegkeeten

Bisart 2019 – De Mënsch am artistesche Mëttelpunkt

Nach bis e Méindeg kann een am Centre Wonerbatti zu

Britescht Parlament verwiert sech dem straffe Brexit-Zäitplang

Am House of Commons hu se entscheet: „Have a Break, check the Bill“

Britescht Parlament verwiert sech dem straffe Brexit-Zäitplang

Et ass wierklech e Leidenswee fir de Boris Johnson, deem de Brexit einfach net gelénge wëll. Esou huet dat britescht Parlament gëschter géint dem Premierminister säi straffe Brexit-Zäitplang gestëmmt, wouduerch den 31. Oktober als Datum fir e gereegelten Austrëtt net méi ze halen ass.

Um Dënschdegowend hunn zu London déi britesch Deputéiert sech mat 322 zu 308 Stëmme géint dem Boris Johnson säi Programm, d‘Prozedur zur Gesetzgebung fir de Brexit bis en Donneschdeg ad acta ze leeën, gewiert. De britesche Premier wollt dat esou duerchsetzen, fir Groussbritannien bis zum 31. Oktober aus der europäescher Unioun erauszeféieren, an dat mat sengem Ofkommes.

Mat dësem Vote huet d‘House of Commons dem Boris Johnson elo och eng Zwangspaus operluecht an d‘Gesetzgebung souzesoen „op Äis geluecht“. De Premier huet no dësem Vote am Parlament erkläert, datt hien elo d‘EU op en Neits wäert ëm eng Verlängerung bieden, mee parallel dozou och d‘Virbereedung fir en Austrëtt ouni Ofkommes muss virundreiwen. Dat mécht dann och Sënn…

An de Boris Johnson dozou: „D‘EU muss elo entscheeden, wéi si op d‘Demande vum Parlament no enger Fristverlängerung äntwert“. Hie wëll dann och elo mat den eenzele Länner schwätzen, mee bis déi eng Entscheedung getraff hunn, gëtt de Prozess vun der Gesetzgebung ausgesat. Hien ass zudeem och weiderhi ganz entscheet géint eng Fristverlängerung iwwer den 31. Oktober eraus.

EU-Rotspresident fir eng Verlängerung

Mam Refus sech un den „Zäitplang“ ze halen, hunn déi britesch Deputéiert allerdéngs och d‘Gefor vun engem „No Deal“ nach emol weider erhéicht. An de Boris Johnson hat virun der Ofstëmmung gedreet, datt wa säi Plang futti gemaach gëtt an den 31. Oktober als Austrëttsdatum net méi ze halen ass, eng „gereegelt Scheedung“ onméiglech gemaach gëtt. Et géif een d‘Saach aus der Hand ginn.

Zu Bréissel huet den EU-Rotspresident Donald Tusk sech zu de rezenten Entwécklungen op der Insel geäussert. Hie wëll de 27 Länner eng Fristverlängerung empfeelen, well et déi eenzeg Optioun ass en EU-Austrëtt vu Groussbritannien ouni Accord ze verhënneren. D‘Spriecherin vum Jean-Claude Juncker huet pragmatesch matgedeelt, datt een Notiz vun der Ofstëmmung geholl huet.

De Jean-Claude Juncker wollt sech – nodeems hien a senger Ried zu Stroossbuerg drop higewisen hat, datt déi ganz Brexit-Verhandlungen eng eenzeg Zäitverschwendung sinn – net weider dozou äusseren an een elo op Informatioune vun der britescher Regierung waarde géif. Parallel dozou wier den Donald Tusk beméit de Memberlänner den 31. Januar 2020 als neien Termin virzeschloen.

Et war net alles schlecht

Wann et richteg ass, datt de Vote am House of Commons op den Zäitplang dréckt, esou muss een awer drop hiweisen, datt et dem Boris Johnson awer och gelongen, seng Brexit-Gesetzer, déi jo a britescht Recht sollen ëmgewandelt ginn, vun de Parlamentarier préiwen ze loossen. Dat hunn si zu London gëschter esou mat enger Ofstëmmung entscheet. Domatter wier de Referendum vum Dësch.

A mat dësem „Jo“ zum Brexit-Gesetz huet sech dat britescht Parlament endlech och emol zum Austrëtt bekannt. Et ass een also a gewësser Weis dem tatsächlechen Austrëtt aus der europäescher Unioun ee ganzt Stéck méi no komm. Woubäi de Brexit (mat engem Accord) definitiv net méi zum 31. Oktober méiglech ass. Et gesäit och esou aus, wéi wann d‘Europäer fir eng Verlängerung sinn.

Als Randnotiz sollt nach drop higewise ginn, datt de kauzege Premierminister den ganzen Dag iwwer d‘Welt am Glawe gelooss huet, hie géif Neiwahle fuerderen. E fir vill Leit riskant Manöver, mee de Boris Johnson gesäit just aus wéi e Clown, am Kapp ass de Brit toppfit an esou huet hien seng „Undeitungen“ och net widderholl. Wéi wäit hie mat senger Strategie kënnt? Kee weess et.

mat indymedia/lon

Related topics Boris Johnson, Brexit, Donald Tusk, Fristverlängerung, No Deal
Next post Previous post