Search

You may also like

Sécherungsaarbechten am Val de Hamm/Polvermillen
International Neiegkeeten

Sécherungsaarbechten am Val de Hamm/Polvermillen

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt de Service Forêts dëse Weekend

déi lénk si prett fir den Oktober
International Neiegkeeten

déi lénk si prett fir den Oktober

De 14. Oktober si Wahlen, an no an no stellt

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!
International Neiegkeeten

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!

Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer

Sträit ëm d‘Ressourcen an der Ägäis

D‘Tierkei wëll sech de Gasquellen am Mëttelmier ermächtegen an zéckt net sech mat der EU unzeleeën

Sträit ëm d‘Ressourcen an der Ägäis

Zu Ankara dreemt de Sultan Recep Tayyip Erdogan vun engem neien osmanesche Räich, dat sech bis iwwer Libyen eraus erstrecke soll. D‘Tierkei stellt massiv Uspréch am Mëttelmierraum a kann sech zu notze maachen, datt d‘EU-Memberlänner méi mat „eegenen Interessen“, wéi dann dem an esou eng Staatebond noutwennegen Zesummenhalt beschäftegt sinn.

Déi tierkesch Regierung huet am Dezember mat Libyen e Militärofkommes ënnerzeechent, fir déi eege Positioun an der Regioun ze stäerken an den Europäer ze weisen, datt si hei beschtefalls nach eng ënnergeuerdent Roll spillen dierfen. Op där aner Säit hunn d‘Griichen an d‘Israelie – déi elo net déi beschte Frënn vun den Tierke sinn – sech op de Bau vun der Pipeline EastMed verstännegt.

En Accord dee fir déi energetesch Ofsécherung vun der EU net onerhieflech ass, awer ganz däitlech Ankara an de Sultan diskreditéiert. Dat war och en Zil, dat Bréissel verfollegt hat, wéi d‘EU-Ausseminister am Februar eng Missioun beschloss hunn, déi de Waffenembargo géint ebe Libyen sollt iwwerwaachen. Allerdéngs ass déi un der tierkescher Marine kläglech gescheitert.

Woubäi et natierlech elo och net ganz esou einfach ass, well wann een NATO-Partner op deen anere schéisst, kann d‘Situatioun séier onberechenbar ginn. Net ze vergiessen, datt de Recep Tayyip Erdogan eng Arméi u Flüchtlingen aus dem Äermel zéie kann, déi d‘EU-Länner net bei sech wëllen ophuelen. An esou huet d‘Tierkei ee groussen Aktiounsspillraum, dee voll a ganz ausgenotzt gëtt.

Eng Muechtdemonstratioun

Aktuell befënnt sech dat tierkescht Fuerschungsschëff „Oruç Reis“ a Gewässer déi vun Athen, also der EU beusprocht ginn. Wëll Ankara weess, datt dëst Fuerschungsschëff op där Plaz net gäre gesinn ass, d‘Tierken awer onbedéngt Lächer buere wëllen, fir un d‘Gasquellen erunzekommen, gëtt d‘Oruç Reis vu Krichsschëffer begleet. D‘Tierkei schéngt bereet et drop ukommen ze loossen.

 

Griichesch Krichsschëffer hunn zanter dem Méindeg, am Ofstand vu 15 Minutten, de Kapitän vum Fuerschungsschëff opgefuerdert d‘Regioun ze verloossen, ouni awer och nëmmen déi geréngsten Äntwert ze kréien. Dofir huet Ankara sech zu Athen gemellt, an de Griichen den Uerder erdeelt, hire „Festlandsockel“ verloossen. D‘Regioun géif den Tierke gehéieren, an d‘Griiche misste goen.

Elo ass dëse Konflikt net nei an net emol vum Sultan erbäigefouert ginn. Säit Joerzéngte streiden sech d‘Griichen an d‘Tierken iwwer territorial Uspréch, ouni dat et jeemools wierklech zu engem Konsens oder Kompromëss komme wier. De Recep Tayyip Erdogan, huet guer keen Interessi un enger gudder Bezéiung zu Europa, well déi den islamesche Schurkestaat net wëll bei sech ophuelen.

Nervös Fangere beim Ofzuch

Griicheland huet natierlech och net wëlles den Tierken d‘Feld ze iwwerloossen, firwat Athen elo kloer gemaach huet, datt si hir Souveränitéitsrechter wäerten ze verdeedege wëssen. Ankara hat dann och am Juli versicht bei Kreta no Äerdgas ze sichen, mee hei konnt duerch d‘Interventioun vu Berlin en handfeste Konflikt verhënnert ginn. An dësem neie „Fall“ dierft dat awer net esou lafen…

Hei stinn sech zwou Parteie géinteniwwer, an allebéid hu se de Fanger um Ofzuch. Dat si iwwert hir Memberschaft an der NATO eigentlech „Partner“ sinn, mécht et net besser a weist drop hinn, datt och dës Allianz streng geholl kee Sou wäert ass. D‘Tierkei, déi wirtschaftlech ugeschloen an a ville Konflikter en „aktiven Acteur“ ass (Syrien a Libyen) wëll weisen, wien hei eppes ze Soen huet.

Athen géif dat mat den Uspréch gäre virum internationale Geriichtshaff zu den Haag klären, mee dat wëll Ankara nees net. Den nationalistesche Gréissewahn vum Sultan, seng islamesch ëmmer méi radikal Haltung an den innepoliteschen Drock deem hien ausgesat ass, sinn net déi allerbescht Viraussetzungen, fir esou engem Dissens iwwer den diplomatesche Wee bäizekommen.

Den Äerzengel Emmanuel

Well sech Athen vun der EU-Kommissioun engersäits, an de Membere vum Staatebond anersäits, kaum Hëllef ze erwaarden huet, muss op bilateral Partenariater zréckgegraff ginn. Frankräich, ass och net erfreet iwwer de Beholl vun den Tierken an huet entgéint den Däitschen net esou grouss Wirtschaftsinteressen ze verdeedegen. Si stellen sech elo op d‘Säit vun de Griichen a maache mat.

Aus dem Elysée heescht et, datt de President Emmanuel Macron mat sengem griicheschen Homolog Kyriakos Mitsotakis telefonéiert huet, fir de Punkt zur aktueller Lag ze maachen. Heibäi wier ofschléissend decidéiert ginn, datt Paräis e Flotteverband an d‘Ägäis verleet, fir dem EU- an NATO-Partner de Réck fräi ze halen. An et handelt sech hei ausdrécklech net ëm ee Manöver.

De griicheschen Ausseminister Nikos Dendias, ee Personnage aus dem „Hardliner“ Milieu, huet och scho ganz kloer zum Ausdrock bruecht, datt seng Marine an d‘Arméi keng Angscht virun den Osmanen hunn. Säi Géigespiller, Mevlüt Cavusoglu, huet dës Ausso an d‘Lächerlecht gezunn an sengersäits ugekënnegt, datt hien nach bis Enn vum wäert Buerlizenzen an der Regioun verginn.

mat indymedia/ath/par/bru

Foto: Dat tierkescht seismologescht Fuerschungsschëff Oruç Reis, wëll bis zum 23. August 1.750 Meter Kabel an der Ägäis verleeën, iwwert déi Äerdgasquelle solle lokaliséiert ginn, fir dann éischt Testbuerunge virhuelen ze kënnen. © Cyprus Mail (courtesy)

Related topics Agäis, Gasquellen, Griicheland, Mëttelmier, Osmanescht Räich, Tierkei
Next post Previous post