Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

An der EU kruten 2017 méi wéi eng hallef Millioun Demandeuren de Statut vum Asylant
International Neiegkeeten

poz dating apps

Nodeems viru kuerzem d’Zuele bei den Demande fir Asyl fir

mv dating
International Neiegkeeten

Grenzkontrollen an der EU stelle Schengen-Raum a Fro

D‘Verlängerung vun de Grenzkontrollen innerhalb vun der EU ass noutwenneg,

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?

Zypern, Griicheland an Israel hunn sech en Accord gi fir d‘Äerdgasfelder am ëstleche Mëttelmier mat Europa ze verbannen

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?

Gëschter hunn zu Athen de griichesche Regierungschef Kyriakos Mitsotakis, den israelesche Ministerpresident Benjamin Netanyahu an den zypriotesche President Nikos Anastasiades, d‘Grondsatzofkommes fir de Bau vun der Gaspipeline „EastMed“ ënnerzeechent.

Am Kontext vun dëser Zeremonie huet de Kyriakos Mitsotakis erkläert, datt hei eng Bréck gebaut gëtt, mat där Energie no Europa bruecht gëtt. D‘Pipeline soll derzou bäidroen d‘Regioun ze stabiliséieren an de Mënschen de Wuelstand ze bréngen. De Benjamin Netanyahu huet dëse Gest als historeschen Dag fir Israel bezeechent an aner Länner, wéi Egypten, opgeruff sech ze bedeelegen.

Fir dem tierkesche President net ze vill Ugrëffsfläch ze bidden, huet den Trio erkläert, datt sech dëst Ofkommes net géint d‘Interesse vun anere Länner stellt. Dat gesäit de Recep Tayyip Erdogan awer eppes anescht a behaapt, datt dësen Accord drop ofziilt d‘Tierkei ze diskreditéieren. De Sultan ass dann och kloer: ouni d‘Zoustëmmung an d‘Bedeelegung vun der Tierkei gëtt et keng Gaspipeline.

Op Konfrontatiounskurs

D‘Tierkei huet rezent mat Tripolis en Accord zur maritimer Kooperatioun ënnerzeechent, och militäresch kritt déi libesch soi-disant legitiméiert Regierung vum Fayez al-Sarraj gehollef a gëschter huet d‘Parlament zu Ankara dem President erlaabt Zaldoten ze schécken. Dës sollen der Regierung hëllefen sech géint d‘Truppe vum Generol Chalifa Haftar ze wieren.

Zypern

Beim Ofkommes mat Tripolis, huet Ankara och d‘Séigrenzen am Mëttelmier nei definéiert. Heibäi geet et an éischter Linn ëm d‘Uspréch op Gebidder bei den Inselen Zypern an Kreta, wou ugeholl gëtt, datt et vill Äerdgasreserve gëtt. En Ofkommes dat bei de Griichen, den Zyprioten, mee och den Egypter net op Versteesdemech gestouss ass. Vu Bréissel héiert een dozou erstaunlech wéineg.

Vun Israel iwwer Zypern a Kreta bis Italien

D‘Gaspipeline „EastMed“ soll an enger Déift vun 3 Kilometer duerch d‘Mëttelmier verlafen. Wa se bis fäerdeggestallt ass huet se eng längt vun 2.000 Kilometer an iwwer 6 Milliarden Euro kascht. D‘Gestioun soll vun engem Konsortium iwwerholl ginn. D‘Pipeline soll vun Israel iwwer Zypern a Kreta bis zum griichesche Festland reechen. Vun do aus geet et iwwert eng aner Leitung an Italien.

An nächster Zukunft soll de Projet, deen – anescht wéi bei der Gaspipeline NordStream2 – vun den USA an der EU ënnerstëtzt gëtt, ausgeschriwwe ginn. Wann et net zum handfeste Konflikt mat den Osmane kënnt, da kéint d‘Gaspipeline méiglecherweis schonn 2025 a Betrib geholl ginn. Dës nei Gaspipeline géif och derzou bäidroen, datt een net ganz esou op de russesche Gas ugewisen ass.

mat indymedia/tlv

Illustrattioun: D‘Pipeline EastMed kéint, esou éischt Schätzungen, bis zu 10% vum europäesche Gasbedarf ofdecken.

Ähnlech Sujeten Äerdgas, EastMed, Gaspipeline, Griicheland, Israel, Libyen, Mëttelmier, Tierkei, Zypern
Nächsten Artikel Virrechten Artikel