Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck
Money Neiegkeeten

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer
Money Neiegkeeten

AVR zelebréiert de Weltdag vun de Verkéiersaffer

D‘Journée Mondiale du Souvenir des Victimes de la Route ass

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?
Money Neiegkeeten

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen

money

D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“

D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“

Wann de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ufänkt mat Bille gëtt et dofir ëmmer e gudde Grond. Hir lescht Kritik betrëfft de Konschtberäich an hei d‘Entreprise „den Atelier“ déi hiert Geld mat der Organisatioun a Gestaltung vu Concerte verdéngt. Datt „den Atelier“ strikt kommerziell ausgeriicht ass, dat ass bekannt, och der ULC. Mee elo schéngt et, si hunn de Bou iwwerspaant.

Zentrale Punkt vum Sträit: de Concert vu Rammstein dëse Samschdeg zu Réiser (do wou et soss de Rock-A-Field gouf). Hei huet en Ticket am Virverkaf 100 Euro kascht, an och wann dat elo bei der ULC net gutt ukënnt, déi wieren och bei 50 Euro méi pro Ticket, bannent wéinege Stonne vergraff gewiescht. Zu dësem Ticketspräis kommen dann nach 20 Euro Parking fir den Auto derbäi, mee et geet ee mat engem Shuttle op d‘Gelänn gefouert. Net grad bëlleg, mee et hëlt een et do wou et ass.

Datt ee beim Konsumenteschutz hei vun „Abzocke“ schwätzt ass absolut verständlech, woubäi ee bei allem berechtegte Protest, och Verschiddenes an dat richtegt Liicht stelle muss. Zum enge sollt een, wann een Wucherpräisser beklot, zumindest vergläichen, wat den Ticket bei engem Concert vu Rammstein am Ausland kascht, an aus Erfahrung ass gewosst, datt een am Ausland néierens méi, zum Ticket och eng Parkplaz kritt. Et dierf een och uféieren, datt déi Band net grad gënschteg ass.

Datt d‘Organisatioun vum Concert um Herchesfeld zu Réiser geplangt gouf, dat dierft an éischter Linn der Profitmaximéierung an der gréisserer Plaz geschëlt sinn. Datt dëse Concert näischt fir Frënn vum ëffentlechen Transport ass, kann een och net dem Organisateur virwerfen. Dat sinn alles Problemer déi – grad wann ee weess datt d‘Ticketen engem aus der Hand gerappt ginn – net „den Atelier“ beschäftegen. Déi interesséiert e Samschdeg nach just d‘Meteo an den Ëmsaz vum Béier.

Foto: Bei de Präisser déi „den Atelier“ fir de Rammstein-Concert kasséiert, hätt sech d‘ULC wuel eng aner „Fanger-Foto“ gewënscht. Mee Fans rechnen „anescht“, a fir e gäile Concert kënnen dann emol aner Rechnungen sech eppes gedëllegen. Et huet jo esou seng Prioritéiten am Liewen…

Ähnlech Sujeten Concert, Den Atelier, Konsumenteschutz, Rammstein, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel